Waasser-Stress moosst d'Verhältnis tëscht der Demande an den erneierbare Ressourcen déi zur Verfügung stinn, sou de Rapport vum Welt-Ressourcen-Institut. Héije Waasser-Stress heescht deemno, datt op d'mannst 40 Prozent vun de Ressourcë verbraucht ginn. Vun 80 Prozent un ass rieds vun extreem héijem Waasser-Stress. Eng 25 Länner sinn dovu betraff - dorënner ënner anerem Saudi Arabien, Südafrika, d'Belsch a Griicheland. Am stäerkste betraff wieren d'Regiounen am Mëttleren Osten an an Nordafrika. Lëtzebuerg wier mat mëttelhéijem Waasser-Stress konfrontéiert, dat heescht 20 bis 40 Prozent vun de Ressource géife verbraucht ginn.
Waasserdemande huet sech a 60 Joer bal verduebelt
Wat de Verbrauch, an doduerch de Waasser-Stress méi héich ass, steet manner Waasser zu Verfügung fir Landwirtschaft, Industrie an de private Gebrauch. A schlëmmste Fäll kéint souguer kuerzzäiteg de Krunn zougedréint ginn oder politesch Onrouen entstoen.
An de leschte 60 Joer hätt sech déi global Demande no Waasser méi wéi verduebelt. Ursaache wiere beispillsweis de Populatiounswuesstem, d'Landwirtschaft, an d'Energieproduktioun. Wat d'Populatioun an d'Ekonomie méi séier wiisst, gëtt och d'Demande méi héich, esou d'Welt-Ressourcen-Institut.
Stied kënne sech adaptéieren
De Klimawandel géif de Waasser-Stress weider verstäerken. Bis 2050 kéinten nach eng Milliard méi Mënschen a sou Liewenskonditioune geroden. Dat an engem Zenario, an dem déi global Duerchschnëttstemperatur bis d'Enn vun dësem Joerhonnert net ëm méi wéi zwee an en hallwe Grad klëmmt. Eng optimistesch Rechnung also, sou de WRI.
Waasser-Stress misst awer net onbedéngt zu enger Waasserkris féieren, gëtt am Rapport ënnerstrach. Beispiller wéi Singapur a Las Vegas géife weisen, datt eng Gesellschaft och a waasserknappe Konditioune funktionéiere kann, wann Technike wéi Entsalzung a Waasseropbereedung, agesat ginn.
WRI: Probleemer si relativ käschtegënschteg ze léisen
D'WRI schreift am Rapport och, datt d'Léise vun dëse globalen Erausfuerderunge ronderëm d'Waasser guer net deier muss sinn, nämlech 29 Cent op de Kapp, pro Dag, tëschent 2015 an 2030.
De WRI ass eng international Fuerschungsorganisatioun där hir Fuerschung sech op d'Ëmwelt fokusséiert a mat privaten Done finanzéiert ginn, esou d'Institut.