"Bei ville Mënschen ass d'Verhältnes zur Autoritéit den eminentsten Zuch vun hirem Charakter. Sief et, datt si nëmmen dann eigentlech glécklech sinn, wa si sech enger Autoritéit fügen an ënnerwerfe kënnen, an datt desto méi rücksichtslos a streng dës Autoritéit ass, sief et datt si sech opleenen an trotzeg verhalen, esou bal si sech iergendenger Uerdnung füge sollen, a wier dës Uerdnung och déi vernünftegst, an déi zweckméissegst fir si."
Esou fänkt dem däitsche Psychoanalytiker a Sozialpsycholog Erich Fromm seng Introduktioun zur grousser empirescher Studie iwwer Autoritéit a Famill vun 1936 un.
E bësse méi spéit also wéi et de Wilhelm Reich zu Wien mat de Mëttele vu sengem eegene Verständnes vum Freud a vum Marx versicht huet, de Rapport tëschent Autoritéit an Nationalsozialismus ze erklären, huet sech zu Frankfurt e Grupp vu Chercheuren aus ganz verschiddenen Disziplinnen zesummegedoen, fir den nämmlechte Froen op de Fong ze goen. Dëse Grupp gouf ënner dem Numm Frankfurter Schule bekannt.
E kollaborativen, empireschen Effort
Wat de Reich am heroeschen Alleingang a mat deen eenzege Mëttele vu sengem Denken a senger klinescher Erfarung versicht huet, dat huet dëse Grupp an engem kollaborativen, empireschen Effort an d'Weeër geleet. An e wesentleche Rôle an der Aarbecht vun dësem Grupp huet den Erich Fromm gespillt.
Wéi de Reich hunn och déi Frankfurter geduecht, datt de politesche Succès vum Nationalsozialismus an den 30er Joren net nëmme geschichtlech, soziologesch a politesch ze erklären ass.
Fir datt eng gesellschaftlech Koherenz ka garantéiert ginn, brauch et engem fräiwëllege Matmaachen. Dohier dann och den Interessi un der Psychologie. Dat soll awer kengesfalls heeschen, datt den Nazismus soll op Psychologie reduzéiert ginn. D'Psychologie soll just een Deelaspekt vun engem komplexe geschichtlechen, sozialen, ekonomeschen a gesellschaftleche Phenomeen beliichten.
D'Verhältnes zur Autoritéit
Komme mer op dem Fromm säin Zitat zeréck: "Bei ville Mënschen ass d'Verhältnes zur Autoritéit den eminentsten Zuch vun hirem Charakter."
Dëst Verhältnes zur Autoritéit kann een an e puer verschiddenen Haltungen opdeelen: déi soumissiv, déi rebellesch, an déi aktiv autoritär. Déi dräi kommen an der Reegel gär bei der nämmlechter Persoun zesummen.
A genee dat Zesummespill vu Soumissivitéit, Rebellioun an Aggressioun ass et jo och, wat déi sougenannten "Radfahrermentalitéit" ausmécht. Den Heinrich Mann hat dat a sengem Roman "Der Untertan" op déi kuerz Formel bruecht: "wer treten wollte, mußte sich treten lassen".
Genee do setzt dem Erich Fromm seng Analys un. Et geet net duer d'Soumissioun just an eleng als Reaktioun op eng Angscht virun der Autoritéit ze deiten. Déi spillt zwar och ëmmer mat, mee donieft muss een och der Loscht an dem Pleséier sech enger stäerkerer, gréisserer, wichteger Persoun oder Saach unzeschléissen, Rechnung droen.
Hei kann de Fromm sech dann direkt op déi psychoanalytesch Erklärungsversich vum Masoschismus stäipen. Hien denkt dobäi manner un de Spezialfall vun der reng sexueller Preferenz, wéi un d'Iddi vun enger masoschistescher Charakterstruktur, wéi se vun der Psychoanalytikerin Karen Horney formuléiert gi war.
D'Upassung vun der natierlecher Triebstruktur
De Charakter ass an dëser psychoanalytescher Perspektiv ze verstoen, als d'Resultat vun der Upassung vun der natierlecher Triebstruktur un déi jeeweileg gesellschaftlech Bedingungen.
An engem gesellschaftleche Kontext, deen op kloer definéierten Hierarchië berout, speziell an enger patriarchalescher Famill, wou de Mann Här a Meeschter ass, an d'Fra, d'Kanner an d'Hausdéieren ze follegen hunn, léieren d'Kanner sech dësem Muechtverhältnis unzepassen. D'Schoul an d'Kierch droen och hiren Deel dozou bäi.
Hei léieren d'Kanner zwar d'Angscht virun der strofender Autoritéit. Mee si léieren och, wéi ee sech d'Léift vun dëser Autoritéit séchere kann. Si léieren, datt et Respekt an Unerkennung ëmmer da gëtt, wann een de Fuerderunge vun der Autoritéit nokënnt.
Denk- a Verhalensmuster
Aus der autoritärer Familljestruktur eraus - ech kann hei net op all d'Detailer vun der bal 1.000-Säite Studie iwwer Autoritéit a Famill agoen - entstinn en Rei vun Denkmuster, vu Verhalensmuster, vun Iwwerzeegungen an och vu Gefillsmuster, déi zu enger zesummenhänkender dynamescher Charakterstruktur zesummewuessen.
Charakteristesch fir en autoritär-masoschistescht Denken ass zum Beispill d'Iwwerzeegung an enger Welt vun onverännerbare Mächten ze liewen, deenen et sech unzepasse gëllt. Nëmme wie sech füügt a sech upasst, kann et zu eppes bréngen. Maach wéi d'Leit, dat geet et Dir wéi de Leit.
Mee dëse Rapport zur Autoritéit ass och ëmmer ambivalent. Dat heescht, et gëtt net nëmme Léift an Dankbarkeet fir de Staarken, mee och Haass an Opleenung géint hien. Bei der strikt autoritär-masoschistescher Dispositioun gëtt dësen Haass awer ënnerdréckt. Méi genee: e gëtt ëmgeleet op déi, déi méi schwaach sinn a verännert dobäi och seng Natur.
"No uewe Bockelen an no ënnen trëppelen"
Dat ass dat bekannt no uewe Bockelen - sech dem Här ënnerwerfen - an no ënnen trëppelen: d'Aggressivitéit, déi och géint den Här entsteet, awer sech do net ausdrécke kann, un deenen ausloossen, déi sech net wiere kënnen.
Hei sëtzt déi dauernd Loscht vum autoritäre Charakter, déi Ënnergeuerdent, no allen Reegele vun der Konscht, esou dacks wéi méiglech, ze quälen. Déi Schwaach, dat si Fraen, Kanner, oder och Minoritéiten. Hei fënnt de Fromm e gemeinsame psychologeschen Nenner beim Antisemitismus, beim Friemenhaass a bei der Misogynie.
Dësen Typ vu Charakter ass perfekt fir e Liewen an autoritären Institutiounen oder an autoritäre politesche Regimmer.