Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Autoritär

Déi autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Déi eigentlech autoritär Perséinlechkeet charakteriséiert sech duerch typesch Zich wéi d'Unerkennung vun der Gewalt, d'Spezifizitéit vun den Virurteeler, d'Objektivéierung vun alle mënschlechen Bezéiungen, de Konventionalismus, dee sech als decidéiert Matmaachen a Kollaboréieren ausdréckt, an eng eegenaarteg Ich-Schwäche, déi sech an enger aggressiver Selbstbehaaptung kompenséiert.

auto_stories

5 min

Den Theodor W. Adorno. picture-alliance / dpa / Manfred Rehm

Et ass net esou, seet den Theodor Adorno an enger Konferenz aus den spéide 50er Joren, datt déi Leit, déi déi konservatiivst oder reaktionäerst Ideologien hunn, am meeschte zum Antisemitismus tendéieren. Déi, déi am meeschten zum Antisemitismus tendéieren, sinn déi, déi eng ganz spezifesch Perséinlechkeetsstruktur opweisen.

Dat ass déi wichteg Entdeckung, déi den Adorno aus de Resultater vun der empiresche Studie vun 1950 iwwer autoritär Perséinlechkeet gezunn huet.

Ënner de richtege gesellschaftleche Bedéngunge kënne rietsradikal Beweegunge sech also op déi Leit, déi psychologesch esou gepoolt sinn, verloossen. Mat Iwwerzeegungen an Ideologie huet dat also manner ze dinn.

D'Grondverfaassung vun autoritärer Perséinlechkeet

Natierlech kommen déi Perséinlechkeetstyppen net nëmmen an totalitäre Regimmer zum Ausdrock. Autoritär Orientéierunge fannen och am demokrateschen Alldag gutt hir Plaz.

Ech hat am leschten Episod eng Rei vu Syndromer opgezielt, déi den Theodor Adorno aus deem Material vun der Studie iwwer autoritär Perséinlechkeet distilléiert hat. Dës Kéier wëllt ech op de gemeinsamen Nenner vun deene Syndromer zeréckkommen: an zwar op d'Grondverfaassung vun autoritärer Perséinlechkeet.

1. Eppes wat ëmmer bei den autoritéitsgebonnene Perséinlechkeeten opfält, bemierkt den Adorno, ass, datt si déi Gewalt an deen Zwang, deen hinne vu baussen ugedoe ginn, sech selwer nach emol undinn. Psychoanalytesch ausgedréckt: déi ënnerdréckten Triebenergien trieden hei an den Déngscht vun deem, fir dee se ënnerdréckt ginn.

Den techneschen Term dofir, dee vum Freud senger Duechter - der Anna Freud - ageféiert gouf, ass dee vun der Identifikatioun mam Ugräifer.

Dee Phenomeen ass geleefeg, a mer kennen all déi eng oder aner Geschicht, déi eis zielt wéi streng de Papp, de Schoulmeeschter, de Paschtouer war, wéi dacks et Streech a Strofe gouf, mee wéi flott déi Zäit och war, a wéi vill all déi Strofen och souwisou verdéngt waren. Ech gouf zwar gequäält, mee dat war schonn an der Rei esou, an ech sinn haut dankbar dofir.

Dominant Virurteeler

2. En aneren eminenten Zuch vun autoritäre Perséinlechkeeten ass d'Stäerkt vun hire Virurteeler. Et handelt sech ëm eng Zort Virurteeler, déi keng Erfarung, kee Beweis oder Argument ausser Kraaft setze kann.

E markant Beispill koum an der Etüd iwwer autoritär Perséinlechkeet ëmmer erëm zum Virschäin, wann et ëm Auslänner goung. Fransousen, esou en Här, si liddereg an dreckeg. Hie wollt eemol a Frankräich an d'Vakanz fueren, mee dunn huet hien héieren, datt d'Toiletten a Frankräich ëmmer gräisslech wären. Dunn huet hie seng Vakanz ofgesot.

