Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2022 war dat wäermst Joer vun allen Zäiten zu Lëtzebuerg

Meteo

2022 war dat wäermst Joer vun allen Zäiten zu Lëtzebuerg

2022 war dat wäermst Joer zanter den Ufank vun den Opzeechnungen. Silvester war et op der offizieller Wiederstatioun um Findel dee wäermste Joreswiessel bis ewell. Erklärunge vum Philippe Ernzer.

auto_stories

4 min

De Philippe Ernzer ass Hobbymeteorolog

Luc Melsen: Am Joer 2022 waren eng Partie Rekorder gefall - de wichtegsten dovu war schonn am Viraus denkbar.

Philippe Ernzer: Jo an ech denken, dass een sech scho virstelle kann, wéi een dat ass. No villen iwwerduerchschnëttlech waarme Méint am leschte Joer louch d'Léisung direkt no, dass et mat Sécherheet scho mol eent vun de wäermste Joren zanter Opzeechnungsufank géif ginn.

Wéi de staatleche Wiederdéngscht vun der ASTA awer elo matgedeelt huet, huet d'Joer 2022 et tatsächlech op déi éischt Plaz gepackt - et war dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank am Joer 1838. D'Moossrei geet also an Tëschenzäit iwwer 185 Joer, wat definitiv aussokräfteg ass.

Bei MeteoLux war et dat zweetwäermst Joer, bei AgriMeteo awer dat wäermst. Firwat ginn et dës Differenzen, obwuel et sech bei deenen zwee Déngschter ëm staatlech Institutiounen handelt?

Den éischte Punkt besteet doran, dass MeteoLux just iwwer eng eenzeg Referenzstatioun am Land verfüügt, an dës steet um Fluchhafen um Findel. D'Netz vun der ASTA besteet awer aus 36 Wiederstatiounen, déi eng vill méi grouss Fläch vum Land ofdecken. D'Statioun um Findel, also déi vu MeteoLux alleng ass also net wierklech representativ fir dat ganzt Land.

Den zweete Punkt ass deen, dass MeteoLux eréischt zanter 1947 mësst, AgriMeteo dogéint awer zanter 1838. D'Donnéeën iwwert de Klima zu Lëtzebuerg vun AgriMeteo hunn also däitlech méi Gewiicht. Mir hunn also keen eenheetleche staatleche Wiederdéngscht am Land, mee der direkt zwee - déi d'Saach scho mol zimmlech komplizéiert maache kënne wéi ech fannen.

Wéi hu sech déi eenzel Joreszäiten am Joer 2022 verhalen a wat huet se aussergewéinlech gemaach?

Op dat ganzt Joer gekuckt, ass 2022 eng Temperaturmoyenne vu genee 11 Grad gemooss ginn. Un de véier Referenzstatiounen aus dem Wiederstatiounsnetz vun der ASTA läit d'Moyenne normalerweis bei 9,7 Grad. Dat ass schonn e groussen Ënnerscheed. Wat de Reen betrëfft ass och e gréisseren Defizit opgetrueden: Vu soss normalen 834,4 l/m² sinn am vergaangene Joer 716 l/m² erofkomm.

De Wanter war 1,3 Grad ze waarm, reentechnesch war et besonnesch am Südwesten an och am Nordosten ze dréchen. Am Fréijoer ass eng Temperaturanomalie vun tëscht +0,3 a +0,8 Grad opgetrueden, dobäi koum et och weiderhin zu gréisseren Nidderschlagsdefiziter. Zu Kënzeg ass e Minus vun 112 l/m² registréiert ginn.

De Summer war den zweetwäermsten zanter 1838, dat mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 19,3 Grad. Et war de Summer mat de meeschte Summerdeeg (Temperatur >25°C) an och Hëtztdeeg mat Wäerter vun iwwer 30 Grad - zwee Rekorder also. A Saache Reen war et den dréchenste Summer zanter 1921 an de siwent-dréchensten zanter 1854. Zesumme mat der Hëtzt am Summer & der Dréchent zanter dem Mäerz war et iwwer d'Joer gekuckt déi stäerkst Dréchent bis ewell.

Den Hierscht war zesumme mat 2005 de véiertwäermsten zanter 1838, dat mat enger Moyenne vun 11,1 Grad. Verglach mat der Referenzperiod vu 1991-2020 leien d'Anomalien tëscht 1,3 an 1,6 Grad. Anescht wéi an den anere Méint huet et mat Anomalië vun tëscht 16,7 an 91,7 l/m² méi gereent.

Déi ze waarm Temperature si natierlech keng gutt Noriicht fir de Schnéi. Wat deet sech elo deemnächst zu Lëtzebuerg?

A nächster Zäit ginn d'Temperature mol a ganz klenge Schrëtt zréck - an zwar esou lues, dass een et bal net mierkt. An awer weist de momentanen Trend, dass mir bis an déi zweet Hallschent vum Mount eran an engem erëm normalen Temperaturberäich sollen ukommen.

Et gëtt awer e klenge Faktor, deen et eis immens erschwéiert, de Schnéi zréck op Lëtzebuerg ze kréien - nämlech den Jetstream. Den Jetstream ass e staarkt Wandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, un deem sech d'Héich- an Déifdrockgebitter orientéieren. Dëse Wandstroum verleeft, wéi och an de leschten Deeg schonn, och elo demnächst weiderhi quasi genee iwwert eise Käpp.

Dat heescht, dass et weiderhin zimmlech variabel bei eis heiheem wäert bleiwen. Well sech dësen Jetstream kréngelt a net wéi eng riicht Linn iwwert eis zitt, leie mir also heiansdo mol méi an erëm mol manner ënner Déifdrockafloss. Dat selwecht gëllt och fir d'Temperaturen: Den Trend weist zwar lues a lues no ënnen, an awer kënnt et zäitweis zu gréissere Schwankungen. Bleift dës Wiederlag bis Mëtt Januar oder driwwer eraus iwwert eis hänken, da sinn d'Aussiichten op bestännege Schnéi zimmlech schlecht.

Et ka mol sinn, dass et dotëscht kuerz kal genuch ass, fir dass et e bësse schneit - duerch den Jetstream awer gëtt deen kuerze gënschtege Moment awer schonn no kuerzer Zäit erëm ewechgeblosen an dann war et dat erëm mat deem bësselche Gewanters.