Virun Dräi Joer huet den Département de l'aménagement du territoire vum Ministère fir Energie a Landesplanung zéng international Equippe beoptraagt, Pläng auszeschaffen, déi ee méi resilienten Territoire garantéiere sollen. Déi Equippen hu sech ënner anerem aus Architektebüroen an universitären Aarbechtsgruppen zesummegestallt.
Vun deenen zéng Projete goufen der véier zeréckbehalen: "Paysage Capital", "Beyond Lux(e)", "A Guide to repairing a broken territory" a "Soil & People" sinn déi véier Gruppen, där hier Aarbecht am luca ausgestallt ass.
Grouss Distanze verklengeren
An hir Resultater si kloer: De Populatiounswuesstem bréngt een ëmmer méi staarke Ressourcë-Verbrauch mat sech, an dee kritt een net eleng duerch néi Technologien an de Grëff. Nieft Recycling an erneierbaren Energien ass den Amenagement vun de Landschaften, Stied an Dierfer och ee wichtegt Element fir den negative Konsequenze vum Wuesstem entgéint ze wierken.
Zu enger resilienter Landesplanung gehéiert zum Beispill d'Versigelung vum Buedem ze limitéieren, oder beschtefalls souguer ganz ze stoppen. Zu Lëtzebuerg gëtt all Dag een hallwen Hektar Buedem versigelt. Dat ass d'Fläch vun engem Fussballfeld, déi hei dicht gemaach gëtt. Dat ass schlecht fir d'Biodiversitéit, sammelt d'Hëtzt a setzt de Risiko fir Héichwaasser nach méi an d'Luucht.
D'Fro déi sech da stellt ass, wéi schlussendlech manner Buedem versigelt ka ginn. Wann ee bedenkt, datt Lëtzebuerg ee vun de meescht zerschniddenste Länner an der EU ass, weess een, u wéi enge Schrauwen een dréine geet, esou d'Konklusioun vun de véier Projeten. D'Aktivitéite sinn dacks queesch duerch d'Landschaft verdeelt, dowéinst ass d'Distanz, déi een tëscht dem Doheem, der Aarbechtsplaz an de Fräizäitaktivitéiten zeréckleet, nennenswäert. Méi wéi 5.800 Kilometer u Stroosse verlafen duerch d'Land, a wann een déi Aktivitéite méi no beienee kritt, erspuert ee sech Distanz an de Bau vu weidere Stroossen.
Wuessen, ouni méi Fläch ze verbrauchen
Een Zentréiere vun dëse Plaze bréngt zum Beispill mat sech, datt manner Auto gefuer gëtt, an datt een doduerch de Parking virun engem Akafszentrum méi kleng maache kann. Sou entsteet da méi Raum fir Gréngs a Wunnfläch. Stéchwuert Noverdichtung: Baulücke gi gefëllt, ouni d'Natur ze zerstéieren. A Stied an Dierfer wuessen esou weider, ouni méi Fläch ze verbrauchen.
Obwuel déi Projeten éischter Visioune gläichen, sinn et Proposen, déi awer ëmzesetze sinn. Ee gudden Deel vun den Iddie si mat an de Pogramme directeur d'aménagement du territoire gefloss. Dat ass een 242 Säite laangt Dokument a setzt ee Kader fir déi zukünfteg Entwécklung vum Territoire. D'Gemenge passen hire PAG deemno un, wouduerch dann zum Beispill d'Projete vun der Nordstad an der Metzeschmelz zu Esch-Uelzecht realiséiert ginn.
Well een ee gudden Androck vun enger méi effizienter Landschafts-Gestaltung kritt, ass d'Ausstellung am Lëtzebuerger Zentrum fir Architektur eng propper Representatioun vun der Aarbecht, déi déi véier international Equippen ausgeschafft hunn. Gewise gëtt dat ganzt mat Hëllef vun e puer Videoen, gréisser Toille mat Texter an Diagrammen, enger Rei Dossiere mat Kaarten duerch déi ee bliedere kann, an e puer Maquetten.
Et ass wichteg d'Resultater vun dëser Aarbecht fir de public zougänglech ze maachen, well een esou méi einfach iwwer déi Gestaltung matschwätze kann.