De wuel gréisste Succès an der Diskographie vum Eddie Chacon läit schonn e bëssi zeréck an zwar 1992. Deemools war hien eng Hallschent vum RnB-Duo Charles & Eddie, deene mam Song “Would I lie to you?” e groussen Hit gelongen ass. 1997 koum d’Trennung vum Duo an den Eddie Chacon huet sech aus dem Museksbusiness zeréckgezunn, huet als Creative Director an als Fotograf geschafft. Bis e beemol 2020 säi grousse Retour ustoung mam Album "Pleasure, Joy and Happiness".
De Chacon huet hei gefillsvollen a smoothen Neo-Soul presentéiert, wat sech och um zweeten Disk "Sundown" an eben och elo op "Lay Low" weiderzitt. Anescht wéi op de Virgänger souz hei awer net de John Carroll Kirby hannert dem Mëschpult mee den New Yorker Neo-Soul Artist Nick Hakim. Et ass awer keng grouss Progressioun oder Verännerung um Disk ze spieren, villméi bleift de Chacon sengem Stil trei. 8 Stécker, déi eng eegen Dynamik entwéckelen.
Méi reduzéiert a minimalistesch
Wat een allerdéngs mierkt ass, datt "Lay Low" musikalesch nach e Krack méi reduzéiert, méi minimalistesch geroden ass ewéi d’Virgänger. Zum Beispill den Track "Good Sun" mat sengem Metronom-Beat a Keyboard-Loops. Nëmme ganz seelen danzt um Album een Instrument aus der Réi. Villméi huet een d’Gefill, datt alles mat ugezunner Handbrems gespillt gëtt. An awer rullen déi aacht Stécker hei immens smooth an entwéckelen eng ganz eegen Dynamik.
Et ass Lo-Fi, et ass ganz reduzéierte Jazz, Soul a RnB mee et ginn och Stécker ewéi zum Beispill “Empire” wou et méi upbeat zougeet, wou Blosinstrumenter dem Chacon säi Falsetto droen an de Funk an den Drums stécht.
Sou smooth huel d'Apokalyps seele geklongen
Textlech setzt de Chacon vill op Repetitioun a One-liner amplaz ausgedeente Storytelling. Mee et geet hei ëm déi grouss mënschlech Gefiller, virun allem de Verloscht an d’Trauer awer och d’Hoffnung. De Chacon seet hie géing um Album ënner anerem den Dout vu senger Mamm verschaffen, déi virun néng Joer gestuerwen ass. Mat "Let you go" an "If I ever let you go" ginn et direkt zwee Stécker, déi sech eben ëm d’Lassloossen dréinen an och d’Verlaangen an d’Verlaangeren no enger Persoun oder méi einfachen Zäiten, wann déi donkel Wolleken am eegene Kapp ganz niddreg hänken.
Mat "End of the World", gëtt et nach e batterséissen dystopeschen Track, dee leider och zimmlech gutt bei d’Aktualitéit passt. Sou smooth huet d’Apokalypse seele geklongen.