Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Mat eidele Wuertspillereien duerch de Confinement

Literatur

Mat eidele Wuertspillereien duerch de Confinement

"La Vie trépidante du confiné" (Kremart) heescht e Bichelche mat kuerzen Texter, an deenen de Laurent Moyse op d'Zäit vum Confinement zeréckkuckt. Den Auteur versicht et mat Humor.

auto_stories

3 min

Iwwer de Corona ass an Tëschenzäit schonn esou vill doruechter geplappert ginn, datt ee sech am Fong eng Paus géif wënschen - zemools an de Bicher. Et sief, d'Auteure géifen engem en originellen Abléck an dee Sujet ginn, wa méiglech an engem interessante Stil.

Dem Gaston Carré ass et viru Kuerzem net gelongen. Säin essayistesche Sammelband "L'Année du Rat. Les métamorphoses de l'homme confiné" (Phi) kënnt net iwwer Banalitéiten eraus, déi dofir an enger ëmsou méi schwéierfälleger, ampouléierter Sprooch formuléiert sinn.

Huel et mat Humor

De Laurent Moyse probéiert sech mat Humor Zougang zum globalen Evenement Corona-Kris ze verschafen. Säi bei Kremart publizéiert Bichelche mam Titel ''La Vie trépidante du confiné'' besteet aus eelef Kapitelcher, vun allkéiers dräi Säiten.

Grad wéi de Gaston Carré gräift de Laurent Moyse eenzel Aspekter vun der Zäit am Confinement op, lauter Situatiounen, déi Milliounen aner Mënschen och erlieft hunn, respektiv Informatiounen, déi jiddwereen unhand vun engem och nëmmen iwwerflächleche Suivi vun der Aktualitéit kennt: d'Gesondheetspersonal, dat applaudéiert gouf; d'Maskeflicht; d'Quarantän; déi eidel Geschäftsstroossen; de grousse Rush op den Toilettëpabeier; den Teletravail; asw.

Theemen also, iwwer déi scho bal alles gesot a geschriwwe gouf - vläicht nach net vu jiddwerengem. Soit.

Wuertspillereien

Wéi huet de Laurent Moyse dann iwwer se geschriwwen, dës Friichten, déi ëm ënner dem Bam a sengem klenge Gaart einfach esou an de Schouss gefall sinn? Déi eenzel Theeme ginn ausgepresst, an da kënnt eben dee Jus eraus, deen erauskënnt. An deem Fall sinn et haaptsächlech méi oder manner inspiréiert Spillereie mat Wierder a mat Referenzen.

Am éischten Text ''Le virus'', zum Beispill, heescht et, datt "tous ses chemins mènent au rhume'', oder: ''lorsqu'il nous prend en grippe'', a weider, a Bezuch op de Patient Null: ''quand Zéro est arrivé''. Et fillt ee sech - e bëssen - un de grousse belschen Humorist Raymond Devos erënnert, deem seng virtuos Wuertspillereie sech an dat Absurd gesteigert haten.

Mee do hält de Verglach och schonn op. Wärend den Devos praktesch an all Saz Trouvaillë placéiert, déi sech dann zu poeteschen Texter verdichten, geet dem Laurent Moyse ganz séier d'Loft aus: bei him flimmert et sporadesch, an dann ëmmer manner, an dann och net ganz hell.

Am Kapitel iwwer Toilettëpabeier liest een iwwer bestëmmte Confinéierter: ''se sont résolus à cesser leur régime sans selles''. Näischt géint skatologeschen Humor, mee wann een an deem Kontext mengt mussen esou Facilitéite wéi ''caca nerveux'' op d'Blatt ze bréngen ... Bof.

Politesch Satir?

Um Enn vum Buch gëtt de Laurent Moyse als onofhängege Journalist presentéiert an als Auteur vun ënner anerem politesch satiresche Bicher. Vu politescher Satir fënnt een an deem heite Buch, der ''Vie trépidante du confiné'', keng Spuer.

Déi traditionell Zilscheiwe vun der Satir - dat heescht d'Politik a soss Vertrieder vun der Muecht - ginn hei schéi a Rou gelooss. Dofir gëtt sech zum Beispill op Käschte vu Chantiersaarbechter lëschteg gemaach, andeems hinnen ënnerstallt gëtt, si wiere fir d'Verschampeléiere vun de Stied verantwortlech:

"D'un coup, les ouvriers de la construction n'étaient plus autorisés à creuser des trous, des petits trous ou des grands trous, à charcuter les grands boulevards et à dévier les trajectoires.''

Stéing dem Laurent Moyse säi Bichelchen ënner dem Zeeche vun der Ironie, déi doranner bestanen hätt, d'Banalitéit vun der Confinements-Literatur op d'Schëpp ze huelen, dann hätt een et nach mat engem ''dajee alt'' kéinten duerchgoe loossen. Leider feelt hei all Hiwäis fir dës Ironie: den Auteur schéngt wierklech iwwerzeegt ze sinn, eppes Liesenswäertes produzéiert a sech dobäi këstlech ameséiert ze hunn. Schéi fir hien.