Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Sebastian Bach (arr. Ottorino Respighi) - Prelude a Fugue a Ré Majeur, (BWV 532), P 158, Fugue - Orchestre Philharmonique Royal de Liège, John Neschling (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Francis of Delirium vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic

Internationale Showcase Festival

Francis of Delirium vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic

Francis of Delirium vertrëtt Lëtzebuerg am Januar beim Eurosonic Festival. De radio 100,7 huet d'Rockband invitéiert. Et ass dee gréissten europäesche Showcase Festival. D'Museksbranche trëfft sech all Joer an der hollännescher Stad Groningen, fir nei Talenter ze entdecken. Fir Francis of Delirium kéint den Event e Sprangbriet sinn, fir hir Karriär op internationalem Niveau ze lancéieren.

auto_stories

2 min

"Ech muss mech dauernd pëtzen, fir ze gleewen, datt et wouer ass", seet d'Sängerin Jana Bahrich. E Freideg fänkt der Band hir éischt Tournée duerch Groussbritannien un, an am Mäerz 2022 geet et fir iwwer e Mount an d'USA.

Den Optrëtt um Eurosonic kënnt deemno fir Francis of Delirium genee zum richtegen Zäitpunkt. "Et ass wichteg, datt een als Band schonn eng gewëss Renommée huet, an datt een trotzdeem nach frësch um Marché ass", seet den Yves Stephany aus der 100,7-Museksredaktioun. Duerch Artikelen op renomméierten internationale Museksbloggen an Optrëtter bei Festivallen, wéi dem Reeperbahn Festival hätt d'Formatioun schonn déi néideg Opmierksamkeet vun de Professionellen aus dem Secteur.

Professionell encâdréiert

Déi Meenung deelt och de Zach Glavan, Responsabel fir de Volet Pop/Rock beim Lëtzebuerger Arts Council Kultur|lx. D'Band hätt am leschte Joer eng fantastesch Entwécklung gemaach. Si wiere bei engem brittesche Label gesigned ginn an hätten zwou international Booking Agencë fonnt.

Elo ass et un hirer brittescher Booking-Agence, fir d'Festivalen op de Concert vu Francis Of Delirium ze invitéieren. Och d'Ekipp vum Arts Counsil Kultur|lx wäert hir Kontakter mobiliséieren.

D'Band selwer ka sech doduerch beim Eurosonic ganz op hir Musek konzentréieren. "Ech hoffe just, datt mir e richteg formidabele Concert spillen, an datt wäerte vill Leit lauschtere kommen," seet d'Jana Bahrich.

Si géif sech awer wënschen, datt d'Band an den Nopeschlänner nach méi kéint Fouss faassen.

100,7 u Festival bedeelegt

Als Member vun der European Broadcasting Union ass de radio 100,7 um Festival bedeelegt. All Joer designéiert d'Museksredaktioun eng Band oder e Solo-Artist, déi beim Eurosonic kënnen optrieden.