Radioen

On air

De Weekend  |  Charlie Chaplin: De gréisste Komiker deen d'Welt gesinn huet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Chemsex ass net de Problem, mee e Symptom vun anere Problemer"

Drogen a Mënschen

"Chemsex ass net de Problem, mee e Symptom vun anere Problemer"

"Chemsex" ass net de Sex, bei deem ee sech filmt oder gefilmt gëtt, mee de Sex ënner dem Afloss vu bestëmmte psychoaktive Substanzen. Chem steet hei fir "Chemicals", also cheemesch Stoffer. Et ass e Begrëff, dee just an der Schwulenzeen gebraucht gëtt.

auto_stories

8 min

Méi genee gëtt "Chemsex" bei MSM gebraucht, also bei Männer, déi Sex mat Männer hunn. Gepräägt gouf de Begrëff 2001 vum David Stuart, deen zu dëser Zäit selwer déi bestëmmte Substanze consomméiert huet.

"De Begrëff Chemsex gëtt an der Reegel an der Schwulenzeen gebraucht, méi genee an der "hook up culture", wou Männer aner Männer ofschleefen an dobäi Droge consomméieren. Dat si Chrystal Methamphetamin, Mephedron, GHB/GBL. Chemsex gëtt genee vun dësen dräi Drogen definéiert a si hu Schwulesex phenomeenal verännert. Zanter ongeféier zéng Joer sinn dës Drogen an der sougenannter Schwulen-'hook up culture' an an der Grindr-Kultur, engem Datingportal fir schwul Männer, méi disponibel ginn."

Den Asaz vu Chems beim Sex kann dëse méi intensiv maachen, d'Hemmunge falen an dacks kann ee méi Deeg um Stéck.

Wéineg iwwer de Phenomeen Chemsex gewosst

De Phenomeen vu Männer, déi Sex mat Männer hunn an dobäi déi dräi genannte Substanze Chrystal Methamphetamin, GHB/GBL oder Mephedron consomméieren, gëtt et also schonn e puer Joer. Mee trotzdeem ass wéineg doriwwer gewosst.

"Es ist so, dass Männer, die Sex mit Männern haben ja eine vulnerabele Personengruppe für HIV und Aids sind, und diese Männer eben vor allen in Settings der Aidshilfen auftauchen und weniger in der klassischen Suchthilfe, die wir hier in Deutschland haben. Die MitarbeiterInnen der Suchthilfe wissen wenig über die Lebenswelt dieser Personengruppe, und auf der anderen Seite hatten MitarbeiterInnen der Aidshilfen wenig Hintergründe über Substanzkonsum.", seet den Dr. Daniel Deimel.

Den Dr. Daniel Deimel ass Professer fir klinesch sozial Aarbecht op der Kathoulescher Héichschoul an Nordrhein-Westfalen an am Däitschen Institut fir Sucht- a Preventiounsfuerschung. Hien ass och de Leeder vun der éischter German Chemsex Etüd, déi virun zwee Joer an Zesummenaarbecht mat der Universitéit Duisburg-Essen, dem LVR Klinikum Essen an der Deutschen Aidshilfe entstanen ass. Et wier noutwendeg gewiescht, méi iwwer de Phenomeen Chemsex erauszefannen.

"Wir haben durch die Praxis und durch BeraterInnen mitbekommen, dass es diese Lücken gibt und dass dieses Phänomen relativ neu ist. 2016 haben wir die erste Interviewstudie durchgeführt und haben das Phänomen zum ersten Mal hier in Deutschland beschrieben. Die Erkenntnisse, die wir aus dieser relativ kleinen Interviewstudie mit Chemsexusern durchgeführt haben, haben wir dann an einer grösseren Stichprobe validieren wollen, um zu schauen: Wie ist die Interaktion von bestimmten Phänomenen? Wie belastet sind diese Menschen? Welche Konsummotive spielen dort eine Rolle? In welchen Settings wird konsumiert u.s.w.'"

