Radioen

On air

E-Lodie  |  Binary Phaze - A Place where Life Still Sparkles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: D'Power an der Lässegkeet

“My Method Actor” vun der Nilüfer Yanya

Album vun der Woch: D'Power an der Lässegkeet

“My Method Actor” heescht den drëtten Album vun der brittescher Musekerin Nilüfer Yanya, déi hei nees d’Gittar fir hire poppeg-soulegen Indierock auspéckt. Méi eklektesch a souverän ewéi seng Virgänger, beweist d’Yanya mat dem neien Disk, wéi vill Power an hirer Lässegkeet stécht.

auto_stories

3 min

D’Nilüfer Yanya huet sech an de leschte Jore jo e wéineg zu engem Indiedarling entwéckelt an hat och scho grousse Succès mat hiren zwee Alben. Ass den neien Disk “My Method Actor” dann elo de groussen Duerchbroch? Et wënscht een et hir definitiv. Et weess ee jo, wéi schwéier den zweeten an och nach den drëtten Album dacks ass. Et muss een de Spagat fannen, tëschent sech trei bleiwen a gläichzäiteg sech nei erfannen, an dat geléngt der Nilüfer Yanya hei perfekt. Indierock mat Soulafloss a Spuere vun Jazz an Trip-Hop sinn um Disk ze héieren. Dësen eklektesche Mix huet och schonn den Debutalbum “Miss Universe” 2019 gepräägt an och de leschten Disk “Painless” vun 2022, mee dës Kéier gëtt dat Ganzt awer mat enger nach méi grousser Portioun Lässegkeet, mat méi Confiance an och Nonchalance virgedroen. Och wot sech d’Nilüfer Yanya nach e Krack méi op eckeg a verdréinte Beats ze setzen, zum Beispill am Albumopener “Keep On Dancing”.

D’Nilüfer Yanya schafft zanter hirem Debut mam Produzent Wilma Archer zesummen, dee fir seng Hip-Hop- an RnB -Produktioune bekannt ass. An um neien Album souz hien net nëmmen hannert dem Mëschpult mee huet och matgeschriwwen an deen Afloss ass och däitlech erauszehéieren, notamment op Stécker ewéi “Keep on Dancing“.

Emotional Onmacht

“My Method Actor” ass een Album iwwer d’Erausfuerderungen an d’Konfrontatiounen am Liewen a virun allem an der Léift. Et kann een der Nilüfer Yanya nolauschteren, wéi si zum Beispill mat Selbstwäertproblemer réngt, oder mam Gefill enger anerer Persoun hëlleflos ausgeliwwert ze sinn. Am Song “Like I Say” spiert een dann eng richteg emotional Drénglechkeet an de Wierder vun der Musekerin, dat ganzt ënnerluecht oder éischter iwwerluede mat Gittaren, bei deenen d’Effektpedal mam Verzerrungssound bis hannenhin opgedréint gouf.

Eng réi a brut Kraaft an der Stëmm

Méi roueg geet et am Stéck “Binding” zou, eng Ode un den Eskapismus, un dat Gefill, sech einfach goen ze loossen. Et ass ee Lidd mat e wéineg surrealistesche Lyrics, déi abstrakt genuch bleiwe fir engem Interpretatiounsspillraum ze loossen. A virun allem weist sech hei, wéi vill réi a brut Kraaft an der Stëmm vun der Nilüfer Yanya stécht, déi och an den emotional opgeluedene Momenter eigentlech ni iwwer Zëmmertemperatur klëmmt.