Radioen

On air

Al Schanken  |  Janis Joplin - Work Me, Lord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1940: "Freimachung des Landes Luxemburg von den Juden"

Zäithistoriker

1940: "Freimachung des Landes Luxemburg von den Juden"

Virun 79 Joer, de 7. November 1940, verléisst en Expulsiouns-Transport Lëtzebuerg a Richtung Lissabon. Déi 300 Judde ginn op der portugisescher Grenz ofgewisen an op Bayonne refouléiert. De Georges Buchler, Chercheur beim C2DH, kuckt op d'Virgeschicht vun dëser Ausweisung.

auto_stories

5 min

Déi "Freimachung" ass fir déi nei "Zivilverwaltung" eng Evidenz. Lëtzebuerg huet der Sprooch, dem Blutt an der Gesënnung no Däitsch ze ginn. Fir d'Judden heescht dat: Registréierung, Spoliatioun, Ausgrenzung. Den 12. September erfollegt dann den Ausweisungsbefehl. Innerhalb vu 14 Deeg sollen d'Judden d'Land verloossen, nach virum Ufank vum neie Joer no hirem Kalenner. Et kënnt net zur ugekënnegter Massenexpulsioun. Wéi an engem Memorandum vum Consistoire de 16. September virgeschloe gëtt, sollen déi 2.000 Judden um Wee vun der Zwangsemigratioun an Iwwerséi auswanderen. Esou een Transport vun 300 Männer, Fraen a Kanner verléisst Lëtzebuerg de 7. November 1940.

Zwee Momenter vun där "Freimachung" sollen hei méi genee beliicht ginn:

Den 18. August 1940 hëllefe Lëtzebuerger Polizisten an der Stad bei der Registréierung vun de Judden. Wat soen déi Rapporten a wat ass d'Situatioun vun deene Beamten, déi se schreiwen? Den Ausweisungsbefehl ass e Schock fir déi betraffe Famillen. Wat ass den Impakt vun der Expulsioun op déi jiddesch Leit? Demandë fir hei ze bleiwen erzielen dat.

Wat geschitt den 18. August?

41 Polizisten aus der Stad Lëtzebuerg kréien den Optrag vum Kommissär Jean-Pierre Kaiser, Strooss fir Strooss, déi jiddesch Awunner opzelëschten. Déi "Verzeichnisse" ginn den Numm a Beruff vum Chef de Famille un, an d'Zuel vun de Leit am Stot. Am ganze ginn esou 1.864 Persounen, déi als jüddesch ugesi ginn, opgelëscht. Eng 300 Leit ginn als "emigriert", "abwesend" oder "flüchtig" bezeechent.

D'Entête um Rapport erzielt eppes iwwer d'Situatioun vun deene Beamten:

Néng Rapporten droen als Virdrock "Verstaatlich[t]e Lokalpolizei, Polizei-Kommissariat der Stadt Luxemburg" an de Wope mat Léiw a Kroun. Op dräi vun dëse Rapporte gouf de Wopen awer duerchgestrach. D'Verbuet national Symboler ze benotzen, gëllt zanter dem 14. August. Véier Rapporte benotze schonn déi däitsch Bezeechnung "Stadt-Polizei Luxemburg". Zanter dem 15. August 12 Auer mussen dës Beamten den Hitlergrouss erweisen.

Wat de Kommissär Kaiser ubelaangt, wësse mer aus sengem Epurationsdossier, datt hien zanter dem 21. August 1940 Member vun der VdB ass. An engem Schreiwes vun 1941 seet hie selwer, hie wier schonn am Juli bäigetratt. De "Schriftverkehr" vun der Gestapo gëtt eis weider Informatiounen zu de "Verzeichnisse" vun de Stater Polizisten: den 22. August ass eben e "Verzeichnis" erwäänt, dat den Einsatzkommando vun der "Polizei-Direktion" iwwerbruecht krut. An déi Notiz steet ënner der Rubrik: "Freimachung des Landes Luxemburg von den Juden". Enn August ënnerschreift de Policedirekter Jean-Michel Weis den Opruff "Heim ins Reich". Hien trëtt den 1. Oktober an d'VdB a këmmert sech ëm d'Adhesioun vu senge Beamten, de 4. Oktober.