Op d'Fro hin op hie Fransouse kenne géif, huet hien awer och geäntwert, dat hie wuel e puer Fransouse kennt, an datt déi ëmmer propper a fläisseg waren. Déi wierklech sinn also de Contraire vun deenen aus sengem Virurteel. An déi eegen Erfarung an der Realitéit ännert glat a guer näischt un esou Iwwerzeegungen. Dat nämmlecht ass am Antisemitismus de Fall. Dofir huet den Adorno ëmmer erëm behaapt, datt den Antisemitismus vun den Nazien eigentlech näischt mat den wierkleche Judden ze dinn hat.

Aus deem Gronn ass et meeschtens onméiglech un esou Persoune mat Diskussiounen erunzekommen. Si wëssen hiert schonn, an esou guer wann hir eegen Erfarunge vun der Realitéit deem net entsprécht, wat si gleewen, gleewen si et trotzdeem.

Eng objektivéiert Welt

3. En drëtten Aspekt vum Autoritären ass, dat si d'Verdénglechung vun der Welt verënnerlecht hunn, a si dann nach emol a sech selwer reproduzéieren. Verdénglechung oder Versaachlechung ass e marxistesche Begrëff dee beschreift, wéi déi mënschlech Verhältnesser am Kapitalismus zu Verhältnesser tëschent Saachen, tëschent Wuere ginn. Et kéint ee soen: hei schéngt alles objektivéiert, alles kal an no Reegelen organiséiert.

Déi ënner Verdénglechung dréckt sech dann duerch eng ënner Verhäerdung a Rigiditéit aus, eng Keelt géigeniwwer anere Mënschen, déi selwer just nach wéi Saachen ouni Liewen erschéngen.

En extreemt an erschreckend Beispill dofir fënnt een an den autobiograpeschen Opzeechnunge vum Rudolf Heß, dem Lagerkommandant vun Auschwitz. Dee schreift: "Kalt musste ich allen Vorkommnissen gegenüberstehen." oder "Ohne Erbarmen, eiskalt mussten wier so schnell wie möglich déi Vernichtung betreiben." An no senge Gespréicher mam Eichmann, schreift den Heß, kënnt him all Mënschlechkeet vir, wéi en Verrot um Führer.

D'Kompenséiere vun der Ohnmacht

4. Doru kann een och zum Deel schonn en aneren Aspekt vun der autoritärer Perséinlechkeet erëmerkennen, déi mer och mam Erich Fromm gesinn haten: d'Ich-Schwäche. Déi Schwächt charakteriséiert sech duerch d'Gefill, ohnmächteg an engem gréisseren Reegelwierk ze stoen, deem ee sech net entzéie kann. Also schéngt decidéiert Matmaachen déi eenzeg Léisung.

Duerch e komplett sech Ënneruerdnen ënner engem gréissere gemeinsamen Zil kann dës Ich-Schwäche a seng Ohnmacht, mat engem Gefill vu Stäerkt, Bedeitung an Iwwermuecht kompenséiert ginn. An där Ëmkéierung verwandelt sech d'Schwächt an eng onbaarmhäerzeg an aggressiv Selbstbehaaptung vis-à-vis vun deenen, déi schwaach sinn oder och nëmme schéngen.

De Konventionalismus vum Autoritäre versteet sech domat och scho bal vum selwen. Konventionalismus ass eng Aart bei allem sozial Unerkannte matzemaachen.

5. Bleift nach e leschten Aspekt vum Autoritären: déi autoritär Aggressioun, besonnesch am Fall vun toleréierten Exzesser. Autoritärer kënnen immens fein a soumissiv sinn, bis dann eng Autoritéit et hinnen erlaabt, sech goen ze loossen. Da kann de ganzen Haass, déi ganz Wut an Destruktivitéit sech explosiounsaarteg ausdrécken.

Dat wieren also, nom Adorno, déi fënnef Haapt-Perséinlechkeetszich vum Autoritären.