Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däischteres ënner dem douce Klangteppech

Album vun der Woch

Däischteres ënner dem douce Klangteppech

Méi nodenklech a méi elektronesch wéi hiren Debut ass "My Soft Machine", den zweeten Album vun der brittescher Indie-Musekerin Arlo Parks. Wärend si an den Texter duerchaus schwiereg Sujeten uschneit, geet si musikalesch awer wéineg Risiken an.

auto_stories

3 min

"Collapsed in Sunbeams", den Debut vun der brittescher Musekerin Arlo Parks war 2021 den Album op deen sech jiddereen*t eenege konnt. E bësse retro war déi Plack, e bëssen elektro, e bëssen danzbar, e bëssen intimistesch, e bëssen Indie, e bësse Soul, vun näischt ze vill oder ze wéineg.

Zesummegehale gouf déi Mëschung vun der Arlo Parks hirer Stëmm, déi een direkt erëm erkennt, an déi dofir gesuergt huet, dass aus gefälleg net op eemol egal gouf.

2023 war et elo un der Zäit en Nofollger fir déi aussergewéinlech erfollegräich Scheif ze presentéieren. "My Soft Machine" ass iwwer eng Period vun 18 Méint entstanen, a verschiddene Studioen, mat verschiddene Museker*innen a Produzent*innen, ënner anerem dem Paul Epworth, deem scho mat der Adele hirem "Rolling in the Deep" en Hit gelonge war. Geschafft huet d'Arlo Parks ëmmer dann un hirer neier Musek, wann si net grad op Tour war oder soss en Engagement hat.

Vill Drock fir eng jonk Songschreiwerin vu grad emol Ufank 20, déi a kierzter Zäit vun enger villverspriechender Newcomerin zum Indie-Superstar gouf. Well si frou war, hiren Dram vun der professioneller Musekskarriär ze liewen, huet d'Arlo Parks, déi mat biergerlechem Numm Anaïs Oluwatoyin Estelle Marinho heescht, laang d'Zänn zesummegebass, bis et Enn 2022 net méi gaangen ass. Wéinst engem Burn-Out huet si hir Tour missten ënnerbriechen.

Esou douce wéi hiren Titel "My Soft Machine" ass déi zweet Plack dann och guer net. Oder besser gesot, ënner de gefällegen Arrangementer verstoppen sech zimmlech däischter Texter, déi engem villäicht eréischt beim zweete Lauschteren opfalen. Ënner deem mëlle Klangteppech dinn sech ëmmer erëm Ofgrënn op. Direkt am éischten Titel "Bruiseless" heescht et: "Almost everyone that I love has been abused, and I am included / I feel so much guilt that I couldn't guard more people from harm".

Géint déi séilesch Nout hëlleft d'Léift oder d'Frëndschaft. Net ëmsoss deelt sech d'Arlo Parks am Titel "Pegasus" de Mikro mat der Phoebe Bridgers, fir iwwer eng Bezéiung ze sangen an där ausnamsweis emol alles stëmmt, a wéi ongewinnt sech dat ufillt. Musikalesch ënnerscheeden sech Misär a Gléck op "My Soft Machine" net, béides kléngt änlech, méi elektronesch wéi um Debut, manner retro an domat och manner zäitlos. Nëmme ganz heiansdo stéieren e puer ongewinnte Kläng d'Harmonie, wéi zum Beispill déi verzerrte Gittarsakkorden op "Devotion". E puer méi där Iwwerraschungen hätten der Plack och e méi un Dynamik a Relief bruecht.

Villäicht erkläert sech d'Form awer och duerch de Fong: Wa schonn am Liewen alles drënner an driwwer geet, da soll wéinstens de Soundtrack dozou e gewëssenen Ausgläich bidden. An deen Usproch erfëllt "My Soft Machine" op alle Fall.