Den éischte Januar 1975 op enger Party zu London: Hien, den Archie Jones, ass e wäisse Mann am mëttleren Alter, kënnt aus der Scheedung, huet e puer Stonne virdru probéiert sech d'Liewen ze huelen, ass onglécklech. Hatt, d'Clara Bowden, ass eng jonk schwaarz Fra, wonnerschéin, an onglécklech.
"She walked down the stairs in slow motion, surrounded by after-glow and fuzzy lighting. And not only was she the most beautiful thing he had ever seen, she was also the most comforting woman he had ever met. Her beauty was not a sharp, cold commodity. She smelled musty, womanly, like a bundle of your favorite clothes."
Kuerz drop ginn d'Clara an den Archie bestuet. Den Zauber vun deem éischten Treffen ass awer séier verflunn, d'Clara mierkt, datt den Archie léiwer mat sengem Kolleeg Samad Iqbal an de Café geet, wéi sech ëm hatt ze beméien.
Eng Frëndschaft, déi iwwer 30 Joer hält
Den Archie an de Samad waren zesummen am Krich - den Archie, e 17 Joer jonken Englänner, deen et gepackt huet, als Volljäreg duerchzegoen, de Samad, 19 Joer, aus dem Bangladesch. Wéi déi zwee gesot kruten, datt si eng Equipe wieren, huet den Archie seng englesch Manéiere vergiess an de Samad ugeglotzt - bis de Samad hien net méi ignoréiere konnt.
Samad: "My friend, what is it you find so darned mysterious about me that it has you in such constant revelries?"
Archie: "You what? Nobody, I mean, nothing - I mean, well, what do you mean?"
30 Joer méi spéit, déi zwee liewen zu Willesden Green, am Nordweste vu London. De Samad huet zwar am Bangladesch studéiert, muss awer zu London bei sengem Cousin am Restaurant schaffen. Allen zwee hu si Fraen, déi vill méi jonk si wéi si.
Den Archie an d'Clara kréien e Meedchen, d'Irie. De Samad an d'Alsana kréien Zwillingen, de Millat an de Magid. D'Clara an d'Alsana gi Frëndinnen.
"Not those kind of Indians ..."
"White Teeth" erzielt d'Geschicht vun deenen zwou Koppelen an hire Kanner. Den Archie Jones huet zwar eng schwaarz Fra a säi beschte Kolleeg ass aus dem Bangladesch. Mee de Samad an d'Alsana si fir hien "not those kind of Indians (as, in Archie's mind, Clara was not that kind of black)".
D'Irie Jones huet net hirer Mamm hir klassesch Schéinheet geierft, mee senger jamaikanescher Bom hir üppeg Figur an hat wëllt onbedéngt ofzehuelen. Hir Mamm probéiert him ze erklären, datt hatt gutt ass, esou wéi et ass.
"But Irie didn't know she was fine. There was England, a gigantic mirror, and there was Irie, without reflection. A stranger in a stranger land."
Déi zwee Iqbal-Bridder kéinten net méi ënnerschiddlech sinn - de Magid ass intellektuell, ka sech net mat sengem kulturellem Heritage identifizéieren a wënscht sech eng normal englesch Famill. Dowéinst schéckt säi Papp hien an de Bangladesch, hei soll hien traditionell erzu ginn. De Millat ass den typesche Bad Boy, fëmmt Gras, schléift mat ville Fraen. Déi duerchdriwwe Phas léist hien awer hanner sech, wéi hien de radikalen Islam entdeckt.
Theme sinn nach ëmmer aktuell
Duerch d'Liewe vun hire Personnagen exploréiert d'Zadie Smith Themen, déi haut nach genee esou aktuell si wéi 2000. Wéi eng Wäerter wëllt ee senge Kanner vermëttelen, wann ee si an engem frieme Land grousszitt? Wat heescht et, als Jonke mat Immigratiouns-Hannergrond am Westen opzewuessen? Wou fënnt een eng Connectioun, wann ee sech weder mat sengen Elteren, nach mat senger Ëmwelt an der Schoul identifizéiere kann?
D'Zadie Smith setzt sech mat Humor an Empathie mat dësen Themen auserneen. Si zeechent e liewegt Bild vun de Personnagen, déi u Leit aus hirem eegene Liewen inspiréiert sinn, a vu Willesden Green, wou si selwer an d'Schoul gaangen ass. D'Zadie Smith weist, wéi een dat Perséinlecht zum Politesche mécht.