Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ass et méiglech, datt d'Gesellschaft ee gerecht Matenee ka fannen?

Gedankespigel

Ass et méiglech, datt d'Gesellschaft ee gerecht Matenee ka fannen?

D'Mënschheetsgeschicht huet eis gewisen, mir brauchen ee politesche System, deen eis e Kader gëtt. Kann d'Demokratie iwwerhaapt Normen setzen, déi ouni Zweiwel fir Gerechtegkeet suergen? Oder bleift dat onméiglech festzeleeën, a mir dreeme just vu groussen Iddien? Demokratie tëscht Nihilismus an Humanismus, doriwwer huet sech d'Philosophin Nora Schleich Gedanke gemaach.

auto_stories

3 min

Bis elo huet d'Gesellschaft et nach net fäerdegbruecht, ee gerecht Mateneen ze fannen. Mir all hu verschidde Virstellungen dovun, wat wierklech gerecht ass an et kann ni ganz ausgeschloss ginn, datt et nach een "anert", ee "méi" gerecht gëtt. Dat huet de Rechtsphilosoph Hans Kelsen 1953 scho beschäftegt.

An der Demokratie soll d'Vollek bestëmmen. Wéi gesäit d'Rechtssetzung an deem Sënn am Bezuch op d'Gerechtegkeet aus? Ass alles relativ an domat e bëssen egal? Souguer nihilistesch? Oder lieft Dir awer humanistesch Wäerter, déi sech och demokratesch legitiméiere géife loossen?

Rigiditéit schued dem Wierke vum Mënsch

De Kelsen rullt mat den Aen. Et gëtt keng Rechtssetzung, déi et jeemools géif packen, een allëmfaassende, gerechte System op d'Mënschheet ze iwwerdroen. U wat dat läit, frot Dir Iech? Ma un de Limite vun eis Mënsche selwer. Kee ka generell wëssen, wat wierklech 100 Prozent gutt a gerecht ass. Sou kënne mir eis nimools sécher sinn, datt et net vläicht nach aner Facetten an Aspekter ginn, déi mir zwar bis elo net kennen, mee déi Wäerter an Norme bereet halen, déi eis besser verstoe loossen, wat "gerecht" ass.

Wierkt et net och op Iech befriemlech, wann een eng unique Leediddi, ee Gesellschaftsmodell, als "das einzig Wahre für die Gerechtigkeit", quasi absolutistesch, bestëmmt? Vun uewen erof diktéiert? Dës Rigiditéit schued dem Wierke vum Mënsch tel quel. Well, duerch wat stelle mir Wäerter an Normen an eisem Liewen hier? Ma duerch eis Handlungen, duerch déi mir am Liewe wierkend ginn.

D'gerecht Handlung kann d'gerecht Astellung bestëmmen

Also ass et wéineger eng Theorie, déi eng gerecht Astellung bestëmme kann, mee vill éischter d'gerecht Handlung selwer. D'gerecht Handlung kënnt also virum Begrëff "Gerechtegkeet".

An elo? Wann een näischt festleeë kann, kee gesellschaftlechen Ideal-Soll däerf opsetzen, féiert dat elo zu Fatalismus oder Nihilismus ?

Wa mer ganz éierlech sinn - bien au contraire !

Eng Perfektioun, eppes Absoluttes ze erreechen, dat geléngt eis Mënschen ni. Mir handelen ni perfekt, an dat hu mir all gemeinsam. Vläicht féiert ebe grad d'Nodenken iwwert dat eegent ongerecht Handelen zu enger méi grëndlecher Beuechtung vu Matmënschen an hirem Verhalen? Dat ass de Buedem fir all tolerant Astellung. Sou kritt een d'Bedierfnesser vum "aneren" Deel vun der Gesellschaft mol réischt mat.

Genuch Raum fir Demokratie

Och deen "Aneren" ass Deel vun eisem System, engem System, wou mir selwer och dacks "déi Aner" sinn. Bleiwen Normen & Wäerter also onbestëmmt, kann d'Demokratie sech selwer an enger praktescher Dynamik weiderentwéckelen. Beuechte vum Géigeniwwer, Hannerfroen, Diskutéieren.

Mir brauchen also Fräiheet, an net Rigiditéit a starr Struktur am Wäertesystem. Dat ass eng modern & flexibel, humanistesch Perspektiv vun der Demokratie. A wann mir gutt kucken, stelle mer souwisou scho fest, d'Mënschen erkennen Ënnerscheeder a Gemeinsamkeeten ënnertenee souwisou, a benotzen se vu sech aus, fir eist Mateneen ze bewäerten.

Wann d'Wäertsetzung, also d'Moral, relativ ka sinn, dann huet d'Entwécklung vun der Demokratie genuch Raum.

Mir brauchen ee pragmatesche Fräiraum

An dann, sou de Kelsen, kann een eegent Verständnis vun enger demokratescher Gerechtegkeet entstoen. Also eeben net, wann vereesäitegt Rechtssystemer d'Vollek aschränken.

Mir brauchen also ee pragmatesche Fräiraum a vill Loft fir Diskussioun. Ass et net grad d'Handelen an d'Beurteele vun eis all, wat duerch "kratos" an "demos" soll beschriwwe ginn?

Op dem Kelsen seng Iddi Friichten droe kéint, weess ech elo net direkt, mee mir kënne jo mol driwwer diskutéieren.