Radioen

On air

Resonanzen  |  Scott Joplin - Reflection Rag - Diavolo Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxemburg und der Zweite Weltkrieg

Ausstellung

Luxemburg und der Zweite Weltkrieg

Am Mierscher Literaturzenter gëtt bis den 30. Juli 2021 eng detailléiert Ausstellung iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib wärend dem Zweete Weltkrich gewisen. A véier Säll ginn déi eenzel Aspekter thematiséiert an dokumentéiert. Dozou koum och en Ausstellungskatalog vu ronn 600 Säiten eraus. D'Valerija Berdi huet sech vun der wëssenschaftlecher Mataarbechterin vum CNL, der Daniela Lieb, duerch d'Ausstellung féiere gelooss.

auto_stories

2 min

Maulkuerfgesetz an de Spuenesche Biergerkrich, d'Angscht virun enger Widderhuelung vun de Grujelegkeete vum Éischte Weltkrich, d'Lëtzebuerger Identitéit a Kultur hunn och eng wichteg Plaz an den Discoursen an den 30er Joren an der Lëtzebuerger Gesellschaft. An do spillen Auteuren - déi Lëtzebuergesch an déi auslännesch - eng decisiv Roll.

Am éischte Sall vun der Ausstellung "Luxemburg und der Zweite Weltkrieg", déi elo am Mierscher Literaturarchiv ze gesinn ass, ginn d'Ufäng vun der Besatzungsmuecht gewisen.

Sall 1 - Deel 1 lauschterenplay_arrow


Bibliothéiken, Liesungen, Librairien, Theater - no der Muechtergräifung gëtt am August 1940 dat ganzt kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg der Ideologie vum Nationalsozialismus ugepasst. Wéi dat sech ofgespillt huet, gëtt am zweete Sall vun der Ausstellung gewisen.

Germaniséierung vun der Lëtzebuerger Kultur - Deel 2 lauschterenplay_arrow


No der Muechtergräifung vun den Nazie gëtt de Literaturbetrib zu Lëtzebuerg gläichgestallt. Wéi reagéieren déi lëtzebuergesch Auteuren drop? Ginn et iwwerhaapt kloer Positiounen?

Widderstand a Kollaboratioun - Deel 3 lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ware wärend dem Zweete Weltkrich ëmgesidelt an och deportéiert ginn. Am leschten Deel vun der Serie iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib wärend der Nazi-Besatzung ginn d'Repressalien, deene Lëtzebuerger Auteuren ausgesat waren, thematiséiert.

Resistenz a Repressalien - Deel 4 lauschterenplay_arrow


All weider Informatiounen iwwer d'Ausstellung an den Ausstellungskatalog sinn hei ze fannen.