Text vum Nicolas Calmes
Den aachten Deel vun der Serie kann een in medias res, also an der Mëtt vun der Saach, genéissen. Déi siwen Deeler virdru muss een net gelies hunn.
Dem Lecteur gëtt et einfach gemaach; d’caniculär Géigend an d’Protagoniste Pierrot, Antoine an Emile ginn duerch narrativ Tricker clever presentéiert. Eng Journalistin erkläert am éischte Panel, datt d’Hëtzt am département nach ni sou schlëmm war, an interviewt den alen Äppelbauer François-Pierre Civrac, dee virun der Kamera traureg feststellt, datt hien ni de Fong vu sengem Weier konnt gesinn. Duerch d’Perspektiv vun der Journalistin kritt de Lecteur d’Welt an d’Personnage virgestallt - duerno kënnt si net méi vir.
Pierrot an seng Generatiounsproblemer
De Pierrot begéint een ënnerwee, op enger Gare, um Telefon mam Antoine. Hien erkläert, hie wéilt de 60. Gebuertsdag vun hirer Kannertheatercompagnie Le Loup en Slip op Kee Fall verpassen. Déi ganz Geschicht vu Graines de voyous dréit sech ëm d’Opféierung vun dësem 60. Gebuertsdag: Kommen d’Leit mat Zäiten un? Wien wäert do sinn? Kritt dem Antoine seng Enkelin Sophie et hin, eng flott Show an Éier vun hirer verstuerwener Boma Lucette op d’Been ze stellen? D’Auteure Lupano an Cauuet presentéieren engem neie Lecteur déi kleng Welt an all relevant Charakteren net plakativ. Een, deen d’Serie kennt, stéiert sech net weider dorun, mierkt dat alles vläicht mol net.
Humor a Kritik duerch de Pierrot
De Pierrot kennt zwar un, mee mat bracelet électronique ëm säi Foussgelenk. Wéi hien op der Gare mam Antoine telefonéiert, wëll hie séier ee Kaffi bestellen. De Serveur hëlt awer keng Commanden. Den 80-järege kritt erkläert, hie misst um Dësch ee QR-Code scannen an d’Bestellung informatesch maachen. Dat funktionéiert awer net, a kee wéll him säi Kaffi bréngen, also zerstéiert de Pierrot einfach den informatesche System hannert der Théik a bestellt säi Kaffi nach eng Kéier mëndlech. Sou kritt een och d’Perséinlechkeet vum Antoine gewisen. Hien ass een ni-dieu-ni-maître Genre vun Typ, een Anarchist. Als nächst geséit een hien, wéi hie wéinst sengem laange casier judiciaire fir d’Zerstéierung vum Computer condamnéiert gëtt. Am Geriichtssall gëtt hie gefrot, ob hien nach eppes dozou ze soen hätt, an de Pierrot pécht sech ee QR Code op d’Stier a seet der Riichterin, si misst fir d’éischt de Code scannen, éier hien eppes dozou kéint soen. Wéi den Antoine de Pierrot op d’Gare siche geet, wëll hien einfach eng aner Persoun a säin Auto bréngen, déi dem Pierrot änelt. Den Alter ass näischt Schéines.
Eng kleng Welt mat grousser Tieft
D’Geschicht vun Graines de voyous geet net dorëm, d’Welt ze retten. An awer, iergendwou gëtt d’Welt vu Les Vieux Fourneaux an de leschte Säiten dach gerett, et ass just eng kleng Welt. Et ass just eng kleng Welt, déi geographesch zwar staark begrenzt ass, mee hir Déift aus den Erënnerunge vun eelere Leit zitt. De Spannungsbou vu Les Vieux Fourneaux zitt sech net wéi een James Bond Film vu London op Kairo op Shanghai, mee iwwert multipel Generatiounen, déi am selwechten Duerf, et schéngt, säit dem Ufank vun der Welt liewen.
Zeechnungen: Eng Masterclass un Detailer
Och dem Paul Cauuet seng Zeechnunge sinn och eng Masterclass un sech. D’Close-Ups vun den eelere Leit beim Wäindrénken nom dîner um Terrassendësch, an der Nuecht bei Käerzeluucht sinn exzellent. An all Fal an hire Gesiichter, all Oder an hiren Hänn, all Muskel an hirem Hals sin Schieter ze gesinn - an et well ee just, datt dës Käerzen ni ausginn.
Fazit
Graines de voyoux, den aachten Deel vun Les Vieux Fourneaux vum Lupano a Cauuet koum bei den Editions Dargaud eraus an ass an all Buttek ze fannen, dee sech mat der BD-Aktualitéit beschäftegt.