Deen zweete Moment ass den Impakt vum Ausweisungsbefehl

Dräi Farden am Fonds Consistoire enthalen, alphabetesch klasséiert, 127 Demandë fir kënnen hei ze bleiwen. Geschriwwe si se vun alen a kranke Leit oder vun hire Famillen. Adresséiert si se un de Consistoire, dee se un déi däitsch Autoritéite soll weiderginn: "Zivilverwaltung" a "Staatspolizei". Bei de Bréiwer leien eng 80 Certificaten, déi vun ëm 40 Dokteren ausgestallt sinn. Si verdeele sech an der Zäit vum 13 bis de 25. September. Wierder, déi fir d'Expulsioune gebraucht gi sinn: "Umzug, Verschickung, Auswanderung, Weiterwanderung, Auswanderungspflicht, Auswanderungszwang".

De Szija Felsen Poller aus der Stad mécht eng Demande wéinst sengem Meedche Jeanne, néng Joer al, dat grad eng schwéier Operatioun hanner sech huet. Hie freet, datt seng Famill bleiwe kann, bis dat Klengt sech erëm erholl huet. Am Fall wou dat refuséiert géing, freet hien, datt wéinstens d'Mamm bleiwe kéint. Hie géif dann eleng goen.

D'Gertrud Knina vu Miersch erkläert d'Situatioun vu hiren Elteren. Si hunn 84 an 81 Joer: "Meine Eltern verlassen zu müssen, die ich durch so viele Jahre mit aller Liebe gepflegt, ist entsetzlich. Wären die Eltern nicht, würden wir gewiss nicht bleiben wollen, wenn man uns nicht will. Nur solange diese alten kranken Menschen noch leben, bitten wir inständig bei ihnen bleiben zu dürfen."

Wann een déi Gesuche chronologesch liest, weise se wéi d'Verhandlungen tëschent dem Consistoire an der Zivilverwaltung sech entwéckelen. Vum 16. September u gëtt vun enger Altersgrenz vun 68 Joer geschwat. Mee wat passéiert mat Koppelen, wou ee Partner méi jonk ass? Vum 19. September un erkläre Leit sech bereet, sech vun engem Dokter no-ënnersichen ze loossen, deen d'Zivilverwaltung ugëtt. Si wieren averstanen op déi Plaz wunnen ze goen, déi de CdZ hinnen uweist. Wichteg Bedingung gëtt, datt genuch eege Mëttel do si fir de weidere Liewensënnerhalt.

D'Elly Abendstern-Meyerhoff vu Wolz leet den 19. September der Demande fir hir Elteren e Bréif bäi. Si wëllt sécher goen, datt d'Demande net aus iergend engem Grond kéint verworf ginn: "Anbei übersende ich Ihnen das Gesuch für meine Eltern in der Hoffnung, daß ich es ordnungsgemäß aufgesetzt habe. Falls es den Erfordernissen nicht entspricht, benachrichtigen Sie mich doch bitte sofort telefonisch (die Auslagen erstatte ich zurück), da die Betreibung der Auswanderung von hier aus, wie Sie wissen, mit Schwierigkeiten verknüpft ist. Ebenfalls bitte ich herzlich darum, mich von etwa herausgegebenen neuen Verfügungen oder Möglichkeiten zu unterrichten."

A Baden an der Saarpfalz ginn am Oktober innerhalb vun e puer Deeg véiermol sou vill Judde wéi zu Lëtzebuerg liewen an d'onbesatent Frankräich expulséiert. Hei zu Lëtzebuerg gëtt am September eng Expulsioun brutal ageleet, wandelt sech awer dann an eng "Auswanderung" ënner der Kontroll vu Gestapo an CdZ, bezuelt vun de jiddesche Famillen. Och no der Bayonne-Kris, déi de Convoi vum 7. November ausléist, geet zu Lëtzebuerg d'Auswanderung weider, ënner dem neie Gestapo-Chef Hartmann. Bis Oktober 1941. Den Hartmann, sou seet de Christopher Browning, kënnt "from Eichmann's staff".