Dës Etüd gouf anonym an online duerchgeféiert. Eng 1.580 Männer, déi Sex mat Männer hunn, hunn un dëser Etüd deelgeholl. Dovun hat een Drëttel Erfarung mat Drogen, 280 Persounen haten donieft Erfarunge speziell mat Chems zu Sex.

Den Dr. Daniel Deimel ass de Leeder vun der éischter däitcher Chemsex Etude (Foto: Bente Stachowske)

D'Grënn fir de Konsum vu Chems si ganz ënnerschiddlech, weess den Urs Gamsavar. Hien ass Sozialaarbechter a Sexualtherapeut. Den Ament leet hien de Projet quapsss.

"quapsss bedeutet soviel wie Qualitätsentwicklung in der Selbsthilfe für MSM, die psychoaktive Substanzen im sexuellen Setting konsumieren."

Als Sexualtherapeut behandelt den Urs Gamsavar och verschidde Clienten aus dem Chemsex-Beräich. Déi meescht Männer consomméiere Chems beim Sex fir Spaass ze hunn, awer och fir d'Hemmungen ze iwwerspillen oder no enger stresseger Woch ze entspanen, seet hien. Dat confirméiert och d'German Chemsex Survey.

"Diese Konsummotive, die dort eine Rolle spielen, sind eine spezifische Form von Sexualität auszuleben. Also bestimmte Fantasien auszuleben, ein intensiveres sexuelles Erleben zu haben oder eben auch längere Zeit mit unterschiedlichen Partnern in einer Session Sex haben zu können. Dazu werden diese Substanzen sehr bewusst eingesetzt. Ein anderer Punkt ist, dass diese Substanzen ein Katalysator darstellen, die eigene sexuelle Identität ausleben zu können."

Problemer, déi eegen Identitéit auszeliewen

Am Gespréich mat TherapeutInnen wier erauskomm, esou den Dr. Daniel Deimel, datt vill Männer Schwieregkeeten hätten, hir schwul oder bisexuell Identitéit ouni Hemmungen auszeliewen.

"Diese Substanzen ermöglichen es dann befreiter Sex haben zu können."

An dësem Fall gëtt vun internaliséierter Homonegativitéit geschwat, also enger internaliséierter Ofleenung vun der eegener homosexueller Orientéierung. Heibäi kann et och zu schwéiere psychesche Belaaschtunge fir déi Concernéiert kommen, déi de Substanzkonsum fërdert an zilgeriicht agesat gëtt, esou den Dr. Daniel Deimel. Sexuell Minoritéiten hätten an hirem Liewe schonn dacks d'Erfarung gemaach, datt si ausgegrenzt an diskriminéiert ginn.

Sexuell Gewalterfarungen sinn awer och eng vun den donkele Säite vum Konsum vun haarden Droge beim Sex, seet de Sexualtherapeut Urs Gamsavar.

"Einerseits werden viele sexuelle Übergriffe gemeldet oder hinterher wahrgenommen, weil man drauf war und dem einfach zugestimmt hat und hinterher fühlt es sich einfach schlecht an. Oder ist einfach so über die eigenen Grenzen gegangen, dass man es nicht mehr einschätzen kann. Teilweise gibt es auch immer wieder Berichterstattungen, dass Leute, wenn sie überdosiert wurden oder überdosiert sind, dann auch vergewaltigt oder sexuell missbraucht worden sind und sie ihre Zustimmung gar nicht geben konnten," seet de Sexualtherapeut Urs Gamsavar.

Mee och ëmgedréit hätte verschidde Männer d'Erfarung gemaacht, datt si net méi richteg ageschat kritt hätten, wat hire Géigeniwwer wierklech wollt oder net. An deem Moment si si eventuell selwer zu Täter ginn an hunn duerno - nodeem si eniichter gi sinn - mat schwéiere Scholdgefiller ze kämpfen.

