Radioen

On air

9 bis 1  |  Claire Parsons - Falling Into You (Theme Song)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Um Ball - 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg"

Documentaire iwwer Fraefussball

"Um Ball - 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg"

Et geet ëm d'Geschicht vun de Pionéierinnen déi hei am Land an de 1970er Jore Fraenekippe gegrënnt hunn, an erzielt iwwerdeems d'Evolutioun bis hin zur rezenter Selektioun fir d'Weltmeeschterschaft. Sujeten si Gläichberechtegung, awer och d'Roll an de Stellewäert vum Fraefussball an eiser Gesellschaft. D'Natasha Ehrmann huet hinnen d'Fro gestalt, wat si mam Documentaire bewierke wollten?

auto_stories

3 min

De Fraefussball huet zu Lëtzebuerg eng Geschicht, just kennen déi mannste Leit se. Dat huet eng Partie Ursaachen. Virop e banal a sexistesche Grond: de Fraefussball als Konzept ass ëmmer nach net an alle Käpp ukomm.

Gläichzäiteg Zäitdokument a Bestandsopnam

Eng gesammelt Geschicht vum Lëtzebuerger Fraefussball gëtt et bis elo net. Den Documentaire "Um Ball" ass deen éischte Projet, dee sech mam beléiftste Sport zu Lëtzebuerg auserneesetzt. Et ass en Zäitdokument, eng Bestandsopnam vun de leschte 50 Joer. Een Documentaire, deen hëlleft ze verstoen, firwat de Fraefussball haut esou ass.

D'Journalistin Tessy Troes huet mat der Soziolinguistin Sarah Muller de Sujet recherchéiert a béid Frae sinn dofir 50 Joer zeréck an d'Zäit gereest. An d'Joer 1972, op Biissen, wou e Grupp jonk Fraen sech zesummegedoen huet, fir Fussball ze spillen. Och zu Monnerech an zu Nidderkuer goufen zu der Zäit Ekippe gegrënnt. D'Matcher sinn deemools virun engem Public ausgedroe ginn, deen d'Fraen net allze seriö geholl huet, iwwerdeems d'Dammen ouni Lizenzen oder Clibb, Championnater gespillt hunn.

Fir d'Realisatrice Tessy Troes ass et awer net nëmmen drëms gaangen, d'Geschicht vum Fraefussball ze erzielen:

"Fir mech ass et mengen ech den éischten Usaz, fir dem Fussball déi Geschicht ze ginn, déi e verdéngt huet. Du hues déi 50 Joer Geschicht, wou d'Leit sech dofir engagéiert hunn, a wou si selwer awer lo ni d'Relatioune gemaach hunn. Mee mir hunn et hoffentlech elo hikritt, datt d'Leit elo déi Relatioun maachen, an de Fussball als eppes méi wäerteges ugesinn ewéi virdrun."

Eng gemeinsam Passioun fir de Sport

70 Minutte laang suivéiert den Documentaire iwwer Extraite vun Zeitungsartikelen a Videomaterial d'Liewe vun dës Pionéierinnen um Terrain. Temoignagen, déi beleeën, a wéi wäit et deemools net vill Akzeptanz fir Fussballerinne gouf. Spréch wéi: "Elo kréie mir eppes ze laachen", oder "wëlls de dech net Heem hanner d'Kachdëppe stellen", waren Usus, an awer hunn d'Frae weider trainéiert, gespillt, am Bulli an de Wisen.

Datt si net eescht geholl goufen an offälleg Remarken ze héiere kruten, war hinnen egal. Si sinn hirer Passioun, dem Ball, nogelaf, a wollte ganz einfach Fussball spillen. Dacks mat net manner Engagement, Schweess a Kompetitiounsgeescht wéi d'Männer.

De Film weist och d'Versich am turbulenten éischte Véierelsjoerhonnert Fraefussball eng Nationalekipp ze grënnen, e BeNeLux-Tournoi a mam Progrès Nidderkuer eng Ekipp, déi jorelaang duerch d'Belsch an Däitschland fiert, fir iwwerhaapt kënnen e Fussballchampionnat ze spillen.

Vill huet sech geännert - awer net alles

Ufanks den 2000er kënnt et dann zu engem richtege Boom am Lëtzebuerger Fraefussball - mat enger historescher WM-Qualifikatioun 2021/2022, wou et Lëtzebuerg geléngt, dräi Matcher ze gewannen.

Wat huet sech dann an der Mentalitéit zanter de 1970er Joren verännert? Wéi kuckt d'Welt 2023 op de Fraefussball? Wat huet d'Pionéierinne gedriwwen, a wéi wäit si si Feministinnen? Dem Sarah Muller no hëlleft de Film dobäi, sech ee Bild vun der Evolutioun ze maachen:

"De Constat ass ganz fair, an dee seet, datt verschidde Problematiken iwwert déi d'Fraen aus de 70er driwwer geschwat hunn, awer nach an der enger oder anerer Form hautzedaags bestinn. Dat heescht vill Saachen hunn sech geännert, an aner Problematike sinn trotzdeem nach present, och wann se vläicht bëssen anescht sinn, mee si sinn awer nach do."

Op d'Fro, ob de Fraefussball eng Kéier dee Stellewäert wäert hunn wéi de Männerfussball, schwätzt d'Tessy Troes vun Hoffnungsschimmer, déi ëmmer nees opkommen:

"Ech war d'EM-Finall kucken d'lescht Joer an England. An ech muss soen, dee Match selwer war sou ee Moment, wou mir op deem Punkt waren, wou ee just iwwer Fussball schwätzt. Du has mam Wembley-Stadion ee legendäre Stadion, deen ausverkaaft war. Zwou Ekippen op engem immens héijen Niveau, an d'Supporter, déi alles ginn hunn."

De Film "Um Ball - 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg" leeft ab dëser Woch a ville Kinoen uechtert d'Land.