Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lover, Other : Eng musikalesch Ëmaarmung

Album vun der Woch

Lover, Other : Eng musikalesch Ëmaarmung

Souleg, brachial a virun allem opulent - mat “Lover, Other” presentéiert d’brittesch Kënschtlerin Rosie Lowe een eklektesche Klangkosmos. “Lover, Other” ass den drëtte Soloalbum vun der brittescher Kënschtlerin Rosie Lowe. Op dësem wiesselt si vu gefillszartem Neo Soul op brachialen Indietronica ouni awer ze vill Kakophonie entstoen ze loossen. Als musikalesch Ëmaarmung bezeechent d'Rosie Lowe den Album a bei dësen doucë Songs wëll ee gäre Gebuergenheet an hirem Klangkosmos fannen.

auto_stories

3 min

Foto: Wikimedia Commons

D’Rosie Lowe ass schonn iwwer 10 Joer als Musekerin aktiv, huet e puer Alben hannert sech. Mat “Lover, Other” ass hir elo een Disk gelongen, dee vill Luef a positiv Kriticke konnt sammelen. Et ass definitiv ee maximalisteschen Album, dee wierklech vu senger eklektescher Klangpalett lieft. Indietronica, Pop, Neo-Soul, RnB, Nu Jazz, Breakbeat a souguer bëssi Bossa Nova sinn ënner anerem um Disk ze héieren. D’Rosie Lowe war zwar schonn ëmmer ee musikaleschen Tausendsassa, si brécht hei och net wierklech mat hirem Sound oder hirem Virwëlz, villméi ass et nach eng Erweiderung a Verdéiwung vun dësen. D’Virgängeralbe ware relativ opgeraumt, et ass hei wéineg aus der Rei gedanzt ginn an dat ass elo op “Lover, Other” anescht. Quasi mat all Song wiesselt d’Stëmmung an d’Klangtapéit. Den Album fänkt mat engem sakrale Chouergesang un, deen als Hommage un ee verstuerwene Frënd vun der Sängerin geduecht ass, direkt dono kënnt mat “Mood To Make Love” awer een immens sënnlechen Track, dee vun engem Lofi Piano Sample an der gefillszarter Stëmm vun der Rosie Lowe gedroe gëtt. Zwee Tracks méi spéit um Album, op “Bezerk” setzt dann ee brachiale Beat an, deen engem op enger gudder Anlag duerch de ganze Kierper fiert. Also een immens ofwiesslungsräichen Album, dee sech ëmmer nees an eng aner Richtung béit an dach onverkennbar bleift.

Een doucen, waarmen Album

D’Rosie Lowe weist sech op dësem Disk méi experimentéierfreedeg a verspillt. Wéi si selwer seet, hätt si bei dësem Album eng éischte Kéier kee perfektionisteschen Usaz gewielt, mee wier méi spontan an intuitiv virgaangen. Si hat e klengen, portaable Ministudio mat deem si duerch Europa gereest ass a verschidde musikalesch Frënn a Frëndinne besicht huet. Och benotzt si op “Lover, Other” hir Stëmm anescht wéi nach op der Virgänger. 2021 huet si mam brittesche Produzent Timothy Duval den Album “Son” opgeholl an hei nees geléiert hir Stëmm och als Instrument anzesetzen. Op “Lover, Other” wiesselt si ouni Effort tëschent Falsetto an enger méi déiwer, lasziver Stëmm oder manipuléiert dës mëttels Effekter, zum Beispill am Song “Don’t Go”. “Out of you” ass e Stéck, wat déi androcksvoll an ambitiéis Studioaarbescht vum Album ervierhieft an och dat bestätegt, wat d’Rosie Lowe kierzlech an engem Interview sot, nämlech datt dësen doucen a waarmen Album eng musikalesch Ëmaarmung soll sinn.