Radioen

On air

Concert  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

Autoritär

Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

No baussen ass en autoritäre Charakter liicht ze klassifizéieren an ze beobachten. Mee domat ass nach net erkläert, wéi e vu banne funktionéiert. Wéi tickt also eng autoritär Perséinlechkeet. Den Erich Fromm stäipt sech, bei dëser Erklärung, zum groussen Deel op dem Freud seng psychoanalytesch Theorie. Déi deelt d'Séil no verschiddenen, charakteristesche Funktiounen an. Den autoritäre Charakter weist eng spezifesch, originell Strukturatioun vun dëse psychesche Funktiounen. Am véierten Deel vun eiser Serie "Autoritär" analyséiert den Thierry Simonelli den autoritäre Charakter also vu bannen.

auto_stories

4 min

Thierry Simonelli

"Bei ville Mënschen ass d'Verhältnes zur Autoritéit den eminentsten Zuch vun hirem Charakter.", hat den däitsche Psychoanalytiker Erich Fromm 1936 geschriwwen. Dat wier eng kuerz Definitioun vum autoritäre Charakter.

Dat Autoritäert am autoritäre Charakter ass also net am direkten, einfache Sënn ze verstoen, datt et just drëm goe géif, Autoritéit auszeüben. Dat Autoritäert am autoritäre Charakter soll als Referenzpunkt gëllen, zu deem et verschidde Positioune ginn. Sech selwer autoritär behuelen ass eng vun deene Positiounen. Eng aner ass et, sech enger Autoritéit ënnerzeuerdnen. An nach eng aner ass et, sech géint Autoritéit systematesch trotzeg ze verhalen.

Et kéint ee sech selbstverständlech nach aner Méiglechkeete virstellen, an och u Mëschunge vun deenen dräi Positiounen denken. De wichtege Punkt bleift awer bei all dëse Varianten, datt se haaptsächlech oder ausschliisslech duerch e Bezuch zur Autoritéit bestëmmt ginn.

Mer hunn et also hei, op där enger Säit, mat engem dynameschen an esouguer an engem gewësse Mooss flexibele Charakter ze dinn, dee fäeg ass, sech ganz verschiddene Situatiounen unzepassen. Op der anerer Säit sinn all dës Upassungen duerch e Verhältnes zur Autoritéit bestëmmt. Wann een dann, wéi de Wilhelm Reich dat gemaach hat, a wéi den Erich Fromm an och den Theodor Adorno dat maachen, déi autoritär Charakterstruktur am Zesummenhang mat enger bestëmmter Gesellschaftsform wëllt verstoen, da ginn d'Saache méi komplizéiert.

Konstant Vermëttlung tëschent onmëttelbare Bedierfnesser an Trieber

Fir op esou Froen äntweren ze kënnen, hunn d'Chercheure vun der Frankfurter Schule ronderëm den Erich Fromm op dem Freud seng Psychoanalys zeréckgegraff. Hir Iwwerzeegung war, datt een nëmme mat de Begrëffer vun der Psychanalys d'Komplexitéit vun engem dynamesche Charakter, deen a variabelem Rapport zur Gesellschaft an där e lieft entsteet an och evoluéiert, begräife kann.

Kucke mer eis dat an e puer groussen Zich un.

Wéi bekannt, war dem Freud seng Grondiddi, datt mir, wéi all biologesch Organismen, mat Bedierfnesser an Trieber gebuer ginn. Fir d'Befriddegung vun deene Bedierfnesser si mer op eng permanent Interaktioun mat eiser Ëmwelt ugewisen. A beim Mënsch ass dës Ëmwelt net einfach eng onvermëttelt Natur, mee eng komplex institutionell a symbolesch bestëmmte mënschlech Gesellschaft.