Als Sexualtherapeut behandelt den Urs Gamsavar och verschidde Clienten aus dem Chemsex-Beräich

"D'Droge sinn net de Problem per se"

Dobäi wier Chemsex net de Problem per se, huet den David Stuart, deen de Begrëff 2001 gepräägt huet, an engem Interview mat Visions of the dark gesot.

"Mir verstinn d'Drogen net richteg, déi ganz Welt versteet se net richteg. Chemsex selwer ass net de Problem, Chemsex ass e Symptom vun engem anere Problem, deen an der Schwulekultur existéiert. An de Grond wisou dat esou kontrovers ass, ass, well vill vun eis net iwwer dee Problem wëlle schwätzen. Et ass vill méi liicht ze soen: "D'Droge sinn de Problem. Et ass näischt falsch mat eis, et ass näischt falsch mat eiser Communautéit, et ass näischt falsch un deem Sex, dee mir hunn. Mir hu gekämpft, fir déi schwul sexuell Befreiung. Chemsex ass just d'Symptom. Mir probéieren eppes domat ze heelen, mat deem mir Schwieregkeeten hunn ëmzegoen."

Massive Konsum vun Chems beim Sex kann och dozou féieren, datt ee Sex ouni Chems einfach net méi gutt fënnt.

"Ein Klient von mir hat das mal sehr passend beschrieben. Der meinte zu mir: 'Urs, nüchterner Sex fühlt sich für mich mittlerweile an, wie ein abgestandenes Bier, welches drei Tage offen in der Sonne stand'," seet den Urs Gamsavar.

Speziell Berodungsstelle géifen hëllefen iwwer de Konsum vu Substanze beim Sex opzeklären. Hei zu Lëtzebuerg kann d'HIV-Berodung vum Roude Kräiz hëllefen, méiglech sinn awer och online Berodungsstellen iwwer Chat oder Email. Donieft wier awer och ze betounen, esou den Urs Gamsavar, datt net all Konsument, dee psychoaktiv Substanze consomméiert, direkt ofhängeg gëtt. Et misst ee sech selwer froen, wisou ee consomméiert, a wat déi verschidde Substanze mat engem maachen. Dozou den Urs Gamsavar: Wou leien engem seng perséinlech Grenzen, kann een eniichtere Sex nach genéissen, wéi eng Substanze consomméieren ech, a wéi geet et mir duerno? Dat si Froen, déi ee sech selwer ka beäntwerten.

"Es gibt ganz viele Indikatoren, auf die man dann achten kann. Wo stehe ich gerade und wie steht es um meine Gesundheit, psychisch als auch physisch?"

Méi divers an differenzéiert Konzepter fir d'Suchtaarbecht

Fir besser ze hëllefen, wann de Konsum vun Drogen zum Problem sollt ginn, wier eng méi divers Suchthëllef noutwendeg, seet den Dr. Daniel Deimel vun der Kathoulescher Héichschoul Nordrhein-Westfalen. Dës misst vill méi divers ginn a méi spezifesch Konzepter fir verschidden Zilgruppe missten ugebuede ginn, mat deenen een an der Suchthëllef Kontakt huet.

"Wir müssen uns überlegen, was die Lebenswelt von schwulen und bisexuellen Männern ist, von MigrantInnen oder von Menschen, die eine geistige Behinderung haben und Substanzen konsumieren."

Géif een alles dat méi differenzéiert betruechten, géif ee séier feststellen, datt een d'Konzepter vun der Suchtaarbecht misst weiderentwéckelen.

"Das ist die Zukunftsaufgabe."

Do dernieft misst weiderhin un der Antidiskriminéierung vu sexuelle Minoritéite geschafft ginn. Eppes, wat schonn an der Kandheet an an der Jugend ufänkt. Dofir misst ee sécher Plazen zur Verfügung stellen an zwar flächendeckend.