Lëtzebuerg waart ongedëlleg op den ESC, an déi meescht wäerten och d’Daumen drécken, datt no der Halleffinall och d’Participatioun vu Lëtzebuerg un der grousse Finall vum ESC 2025 méiglech gëtt.
Et kritt een et net richteg ze paken
De 25. Januar dëst Joer ass der Laura Thorn hir Aventure Eurovision Song Contest mat der Victoire beim LSC, dem Luxembourg Song Contest an der Rockhal zu Esch, mam Titel "La poupeé monte le son" ugaangen. An domadder war kloer, datt si Lëtzebuerg bei der Final zu Basel am Mee vertrëtt.
An déi Wochen, déi d’Laura Thorn zënterhier erlieft huet, an och déi Wochen, déi nach virun hir leien, waren a wäerten ouni Zweiwel déi spannendst vun hirem Liewe sinn. An esou richteg realiséiert huet d’Laura Thorn et nach net.
"Ech weess net, ob ech et iwwerhaapt schonn ze pake krut. Et geschitt einfach esou vill, datt een net wierklech Zäit huet, sech ze zentréieren an ze soen: OK, dat geschitt grad wierklech. Mee jo, wat ass bis elo geschitt? Sou, sou vill: Vun Interview-Rendez-vousen bis Shootings, ronderëm reese fir d’Promotioun (...) an do dertëscht Prouwen. Also et ass net langweileg."
Dat sinn aner Dimensiounen
Den ESC ass hautdesdaags vill méi wéi just d‘Lidd, dat gesonge gëtt. Et ass eng Mega-Show, vollgepaakt mat visuellen an och soss techneschen Effekter. An dofir ass esou en Optrëtt och mat ganz vill Prouwe verbonnen, well wann een d’ESC-Bünen an de leschte Jore gesinn huet, da muss och der Laura Thorn hir Performance a Büneshow, déi dozou gehéiert, zimmlech intensiv preparéiert ginn.
"Absolut, dat ass tatsächlech alles scho gemaach ginn, well mir haten den 10. Mäerz eng riseg Deadline, wou mir alles hu mussen ofginn. Mat derbäi war och déi nei Choreografie. An déi Bün (zu Basel) aus esou grouss, datt mir richteg Schwieregkeeten haten, zu Lëtzebuerg e Sall ze fannen, fir dran ze prouwen, fir datt mir d’Moosse vun der Bün konnten drop anzeechnen."
Op der Musel louch d’Léisung
Déi ganz ESC-Ekipp huet zu Gréiwemaacher dunn awer eng Hal fonnt, déi grouss genuch war, fir d’Moosse vun der Baseler Bün méi oder manner reell kënnen ze simuléieren.
"Dat ass eng grouss Preparatioun. Zwou Stonne virun de Prouwe waren d’Ekippe vun RTL scho sur place, fir d’Bün um Parquet ze zeechnen, an déi ass riseg (...). Mir kënnen net an engem normalen Danzstudio prouwen. Dat ass net ze maachen. An déi éischt Deeg, wou mir d'Choreo geüübt hunn, do ware mir an engem normalen Danzstudio a mir hu mussen d’Performance a véier kleng Deeler schneiden, well s de all Kéiers hues missen no hanne réckele fir een neien Deel unzefänken, well et einfach ze kleng war."
Et ass eng ganz Organisatioun wann een déi dräi Minutte vu vir bis hanne wëll prouwen.
Déi Zäit als Dänzerin hëlleft
Zum Optrëtt gehéiert nieft dem Danzen och d’Presenz op der Bün an domadder verbonnen och d'Danzen, an do kënnt et der Laura Thorn sécher zegutt, datt si quasi hiert ganzt Liewe laang gedanzt huet, bis si eben op d’Uni gaangen ass an net méi esou vill Zäit dofir hat. Mee d’Laura Thorn huet tëschent 6 an 19 Joer intensiv gedanzt.
"Virun allem klassesch zu Schëffleng am Dance Elance, an ech hunn och ganz vill Concourse gemaach mat der CND. Als éischt vill a Frankräich, esou guer an Italien, an dunn ass d’CND op Lëtzebuerg komm an do hunn ech hei all meng Concourse gemaach. Dat heescht, datt ech ganz vill gedanzt hunn. Dat war eng grouss Passioun fir mech. Et war wierklech net just mäin Hobby niewendrun. Ech hunn ee Moment esou guer iwwerluecht, an déi Richtung ze goen."
Déi nächst Direktioun fir d‘Laura Thorn ass awer elo emol Basel, wou de Eurovision Song Contest 2025 iwwer d’Bün geet, an déi grouss Hoffnung ass, datt d’Laura Thorn mat hiren Titel "La poupeé monte le son“ de 17, Mee bei der Final am Fussballstadion vum FC Basel mat derbäi ass.