Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autoritär haut

Autoritär

Autoritär haut

Zanter 2002 gëtt e Grupp vu Chercheuren am Optrag vun der Friedrich-Ebert-Stiftung all zwee Joer eng grouss Etüd iwwer de Rietsextremismus eraus. Dës Studie situéiere sech op der Linn vun de grousse Studie vun der Frankfurter Schule. Si benotzen eng aktualiséiert Methodologie, fir esou wuel déi soziologesch wéi déi psychologesch Dimensioune vum Autoritarismus op d'Spuer ze kommen. An d'Resultater sinn erstaunlech.

auto_stories

5 min

Déi grouss interdisziplinär Studie iwwer déi autoritär Perséinlechkeet, déi an der Zesummenaarbecht vun der Universitéit vu Berkeley a vun der Frankfurter Schule 1950 erauskoum, ass séier an d'Kritik geroden. Wat sech selbstverständlech och fir eng wëssenschaftlech Studie esou gehéiert.

Fir laang Zäit huet sech du leider kee méi un esou eng komplex interdisziplinär Fuerschung erugetraut. Mee zanter zwee Joerzéngte gëtt et e Grupp vu Fuerscher, dee systematesch fir Friedrich-Ebert-Stiftung all zwee Joer eng Studie iwwer den Rietsextremismus an Däitschland verëffentlecht.

Eng aktualiséiert Method

Mat verfeinerte statistesche Mëttelen, mat besser ugeluechte Questionnairen, a mat aktualiséierten theoreteschen a begrëfflechen Instrumenter, hunn dës Fuerscher d'Konzept vum Autoritarismus a psychoanalytescher a sozial-psychologescher Perspektiv weidergeféiert.

D'Resultater vun dësen, an der Tëschenzäit 12 Studien iwwer 16 Joer eraus, erniichteren an erschrecken. Si weisen hanner de léiwen an agreabele Fassade vun eise Matmënschen e politescht Horrorkabinett.

Wat och iwwerraschend bei de Resultater vun all dësen 12 Studien ass, dat ass esouwuel déi statistesch Ausbreedung, wéi d'Aartevilfalt vum psychologeschen Autoritarismus.

Ouni elo op déi interessant methodologesch Detailer vu dësen empiresch-statistesche Studien anzegoen, wëll ech just e klenge Bléck op e puer interessant Resultater proposéieren.

Néng Variante vun autoritäre Syndromer

Aus der Evaluatioun vun de Questionnairë goufen dräi grouss Gruppe vu Syndromer eraus distilléiert, déi als Demokratesch, Ambivalent an Autoritär bezeechent goufen. Dës dräi grouss Gruppe kënnen dann nach jeeweils an zwou bis véier Ënnergruppen agedeelt ginn. Am Ganze ginn dat néng Variante vun autoritäre Syndromer.

De Generalklassement ass folgenden: d'Demokrate maachen 28,2 Prozent vun der Populatioun aus, déi politesch Ambivalent och, an déi Autoritär kommen op gutt 42 Prozent. An anere Wierder: wann een Drëttel vun der Populatioun als resolut demokratieorientéiert gëlle kann, dann ass eng kleng Hallschecht vun der Populatioun autoritär gepoolt.

Kucke mer eis also kuerz déi sympathesch Leit - statistesch also véier vun zéng an der befroter Populatioun - mat politesch autoritärer Haltung un. D'Auteure vun der Studie ënnerscheeden hei déi Ënnerwërfeg, eng nei-riets Funktiounselitt, paranoid Konformisten a verschlosse Konventioneller.

Déi zwou meescht vertrueden autoritär Gruppen an der Populatioun sinn déi nei-riets Funktiounselitte mat 12,9 Prozent a méi heefeg, mat 14,7 Prozent, déi paranoid Konformisten.

Funktiounselitten

Déi nei-riets Funktiounselitte setze sech zesummen aus Selbststänneger, mëttleren an héijen Ugestallten a Beamten. Mat e bësse méi Frae wéi Männer, bilden si e Grupp, deem et berufflech a wirtschaftlech gutt geet, an dee sech meeschtens kompetitiv am Beruff duerchsetze kann. Si presentéiere sech no baussen oppe an tolerant fir aner Meenungen.

Un hir Elteren erënnere si sech als léif Leit, mat deenen et bal ni Konflikter gouf. Si goufe vun doheem aus motivéiert ze reusséieren a setzen dat ideal an hirem Liewen ëm. Mee si wëllen och néierens unecken an hale sech soumissiv un Konventiounen an offiziell Meenungen. Si wëllen zwar en interessant Liewen, an deem si sech selwer realiséieren, mee si hunn och e grousst Bedierfnes no Sécherheet an en net manner grousse Respekt virun Traditiounen.

An u wat denken déi léif, oppen, anstänneg, produktiv a soss progressistesch Elitten am Walbüro? An Däitschland denke si haaptsächlech AfD an e bëssen CDU. Am Fong geholl fanne si de Prinzip vu rietsextremen Diktature guer net emol esou schlecht. Si hu kee Problem mam Nationalismus, mat Auslännerfeindlechkeet an Antisemitismus. Sinti, Roma a Mosleme ginn hinne guer net, mee ganz besonnesch Asylbewerber stoussen hinne sauer erop.

Eigentlech sinn dës Elitten dee Grupp, bei deem den autoritäre Syndrom am stäerksten ausgebilt ass. Och eng affirméiert Verschwörungsmentalitéit ass hinnen net friem. Si representéieren also dat, wat den amerikanesche Soziolog Seymor Lipset den Extremismus vun der Mëtt genannt hat. Historesch waren dat déi 40 Prozent Wieler vum Hitler aus dem Mëttelstand. Lauter gutt Noperen!

D'paranoid Konformisten

D'paranoid Konformisten, par konter, dee gréisste Grupp vun den Autoritären, hu méi en déiwe Bildungsniveau wéi hir Kolleegen aus de Funktiounselitten. Si si Fachaarbechter, mëttel, awer och bei hinne fënnt een héijer Ugestallter. Hirer Meenung no geet et hinne perséinlech am dem Land ekonomesch schlecht. Hir real berufflech Situatioun ass zwar där vun de Funktiounselitten änlech, mee si empfanne se komplett anescht.

Si fille sech ënnergebottert, ausgenotzt, ouni Méiglechkeet sech anzebréngen oder hir Meenungen ze soen. Si hunn déi eigentlech Radfahrermentalitéit: well si wëssen, datt si vun hire Superieuren ofhängeg sinn, loosse si hir Roserei an hiren Haass bei de méi Schwaachen oder Ënnergeuerdenten aus. Traditiounen a Konventioune sinn och fir si extrem wichteg, a wie sech de konventionellen Norme widdersetzt, gehéiert bestrooft. Contrairement zu de Funktiouns-Elitte situéiere si sech kloer an oppe riets.

Paradoxal ass awer hei, dat si an de Walurnen haaptsächlech SPD, also Mëtt lénks wielen an dann och e bëssen AfD. Chauvinismus an Auslännerfeindlechkeet gi kloer ausgedréckt. Islamophobie ass manner staark. Dofir Antisemitismus ëm sou méi, verbonne mat enger besonnesch staark ausgepräägter Verschwörungsmentalitéit. Dat mécht hire paranoide Charakter aus. Gewalt ass fir si e gutt a legitimt politescht Mëttel, a wa sech Geleeënheet dofir bidde sollt, si si gär dobäi.

Esou vill also zur Hallschecht vun eisen anstännege Matbierger.