Radioen

On air

9 bis 1  |  Junior Varsity - Cross The Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Franz Ferdinand -The Human Fear: Angscht? Ech dach net!

Album vun der Woch

Franz Ferdinand -The Human Fear: Angscht? Ech dach net!

"Et ass, zu wat ech bestëmmt sinn. Zanter datt ech mat 14 mäin éischt Lidd geschriwwen hunn, wosst ech: Dat muss ech maachen”, seet den Alex Kapranos, Leader vun der schottescher Indie-Hit Band Franz Ferdinand, iwwert seng Liewensbestëmmung. Déi ass och no 22 Joer Bandgeschicht nach knackeg a lieweg.

auto_stories

5 min

headphones

7 min

play_arrow
Foto: Franz Ferdinand / Bandcamp

Beweis dofir ass der Band hir nei Plack “The Human Fear” déi eis mat gewinntem Humor a pakende Refrainen encouragéiert, eis Ängschten z’iwwerwannen.

Franz Ferdinand hu sech Ufank den 2000er a Schottland gegrënnt a mat hirem Bandnumm direkt e feint Gefill fir den Zäitgeescht bewisen. Benannt hunn si sech nämlech nom Äerzherzog Franz Ferdinand von Österreich-Este, deen 1914 an engem Attentat ëm d’Liewe komm ass, dat bis haut als ee vun de Virwänn fir d’Ausbrieche vum éischte Weltkrich gëllt. Mee d’Krichsstëmmung war natierlech souwisou scho laang um Réieren.

Wou Franz Ferdinand an den 2000er d’Konflikter am Afghanistan an am Irak als éischt Virzeeche vun deene méi weltëmgräifende Konflikter interpretéiert hunn, mat deene mir eis haut konfrontéiert gesinn, waren si op hir Manéier proletaresch Propheten. Kee Wonner, datt 2024 net nëmmen hire Bandnumm eng nei Relevanz kritt, mee och hir Musek. Well op d’Dreistegkeet vun der Welt äntweren si deemools wéi haut mat der Zong am Bak, “tongue-in-cheek”, wéi d’Britte soen.

Op hirem mëttlerweil 6. Studioalbum, “The Human Fear”, gi si net nëmme freedeg mat der Welt an d’Geriicht, mee vergiessen och hir Danzschrëtt a gewinnte Prise Glamour net. Allusiounen op d’Weltgeschéien zéie sech bis an déi traureg Realitéit vu mënschleche Bezéiungen. D’Gefore vun der Verféierung an d’Allüre vum Narzissmus resuméiere sech an enger allze mënschlecher Angscht,“The Human Fear”, déi et gëllt mat Sangen an Danzen ze iwwerwannen.

Opgewiermte "Retro" oder zäitlose Postpunk?

Datt deen néidege Quäntche Genie an der Saach stécht, weist zum Beispill déi zweet Advance Single “Hooked”, an där sech d’Verféierung an d’Angscht op enger einsamer Danzpist treffen. Den Titel kanaliséiert den Esprit vum Album an ënner 3 Minutten. Dat ass schonn eng Leeschtung. Do héiert een de Synthesizer, 80er inspiréiert an dach geschackvoll an déi haiteg Zäit iwwerdroen. Mee et ass dach och iergendwéi Party-Musek. Schreift een elo de Männer vu Franz Ferdiand méi komplizéiert Absichten zou, wéi si villäicht hunn, mat där ganzer Danzen an d’Apokalyps-Theorie?

Als Museksredakter gleeft een numol drun, datt Popmusek eng valabel Reflektioun vun eiser Welt duerstellt, déi ee wuel analyséieren dierf, a soll.  An d’Bescheidenheet vum Frontmann, an och Texter vun der Band, dem Alex Kapranos, leet schonn no, datt Spaass a Party am Vierdergrond stinn. Mee villäicht ebe grad well a wärend d’Welt ronderëm an de Koup fält.

"Ech hu Bands gesinn, déi komme mat getrennten Autoen um Concert un. Ech fannen dat absolut grujeleg, a si frou, datt mir ni an esou eng Situatioun gerode sinn. Et (d’Musek maachen) ass, zu wat ech bestëmmt sinn. Zanter datt ech mat 14 mäin éischt Lidd geschriwwen hunn, wosst ech: dat muss ech maachen."

Dat sot hien eis an engem 100,7-Interview d’lescht Joer, wou Franz Ferdinand am Atelier op Besuch waren, an des Plack grad an der Maach war. Kollegialitéit an Authentizitéit also. An och de Courage zum Courage héiert een aus senger intelligenter an humorvoller Manéier eraus, déi sech dann och op der Single “Audacious” esou richteg kraaftvoll an och freedeg ausdréckt.

Ee Gemitts-stäerkende Message

Eng Plack mat engem Gemitts-stäerkende Message also, op deen en danze kann. Mee erschléisse Franz Ferdinand dann hei musikalesch gesinn Neiland, oder bleift alles beim Alen?

Beim Alen, dat soll ee fir d’éischt vläicht net ënnerschätzen. Well et heescht jo awer, datt mir eis op zimmlech fantastesch Gittaraarbecht a matrappend Hooks kënne freeën. Och d’Rhytmussektioun ass wéi ëmmer villsäiteg a mat Schmackes ënnerwee. Fir de Rescht ass et wuel éischter Evolutioun wéi Revolutioun.

Mee d’Aflëss sinn e bësse méi wäit gefächert, de Sound e bësse méi variéiert, wéi op viregte Placken. Et ass méi Pub-Rock à la Chumbawamba dran, ouni datt ee jeemools eppes géing upöbelen, an och e puer méi folkeg Passagen, wéi ee se vu Bands wéi déi Nord-Iresch The Divine Comedy kennt.

Mee an hirem dréchene Witz an allgemenger Eleganz klengen si deene Bands awer menger Meenung no iwwerleeën, a proposéiere villäicht e bësse méi. Epesch-düster, ausgelooss-euphoresch, zynesch-intellektuell, all dës Stëmmunge sinn esou ouni Nout esou anenee gebitzt, wéi nëmmen eng ganz gutt geräifte Band et fäerdeg brénge kann. An dat si Franz Ferdinand definitiv – Leit mat engem grousse musikalesche Vocabulaire an enger ofgekläerter Weltusiicht, déi hire Witz an hire Bass och no 22 Bandgeschicht net verluer hunn, wa sech och am Gesiicht e puer Falen ofzeechnen.

D’Ballad “Tell Me I Shoud Stay” verwandelt sech vum rouege Mandolinne-Ständchen an ee Power-Refrain, a steet als Testament fir d’Balance vu Wandelbarkeet a Konsequenz, déi d’Band un den Dag leet.

So mir, ech soll bleiwen

Franz Ferdinand hunn sech net nei erfonnt, mee genuch gewandelt an erwiedert, fir d’Rees zeréck an d’2000er derwäert ze maachen, an och engem jonke Public erëm méi no ze bréngen. Accessibel a komplex Rockmusek, déi wäit iwwer dat erausgeet, wat ee sech vun enger, jo, bal Veteraneband erwaart, esouwuel an hire Reflexiounen iwwert de Present, wéi och an hirem Sound, deen ëmmer nach nei Facetten entwéckelt.

Do wëll een dach gären hirem Wonsch nokommen, an hinne soen: Bleift, wann ech gelift.

Lauschterenplay_arrow