“SABLE, fABLE” ass de grousse Retour vu Bon Iver, mee awer keng ganz fuschnei Plack. Et ass eng Zort Duebelalbum, oder besser gesot een Album an zwee Deeler, den éischten Deel “SABLE” koum scho lescht Joer als EP eraus. Et sinn dräi Songs, déi zimmlech staark un den Debutalbum vum Justin Vernon aka Bon Iver erënneren.
Een Album voller Kontrast an Emotiounen
2007 huet hie mat “For Emma, Forever Ago” sech mat sengen traurege Folklidder en Numm als Indiedarling gemaach a gouf quasi zum Prototyp fir all Indiemuseker mat Flanellhiem a Beanie, déi sech an enger Holzhütt aspären, de Literaturklassiker Walden liesen an der Melancholie fräie Laf loossen.
Deemools war et e gebrachent Häerz beim Justin Vernon, haut ass et éischter eng psychesch Iwwerstrapazéierung, déi d’Introspektioun dreift. Besonnesch op SPEYSIDE setzt de Justin Vernon nees op vill akustesch Gittar, säin onverkennbare Falsetto an eng gutt Portioun Selbstzweifel.
De leschte Bon Iver Album?
Et ass eng Zort vertounte Katharsis, un där de Justin Vernon eis hei deelhuele léisst, well den zweeten Deel vum Album vu Pop, Funk, Soul a Gospel dominéiert gëtt, also wierklech e ganz staarke Kontrast. Den Justin Vernon sot dësen Album wier eng Zort Therapie fir hien. All déi Joren am Rampeliicht a stänneg op Tour hunn hir Spueren hannerlooss.
Dofir sot hien dës Kéier och Stopp a wëllt op eng Tour verzichten an huet souguer uklénge gelooss, datt dësen Album säi leschte kéint sinn. An “SABLE” ass dem Vernon no dann och aus dësem Gefill eraus entstanen, géint eng Mauer ze knuppen. Ganz zum Schluss vum éischten Deel heescht et “You can be remade” an effektiv ass den zweeten Deel dann och eng Zort Reinkarnatioun.
Bësse James Blake a bësse Prince
Net nëmme musikalesch ass déi zweet Partie vum Album däitlech méi optimistesch, och textlech, et geet hei virun allem ëm d’Hoffnung sech néi ze erfannen, al Verhalensmuster an Ängscht hannert sech ze loossen.
Sollt “SABLE, fABLE” da wierklech de leschte Bon Iver Album sinn, ass et op alle Fall e würdegen Ofschloss, dee vill Elementer vu senge Virgänger opgräift - d’Melancholie vum Debut, de Pop vum zweeten Disk oder och déi abstrakt, glitchy elektronesch Kläng vun Albe wéi “22, A Million” oder “i,i”. Mee natierlech hoffe mir drop, datt den Justin Vernon et sech nach eemol anescht iwwerleet an nach op mannst eng Plack noleet.