Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Concert  |  Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rees an dat zäitloost Japan

Literatur

Rees an dat zäitloost Japan

Fir eng perséinlech Kris ze iwwerwannen, mécht sech de Robert Weis op d'Sich no der éiweger japanescher Séil. Sengem Reesbericht "Retour à Kyôto" (Editions Transboréales) feelt et allerdéngs u Liewen.

auto_stories

4 min

Foto: Michel Delage

Europäer waren ëmmer scho vu Japan an der japanescher Kultur faszinéiert. Dorunner huet d'Modernisatioun respektiv d'Occidentalisatioun vun deem Land näischt geännert. Dat wat vun der Zäit virun all deene grondsätzleche Verännerunge vum 19. Joerhonnert un iwwreg bliwwen ass, dofir interesséiert sech de Robert Weis.

Et ass net säin éischten Openthalt a Japan, deen den Auteur (Joergang 1980, vu Beruff Paleontolog am Naturmusée) a sengem 180 Säite-laange Reesbericht festgehalen huet. Schonn den Titel vum Buch "Retour à Kyôto" (Editions Transboréales) verréit eis, datt et hei net ëm deen, an der Reesliteratur, klassesche Bléckwénkel vun engem, deen eng radikal aner Kultur iwwerhaapt emol entdeckt, geet.

An de spirituellen Zentrum vu Japan

Déi grouss touristesch Sitten huet de Robert Weis scho gesinn. Elo geet et him ëm eppes aneschters: hie mécht sech op d'Spuere vun der verstoppter japanescher Séil, déi e mengt an der Stad Kyôto an Ëmgéigend ze fannen, an déi e bis dohin haaptsächlech aus de Bicher kannt huet: aus Klassiker vun der japanescher Literatur (Bashô, Mishima, Kawabata, Sôseki) oder aus den Iwwerleeunge vu westlechen Auteuren, déi sech mat där Kultur beschäftegt hunn (Nicolas Bouvier, Pico Iyer, Alex Kerr). Zu Recht freet sech de Robert Weis, op dat Japan reell ass oder just a senger Virstellung existéiert, woufir en dann eng Confirmatioun an der Realitéit gebraucht huet.

Seng ganz Demarche huet virun allem mat der Motivatioun ze dinn, déi d'Rees an de spirituellen Zentrum vu Japan undreift, an déi de Robert Weis an zwou Kéieren (am Fréijoer an am Hierscht) virun der Corona-Pandemie gemaach huet.

"C'est l'espoir qui m'a conduit ici, l'espoir de retrouver cette douceur de l'instant présent qui transforme les blessures de la vie, la douleur d'une séparation et un sentiment d'échec qui m'a entraîné dans une impasse."

Méi präzis geet den Auteur net op seng perséinlech Geschicht an.

Heelungsprozess

Dofir däerfe mir hien op senger spiritueller Rees begleeden, déi fir hien eng Zort Heelungsprozess ass. Dee féiert iwwer hiwweleg Wanderweeër, duerch eng Hellewull un Tempelen a Sanctuairen, an ëmmer an enkem Kontakt mat der Natur, déi am Detail beschriwwe gëtt. Iwwer dem Reesende säi Gemittszoustand gi mir permanent um Lafende gehalen, och emol a Form vu kuerzen, Haïku-änleche Gedichter. Gréisser Schwankunge gëtt et keng ze verzeechnen: als Lieser däerf ee sech mam Auteur freeën, datt hie lues a lues zu enger ëmmer méi vollkommener Harmonie fënnt...

Sporadesch liest een iwwer Zoufallsrencontere mat Japaner (e wierklech häerzleche Kontakt gëtt et, wéi et schéngt, just an engem Fall) oder westlechen Touristen. Erotesch Reegunge provozéiere just d'Beem am Hierscht ("La saison des feuilles rouges peut se décrire comme l'envers du printemps, avec une connotation subtilement érotique.")

Keen Interessi fir déi zäitgenëssesch japanesch Gesellschaft

Iwwer den Zoustand vun der japanescher Gesellschaft mécht sech den Auteur praktesch keng Gedanken. D'Katastroph vu Fukushima, déi dohannen nach ganz present ass, gëtt net emol ernimmt. Fir dat modernt, zäitgenëssescht Japan huet de Robert Weis souwisou net vill iwwreg: hien erzielt ganz kuerz iwwer säin Openthalt zu Tokyo a stellt mat Enttäuschung fest, datt e gudden Deel vu Kyôto verschampeléiert ginn ass.

A wann den Auteur schreift, datt "le tourisme à Kyôto a atteint des (sic) telles dimensions que beaucoup de voix s'élèvent en faveur d'une limitation du nombre de visiteurs", hätt ee scho gäre gelies, wat hie perséinlech dovunner hält, ob hie sech selwer als Deel vun där Touristen-Hord ugesäit oder iergendwéi driwwer schwieft...

Dat zäitloost Japan

De kultivéierten Tourist konzentréiert sech haaptsächlech op dat ländlecht, dat traditionellt, fir net ze soen zäitloost Japan, iwwer dat hie sech wéi gesot an de Bicher informéiert huet. Dat Wësse gëtt en dem Lieser och gäre weider. Sou liest een duerchaus interessant Erklärungen, zum Beispill iwwer d'Symbolik vun de japanesche Gäert an der Architektur, iwwer den Téi a soss kulinaresch Schneekegkeeten, iwwer de Stellewäert vun de Bierger an der Virstellung vun de Japaner. Et kritt een en Abléck an de Zen, de Shintoismus, den Taoismus an de Buddhismus, respektiv Mëschforme vun deenen a Japan verbreete Spiritualitéiten, a sou virun.

Et kann een dem Robert Weis bestëmmt kee Manktem u Sensibilitéit virgeheien, an hie weess sech och auszedrécken. Leider hannerléisst "Retour à Kyôto" den Androck vun engem Besuch an engem Musée, mat schéinen, mee figéierten Tableauen, déi Revue passéiere gelooss ginn - dat wierkt zimmlech repetitiv.

Eigentlech geschitt wärend deem Japan-Openthalt bal näischt, op jiddwer Fall näischt wat net virgesi war. Den Auteur schéngt strikt no Programm ze reesen an et kënnt och näischt dotëscht. Dat entsprécht vläicht sengem Besoin no Harmonie. Mee dem Lieser feelt et einfach u Liewen, dat heescht der Essenz, déi eng Rees am beschte Fall ausmécht an e Reesbericht eenzegaarteg a wierklech liesenswäert maachen.

live

Live