D’Organisateuren halen sech dëst Joer mat Informatioune bedeckt. Wat fir déi grouss Show geplangt ass, bleift gréisstendeels geheim. Bekannt Perséinlechkeeten aus der ESC-Welt solle mat dobäi sinn. Moderéiert gëtt d’Show, wéi och schonn zejoert, vum Loïc Juchem a vum Raoul Roos. D’Gewënnerin vum leschte Joer, d’Tali, wäert och mat engem neie Lidd optrieden.
Zu de Kandidaten
3 Bands, 3 Sängerinnen an ee Sänger triede géinteneen un.
One Last Time an d’Rafa Ela waren och schonn d’lescht Joer an der Finall. Dobäi kommen nach de Luzac, d’Mäna, d’Laura Thorn, Zero Point Five a Rhytmic Soulwave. D’Musekstiler reeche vu Balladen iwwer Country, Rap a Pop bis hin zu méi modernen Téin.
Zum Voting
Aneschters wéi d’lescht Joer gëtt dëst Joer net a zwou Phasen ofgestëmmt, mee et gëtt direkt een einfache Voting. De Public an de Jury wäerte jeeweils 50 Prozent vun der Entscheedung ausmaachen. De Public kann online bis zu 100 Stëmmen ofginn, wärend Juryen aus 8 verschiddene Länner hir Punkten ofginn. All Jury besteet aus 5 Experten.
Zu der Lëtzebuerger Contributioun
Zejoert gouf et Kritik, datt net genuch Lëtzebuerger Songwriter am LSC involvéiert waren. Dëst Joer seet den Organisateur RTL, datt een et hikrut, méi déi Lëtzebuerger Contributioun ze promovéieren. Bei 5 vun de 7 Lidder hätte Lëtzebuerger matgewierkt. Nämlech bei Zero Point Five, One Last Time, Rafaela, Luzac a Rhytmic Soulwave.
D’Lidder vu Zero Point Five a vu One Last Time goufen awer a Songwriting Camps an der Belsch geschriwwe, dat heescht mat internationale Professionellen zesummen. Och d’Rafa Ela huet sech professionell Hëllef gesicht: Si ass bis a Schwede gereest, fir mat internationale Produzenten hiert Lidd ze maachen.
Bei der Mäna a bei der Laura Thorn ass et effektiv sou, datt d’Lidd scho fäerdeg geschriwwe war vun internationale Produzenten.
Dem Luzac säi Lidd ass zesumme mam Edsun an engem Songwriting Camp an der Rockhal entstanen, a Rhythmic Soulwave huet hiert quasi ganz eleng produzéiert, mat der Hëllef vun der Naomi Ayé, Finalistin vum leschte Joer a Schwëster vun der Sängerin vun der Band.
Den David Gloesener, Chef vun der Lëtzebuerger ESC-Delegatioun, huet säin Optimismus ausgedréckt, datt Lëtzebuerg geschwënn eng reng national Produktioun op d’Eurovisioun schéckt. Ob dat schonn dëst Joer de Fall ass, bleift ofzewaarden, mee d’Musekszeen hei am Land géif sech kloer an déi Richtung beweegen.
Zum Finanzement vum LSC
Den LSC gëtt vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert, genau sou wéi de ganzen Eurovisiouns-Projet. Et war vun der Regierung sou virgesinn, fir rëm beim ESC matzemaachen. An RTL krut den Optrag, dat ze hosten. Käschtepunkt fir dëst Joer läit bei 1,6 Milliounen Euro. Dat ass esou am Staatsbudget virgesinn.