Dofir leeft de Stoffwiessel mat der Ëmwelt, esou biologesch en och am Grond ëmmer bleift, iwwer d'Vermëttlung an d'Verhältnis zu anere Mënschen. Fir datt dëst Verhältnis klappt, brauch et e laange Léier- an Erfarungsgsprozess, deen alles anescht wéi harmonesch ofleeft.

Well d'Upassung un dës Gesellschaft kënnt mat engem Präis: de Präis vu Bedierfnisser an Trieber, déi nëmmen op längeren Ëmweeër an nëmme partiell oder guer net kënne befriddegt ginn. D'Resultat vun deem individuellen Entwécklungsprozess féiert idealerweis zu engem dynameschen, an dat heescht och ëmmer erëm onstabillen Equiliber tëschent deene verschiddenen Uspréch vu bannen a Fuerderunge vu baussen. Fir deene multiple Widderspréch tëschent onmëttelbare Bedierfnesser an Trieber, op där enger Säit, an de Fuerderunge vun der Ëmwelt op der anerer Säit, huet de Freud déi mënschlech Psyche no verschiddenen idealtypesche Funktiounen opgedeelt.

Eng autoritär Erzéiung behënnert d'Entwécklung vum "Ech"

Een Ensembel vun dëse Funktiounen entsprécht de Bedierfnisser, déi Befriddegung verlaangen, een Ensembel representéiert déi verënnerlecht Fuerderunge vun der mënschlecher Ëmwelt, an eng aner Rei vu psychesche Funktioune vermëttelen tëschent deenen dacks géigesätzlechen Uspréch. Dës Vermëttler-Funktiounen huet de Freud, wéi bekannt, mam Numm "Ich" - den "Ech" - zesummegefaasst. Déi verënnerlecht Uspréch vum Milieu huet hien Überich genannt, an all déi Funktiounen, déi de Bedierfnesser an den Triebe entspriechen, huet hien "Es" genannt.

Déi psychesch Funktioune vum "Ech" sollen idealerweis fäeg sinn, wéi e gudden Diplomat, all déi widderspréchlech Ufuerderunge vu bannen a bausse mateneen ze vermëttelen, an ëmmer erëm Kompromësser ënner variabele Bedéngungen ze fannen.

An engem Ëmfeld awer, wou zum Beispill permanent Angscht entsteet, wéi et justement an enger strenger, autoritärer Erzéiung, oder an engem strikt hierarcheschen Ëmfeld mat Uerderen a Strofen geschitt, kann den "Ech" ni déi Enwécklungstuf erreechen, wou et em gelénge géif, gutt Kompromësser ze fannen.

Metaphoresch ausgedréckt kann et an esou engem Ëmfeld net zur néideger Ech-Stäerkt kommen. Fir seng Funktiounen da wéinstens deelweis ze erfëllen, muss e schwaachen Ech, ënner der Hemmung vun Angscht a Roserei, sech Hëllef bei enger staarker, baussen Autoritéit sichen: an der Famill, an der Schoul, an der Kierch, bei de Frënn a Frëndinnen.

Konsequenzen op den Überich

An engem bedréckende Klima vun Angscht a Gefor funktionéiert déi streng autoritär Persoun vu bausse wéi eng Krätsch, op déi den Ech sech stäipe kann, fir e Minimum vu psycheschem Equiliber oprecht ze erhalen.

No banne féiert dëst Verhältnes dann och zu engem iwwerstrengen, onbaarmhäerzegen a rigiden Überich, mat de permanente Virwërf an Onsécherheet. Och hei ass d'Verhältnis zu reale Persounen, déi all déi Qualitéiten - Stäerkt, Kontroll, Superioritéit - duerstellen, nëtzlech fir d'Ech-Funktiounen oprecht ze erhalen.

Dat war, kuerz gefaast, den dynamesche Fonctionnement vum autoritäre Charakter, wéi en den Erich Fromm aus enger grouss ugeluechter empirescher Studie iwwer d'Famill an d'Autoritéit gezeechent huet.