Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Startschwieregkeete fir d'Kabaisercher um Minett Trail

Konschtprojet

Startschwieregkeete fir d'Kabaisercher um Minett Trail

Zënter e puer Joer lafen d'Aarbechte fir am Süde vum Land eelef Hütten als Iwwernuechtungsméiglechkeete laanscht de Minett Trail ze bauen. De Projet "Kabaisercher", hätt solle mat der Ouverture vun der Kulturhaaptstad Esch2022 fäerdeg sinn. Bis ewell si réischt dräi Haisercher accessibel. Offiziell heescht et, datt d'Pandemie eng pénktlech Ouverture verhënnert huet.

auto_stories

3 min

An Zesummenaarbecht mat verschiddene Gemengen hätt ee Ruinnen zu Kabaisecher ëmgewandelt, seet d'Nora Peters.

Zënter längerer Zäit wier d'Enttäuschung bei de Leit grouss, well dëse Projet net fir d'Touristesaison fäerdeg war, sou d'Nora Peters. Scho vun Ufank un hätt net alles reiwungslos geklappt: De Pascal Zimmer, urspréngleche Gestionnaire vun de Kabaisercher, huet am Abrëll demissionéiert. Dono wier et schwiereg gewiescht ee Bedreiwer ze fannen, well een duerch pandemie-bedéngt Aflëss net wousst, wéini d'Kabaisercher fäerdeg wieren. Elo këmmert sech déi lëtzebuergesch Start-Up-Entreprise "Simpleviu" eëm d'Verwaltung vun de Gîten.

E Projet mat Schwieregkeeten

E Jury, mat ënner anerem dem Tourismusminister Lex Delles an der Directrice vun Esch2022 Nancy Braun, huet decidéiert wien als Architekt oder Architektin fir déi jeeweileg Kabaischen a Fro kennt. D'Hütte sollten, niewent hirer Funktionalitéit och duerch hier Originalitéit a kënschtleresch Detailer opfalen. Dowéinst hätt ee vun Ufank u wëlle Kënschtlerinnen a Kënschtler mat abezéien, déi d'Kabaisercher zu engem Konschtprojet maachen. Och wann dëse Projet net am Kader vun Esch2022 initiéiert gouf, sollt e parallel zum Kulturjoer lafen.

De Robert Garcia, Generalkoordinator vun dem Lëtzebuerger Kulturjoer 2007, souz och am Jury. Hie war ee vun den Initiateure vum Projet an huet d'Interesse vun der Ëmwelt-Initiativ "Minett Unesco Biosphere" vertrueden. Hien erkläert, datt dës Zesummenaarbechten net ëmmer ideal geklappt hunn, an am Laf vun der Zäit verschidde Persoune vum Projet ofgezu goufen.

"D'Kënschtler an d'Kënschtlerinne selwer, dat war ganz verschidde jee no Projet. Déi eng sinn do ganz gutt eens ginn, anerer do huet souguer d'Gemeng de Kënschtler, d'Kënschtlerin herno rausgeheit, well se net zefridde waren."

Fir eng pénktlech Ouverture hätt ee missten éischter ufänke mat plangen

Et wier en aussergewéinleche Projet fir Lëtzebuerg, deen d'Gemenge virun eng Erausfuerderung gestallt huet. Och wann d'Architektin oder den Architekt vun enger Jury ausgewielt goufen, wier de Bau vun de jeeweilege Gemenge geréiert ginn. Dat hätt awer groussen Uklang fonnt, well den Toursimusministère 50 Prozent vun de Käschten iwwerholl huet. Wärend dem plangen, hätte verschidde Gesetzer dëse Prozess deelweis gestoppt. Sou gouf dat ursprénglecht Konzept vum "Floater" zu Diddeleng, en Haische wat um Waasser schwamme sollt, duerch d'Naturschutzgesetz gekippt. Et huet ee misse Kompromësser agoen an d'Kabaischen op Péil stellen.

Fir eng pénktlech Ouverture parallel zu Esch2022 hätt ee missen ee Joer éischter ufänke mat plangen, sou de Robert Garcia.

"Bei deenen 11 Gemengen, sinn der dobäi, déi si besser opgestallt wéi déi aner, déi hunn e méi groussen technesche Büro, si méi dynamesch. Dofir koum et zu verschiddene Vitessen, wéi déi Kabaisercher festgeluecht si ginn. Am Réckbléck géing ech soen, datt mir als Jury einfach vläicht nach misse sechs Méint een dobäi hunn, den dat ganz e bësse koordinéiert."

Fir den nächste Summer prett sinn

Trotz dëse Startschwieregkeete wier de Robert Garcia houfreg op dräi héichwäerteg Kabaisercher déi bis elo accessibel sinn. Besonnesch de Floater zu Diddeleng hätt Elementer vun der Natur a vun der Industriekultur zu engem Gesamtkonschtwierk kombinéiert.

D'Ufro wier souwuel vun Awunner aus dem Land, wei och aus den Nopeschlänner immens héich. Et hätt een och d'Hoffnung, datt dëse Projet landeswäit Uklang fënnt, mee et géif ee sech lo mol ëm d'Ouverture vun den anere Kabaisercher këmmeren, sou datt se fir déi nächst Summersaison accessibel sinn.

Déi ganz Planifikatioun vun de Kabaisercher gouf och dokumentéiert an ass momentan op Panneauen an der Ausstellung "MinettRemix" zu Diddeleng an der Hall Fondouq ausgestallt.