Vum Claire Barthelemy, vu London
Ee ganzen Dag war d’Dana Margolin am Oktober am Büro vun hirem Label zu London an huet een Interview nom anere gemaach. Zanter Porridge Radio viru 4 Joer fir de Mercury Präis nominéiert gouf, ass et vir d’Grupp no uewe gaangen. Op den neien Album, “Clouds in the Sky They Will Always Be There for Me” huet d’Indie-Zeen a Groussbritannien sech gefreet.
Si ass immens stolz op den Album, seet d‘Danan Margolin am 100,7-Interview. Et wier dee beschten Album, deen d'Band bis elo gemaach huet an esou sollt et sech ëmmer ufillen.
Intensiv Emtiounen, déi een net verstoppe kann
"I’m sick of the blues, I’m in love with my life again" sou sengt Frontfra vu Porridge Radio an der éischter Single vum neien Album. Dësen Optimismus dauert awer net laang un, well et geet an deen anere Lidder gewinnt melancholesch weider. Dana Margolin seet, datt dësen Album an enger schwéierer Zäit geschriwwe ginn ass. Vun enger laanger Tournée a Bournout gepräägt.
Concerte vu Porridge Radio si ganz intensiv Evenementer. Dat läit net nëmmen un de verzerrte Gittaren, mee och un den emotionale Landschaften an hirer Musek. Op der neier Plack geet et ëm Relatiounen, déi zu Enn ginn, ëm Roserei a Verlaangeren. Ëmmer schéngt d’Stëmmung ganz no un der Explosioun ze sinn.
"Ech mengen do ass eng Oppenheet, wéi ech meng Emotioune fillen an ech kann déi net verstoppen. Ech kann och d‘Intensitéit vun deene verschiddene Saachen, déi ech erliewen, net verstoppen."
Musek war fir si ëmmer schonn ee Wee doraus ze kommen, a sech mat sech selwer auserneen ze setzen.
Ëmmer nach iwwerrascht
D’Dana seet awer, datt hir Concerte genau sou vun der Energie vum Publikum beaflosst ginn, wei vun hirer Stëmmung.
Obwuel si well vill international Concerten hannert sech huet, fënnt si et nach ëmmer iwwerraschend wei begeeschtert d’Leit op neie Plaze bei hire Lidder matsangen.
"Op all Concert ginn ech dovun aus, datt keen do ass. Ech weess, datt Lëtzebuerg kleng ass a mir waren nach ni do. Wann s de dann do bass an de Sall ass voll an d‘Leit sange mat. Dat ass een immenst Gefill."
Och déi Saache vu fréier gären hunn
Déi 4 Museker:inne vu Porridge Radio hu sech virun 10 Joer zu Brighton, enger Küstestad am Süde vun England, zesumme gedoen. An all deene Joren huet d’Dana Margolin als Musekerin vill bäigeléiert. Hire Stil huet sech entwéckelt a si ass vill besser am Schreiwe ginn, seet si.
Et gi Kënschtler a Museker déi vun hirem ale Material net mei sou begeeschtert sinn. D’Dana, wat och als Kënschtlerin schafft, gesäit dat awer ganz anescht.
"Heiansdo kucken ech mer déi Saachen un, déi mir virun 10 Joer, oder gëschter, gemaach hunn an ech hunn et absolutt gär."
Fir sou op säin eegent Wierk ze kucken, muss een och Matgefill mat sech selwer hunn. Dees huet si vill, fir hirt fréiert sech. Eng Persoun déi grad amgaange war rauszefannen, wat si maache wëll.
"Ech sinn immens houfreg op déi Persoun, déi net wosst wat si mécht an et awer gemaach huet:"
Vill waarden
Dës Gedold huet d‘Dana Margolin awer och wann eemol eppes schif geet op engem Optrëtt. An dat geschitt jo och all Museker:in iergendwann. Wichteg ass, datt ee säi Bescht gëtt, et seriö hëlt a sech der Saach unhëlt.
Porridge Radio ass also grad op hirer Europa-Tour an am Januar geet et da weider an d’USA. Wei kritt si Zäit rëm op deene Reesen?
"Ech hunn ee ganzer Kuerf mat Bicher am Van. Et verbréngt ee sou vill Stonnen den Dag domat ze reesen an dann op de Soundcheck ze waarden. Dann ass och sou vill Zäit tëschent dem Soundcheck an der Show. Dofir liesen ech immens vill."
Viru kuerzem huet si iwwregens ‘Ungeduld des Herzens,’ vum Stefan Zweig gelies, wat hir ganz gutt gefall huet. Ongedëlleg war d’Dana am Oktober och, sou kuerz virun der Tour.
D’Energie vun der Dana Margolin an hirer Band Porridge Radio kann een also de 17. Dezember an de Rotondë materliewen.