Dem Arthur Unger seng Konschtwierker waren Inspiréiert vu senger Zäit am Kongo an a Westafrika. Hien war bekannt fir seng ganz speziell Technik an der Brandmoleréi, déi hie selwer "pyrochimiogrammes" genannten huet. Hie wier e ganz wichtege Kënschtler fir d’Lëtzebuerger Konschtwelt gewiescht, dee bis zum Schluss aktiv war, sou de Ruud Priem, Chef de Service vum Nationalmusée.
"Dass er sowohl auf Papier als auch auf Metall seine sehr persönliche Form und Expression gefunden hat, dass nur er so gemacht hat und damit auch sehr viele andere Künstler, glaube ich, in Luxemburg inspiréiert hat, ihren eigenen Weg in ihrer Sprach- und Ausdrockungsform zu finden. Die Werke sind manchmal sehr monumental, also sehr groß, aber manchmal auch sehr klein. Und das hat aber keinen Unterschied gemacht für die Qualitéit. Also seine Sprache, groß oder klein, war immer beeindruckend. Und da gab es auch einen schönen Katalog, eine sehr, sehr nette Zusammenarbeit. Das hat jeder in dem Museum eine große Freude gemacht."
Zejoert hat den National Musée eng Ausstellung mam Arthur Unger senge Wierker. D’nächst Joer géif een de Lëtzebuerger Konschtdeel am Musée néi gestalten an do géif dem Arthur Unger seng Konscht eng ganz wichteg Plaz kréien, sou de Ruud Priem vum Nationalmusée.
Hien huet och vill mat chineesescher Tusch op Pabeier gemoolt.
Aus dem 100,7-Archiv
De Joé Birchen hat déi rezent Ausstellung vum Arthur Unger am MNAHA besicht.
E längeren Interview mam Arthur Unger: