"La littérature est la preuve que la vie ne suffit pas", seet de Jean Portante a sengem neie Roman "Une dernière fois, la méditerranée". U sech wier domadder alles gesot, mee de Jean Portante huet méi ze soen. An dat gëllt och fir den James Leader, deem säi Gedichtband net ëmsoss "High Talk" heescht. Een Talk gëtt et awer och mat der Historikerin Renée Wagner iwwer hir Publikatioun: "Emanzipation und Antisemitismus". Et gëtt also vill ze soen an eiser Literaturemissioun "Déi wonnerbar VaLibrairie".