D'Rockband Francis Of Delirium ass nominéiert fir d'Music Moves Europe Awards 2022. Et ass fir d'éischte Kéier, datt Lëtzebuerg bei dësem Präis vertrueden ass.
"Et deet richteg gutt, déi Unerkennung ze kréien, fir déi Musek déi mir elo an de leschten zwee Joer gemaach hunn", seet d'Sängeirn Jana Bahrich. "Ech hoffen, datt dat bedeit, datt mir nach ganz laang domat kënne weidermaachen, an datt et eis geléngt fir méi eng staark Community opzebauen - zu Lëtzebuerg an dobaussen."
Der Jana Bahrich hiren ultimativen Dram: "Datt Lëtzebuerg dat nächst Island gëtt, bei allem wat mat Musek ze doen huet."
Wat ass dat fir e Präis?
Ënner de 15 Nominéierte wielt e Jury fënnef Gewënner aus, déi all Kéiers 10.000€ kréien. Den Haaptgewënner kritt zousätzlech nach 5.000€ Hëllef fir eng Tournée z'organiséieren. De Präis gëtt all Joer am Kader vum Eurosonic Festival iwwerreecht. Francis Of Delirium wäert den 20. Januar op Invitatioun vum radio 100,7 bei deem Festival optrieden.
D'Music Moves Europe Awards sinn e Präis vun der Europäescher Kommissioun fir populär Musek an zäitgenëssesch Musek. Et solle jonk Kënschtler dobäi ënnerstëtzt ginn, eng international Karriär opzebauen.
Zu de fréiere Gewënner vum Music Moves Europe Award gehéieren Artistinnen an Artiste wéi Stromae, Adele, Mumford & Sons, Dua Lipa a Rosalía.