Radioen

On air

Notturno  |  Dillendub - Stromausfall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Reiseberichte" vum Siegfrid Unseld

Buchkritik

"Reiseberichte" vum Siegfrid Unseld

Joerzéngtelaang huet de Siegfried Unseld de Suhrkamp Verlag geféiert. Seng Reesberichter spigelen engersäits déi kulturell Vilfalt erëm, där hien op senge Reesen uechtert d'Welt begéint ass, anersäits gi si e beandrockenden Aperçu vun deem spannenden an dacks komplizéierten Ëmgang mat Autorinnen an Auteuren.

auto_stories

4 min

De Siegfried Unseld war 35 Joer al, wéi hien 1959 d'Nofolleg vum Peter Suhrkamp ugetrueden huet, dee krankheetsbedéngt de Fonctionnement vu sengem Verlag, deen hien 1950 gegrënnt hat, net méi garantéiere konnt. Den Unseld huet dëse Verlag 43 Joer laang, bis zu sengem Dout 2002, gefouert.

An där Zäit gouf et ee vun de bedeitendsten däitsche Verlagen, deen international héich geschat gouf. Nieft deenen insgesamt 16 Nobellaureaten, déi de Verlag am Programm gefouert huet, méi ewéi all anerer an Däitschland, goufe bei Suhrkamp d'Wierker ë.a. vum Hermann Hesse, Bertold Brecht, Max Frisch a Walter Benjamin, awer och vum Theodor Adorno, Max Horkheimer an Herbert Marcuse editéiert.

E representativen Apperçu

D'Reiseberichte vum Siegfried Unseld, déi elo an der Bibliothek Suhrkamp erauskomm sinn, weisen, mat wéi vill Fangerspëtzegefill an Ausdauer hien a véier Joerzéngten dësem Haus a sengen Auteuren eng international Renommee, an der Literatur déi gréisstméiglechst Wierkung verschaf huet.

De Raimund Fellinger, deen dëst Buch erausginn huet, war laang Jore Cheflektor bei Suhrkamp an huet do mam Uwe Johnson, Thomas Bernard a Peter Handke dräi vun de bedeitendsten däitschsproocheg Géigewaartsauteure betreit. Am Abrëll 2020 ass de Raimund Fellinger gestuerwen.

Vun deene méi ewéi 1.500 Reeseberichter, déi de Siegfried Unseld bis zum sengem Dout 2002 redigéiert huet, huet de Fellinger der 35 zeréckbehalen. E Choix, dee quantitativ geréng ass, deen awer e representativen Aperçu vun den Héisch- an Déifpunkte gëtt, déi dëse Verlag maassgeeblech gepräägt hunn.

Et sinn Temoignagen aus enger Zäit, déi vu wirtschaftlecher Opbrochstëmmung a vu politeschen Tensiounen ewéi dem kale Krich, den 68ger Onrouen an der Wiedervereenegung markéiert waren.

Eng mouvementéiert Zäit

Den Unseld hat sech zur Gewunnecht gemaach, vun de Gespréicher, déi hien ausser Haus gefouert huet, handschrëftlech Notizzen ze maachen oder Compte-renduen um Diktaphon festzehalen. Déi Berichter goufen ofgetippt an un déi Responsabel vun all Service verdeelt.

Intra muros ass de Verlagsmataarbechter keng Informatioun virenthale ginn. Dës intern Transparenz ass vu jiddwerengem vertraulech gehandhaabt ginn, schliisslech goung et dacks ëm perséinlech Ugeleeënheeten (ewéi z.B. Ierfschaften oder Autorerechter), oder ëm politesch heekel Themen.

Mouvementéiert war déi Zäit vun Ufank un an et kann een nëmme staunen, mat wéi enger Standhaftegkeet an Entschlossenheet den Unseld dem Uleies vun den Auteuren, déi beim Verlag ënner Vertrag stoungen, entgéintkoum a verdeedegt huet.

Eng kulturell Pluralitéit

Op senge Reesen duerch Europa oder op déi verschidde Kontinenter huet hien ni eng Geleeënheet ausgelooss, fir déi Responsabele vu anere Verlee ze treffen, mat bedeitenden Auteuren, oder mat jonke Schrëftsteller a Kontakt ze kommen, deenen hier Wierker am Virfeld villverspriechend an Erscheinung getruede sinn.

Seng Temoignagë si Bespriechungsprotokoll an Erliefnisbericht an engem. Si spigelen esouwuel déi kulturell Pluralitéit erëm, där hien an deene verschiddene Länner begéint ass, a si doen een Autorinnen an Auteure munchmol vun enger ganz perséinlecher a privater Säit hier kenneléieren.

Et war net ëmmer einfach fir hien, engersäits de Revendicatioune vu den Auteuren, an anersäits de Spillraum deen hien als Verleeër hat, gerecht ze ginn. Onstëmmegkeeten an imprevisibel Reaktioune vun den Auteuren hunn den Unseld ëmmer erëm un de Rand vun der Verzweiwlung an der Resignatioun bruecht.

Ee Sejour zu Lëtzebuerg

Am September 1991 koum de Siegfried Unseld vun Zürech iwwer Paräis op Lëtzebuerg. Zu Paräis hat hie sech mam Peter Handke a mam Paul Nizon getraff; am Café Deux Magots souz hien e puer Stonne mam rumänesch-franséische Philosoph an Essayist Emil Cioran zesummen.

Zu Lëtzebuerg ass den Unseld vum Flughafen aus direkt an d'Ambassade vun der Sowjetunioun, am Château de Beggen, gefuer. Hei huet hie sech mat deem kirgisesche Schrëftsteller Tschingis Aitmatow getraff, dee leschte sowjetesche Botschafter zu Lëtzebuerg.

Fir zeréck, hat den Unseld um Flughafen nach eng Entrevue mam "Michel Raus von CLT Multi Media Luxemburg, der mich dringend zu einer Vortragsveranstaltung Suhrkamp einladen möchte. De Michel Raus, Journalist, Literaturkritiker a Schrëftsteller, war bis 2010 och Mataarbechter op dëser Antenne.

"Reiseberichte" vum Siegfried Unseld aus der Bibliothek Suhrkamp gëtt en Abléck hanner d'Kulisse vun engem Verlag, deen déi däitschsproocheg Literatur nom Zweete Weltkrich entscheedend gestalt huet. Gläichzäiteg gëtt et e Bild vun engem Editeur, fir deen et net nëmmen "ëm dat eenzelt Buch [gaangen ass], mee [deen] déi literaresch a wëssenschaftlech Gesamtphysiognomie vu sengen Auteuren ze schätzen an ze fërdere wosst.