Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch-lëtzebuergesch Kënschtlerin Deborah de Robertis gouf a Frankräich ugeklot

Kultur

Franséisch-lëtzebuergesch Kënschtlerin Deborah de Robertis gouf a Frankräich ugeklot

Déi franséisch-lëtzebuergesch Kënschtlerin Deborah de Robertis gouf d‘lescht Woch a Frankräich formell ugeklot, wéinst fräiwëlleger Beschiedegung vu kulturelle Géigestänn. Dat huet de Procureur der Noriichtenagence AFP confirméiert.

auto_stories

1 min

D‘Deborah de Robertis hat ugangs Mee eng Aktioun am Centre Pompidou zu Metz revendiquéiert, bei där Aktivistinnen ënner anerem „MeeToo“ Sloganen op fënnef Wierker gesprayt haten. Dorënner d‘Bild "L'origine du monde" vum franséische Moler Gustave Courbet.

De Procureur huet nach preziséiert: D‘Deborah de Robertis wier ënnert Contrôle judiciaire placéiert ginn, an hätt ënner anerem verbuede kritt, am Departement Moselle als Kënschtlerin opzetrieden oder op eng Plaz oder an e Musée ze goen, wou Konschtwierker ausgestallt ginn.