Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kampf ëm Opmierksamkeet an der Londoner Fashion-Zeen

Nei am Kino

Kampf ëm Opmierksamkeet an der Londoner Fashion-Zeen

"Cruella" ass schonn déi drëtt Verfilmung mat richtegen Acteure vun der Dalmatiner-Franchise vun Disney. Opulent a mat vill Schwong inzenéiert, an enger sprëtzeger Emma Stone an der Haaptroll.

auto_stories

3 min

Als Kand huet dat rebellescht Estella (Emma Stone) musse materliewen, wéi seng Mamm vun der Baroness von Hellman hiren Dalmatiner an den Doud gestierzt gouf. Vu Scholdgefiller geplot, ass d'Weesekand an de Stroosse vu London opgewuess. Am Laf vun de Joren huet et do, zesumme mat zwee Komeroden, eng grad esou erfollegräich wéi lëschteg Band vun Trickdéiwe forméiert.

Verwierkleche wëllt sech d'Estella, mëttlerweil eng jonk Fra, awer an der Haute couture. Um Wee dohi trëfft déi talentéiert Designerin erëm d'Baroness von Hellman (Emma Thompson). Fir déi onëmstridde Kinnigin vun der Londoner Moud op Aenhéicht ze begéinen, rifft d'Estella de Personnage vun der Cruella an d'Liewen.

Dalmatiner-Franchise

''Cruella'' ass schonn déi drëtt Verfilmung mat richtegen Acteure vun der Dalmatiner-Franchise, déi Disney 1961 mam berüümten Zeechentrickfilm ''One Hundred and one Dalmatians'' begrënnt hat. Zweemol hat d'Glenn Close d'Roll vun der béiser Cruella iwwerholl, als Géigepart vun de sympatheschen Dalmatiner.

Am drëtten Opus sinn d'Helden elo net méi d'Hënn, mee d'Cruella, där hir Virgeschicht de Realisateur Craig Gillespie an Zeen setzt, mat dës Kéier der erfrëschender Emma Stone an der Haaptroll.

Ambivalenz

D'Leitmotiv vum Zwispalt, symboliséiert vun den ugebuerene schwaarz-wäissen Hoer vun der Estella, zitt sech duerch de ganze Film. Déi grondsätzlech sympathesch jonk Fra entwéckelt lues a lues hir däischter a béis Säit. Et ass, wéi et schéngt, deen eenzege Moyen, fir der Arroganz vun der eekeleger Baroness - ganz iwwerzeegend verkierpert vun der Emma Thompson - Paroli ze bidden.

Dat mécht d'Cruella, dës maskéiert Superheldin vun enger e bëssen anerer Zort, andeems et mat spektakuläre Fashion-Aktiounen op Käschte vun der Baroness déi ëffentlech Opmierksamkeet op sech zitt - iwwregens eng ganz aktuell Thematik. Um Enn beweegt sech dës reng medial Ausenanersetzung op ee ganz perséinleche Showdown zou.

Cruella als Punk-Ikon

Disney huet sech hei d'Moyene ginn, fir e faarwegen an opulenten, an de Swinging Sixties zu London ausgesidelte Spektakel opzeféieren, deen an enger Reinterpretatioun vum Punkstil Enn de 70er Jore säi Zenit erreecht. De Personnage vun der Cruella De Vil als Punk-Ikon ze stiliséieren ass eng vun de glécklechen Trouvaillë vun engem Film, dee mat Schwong inzeenéiert ass. D'Kamera ass immens mobil, mat deelweis virtuos gefilmte Plan séquencen, zum Beispill d'Zeen, déi der Estella hir bescheiden Ufäng am grousse Kleederbuttek illustréiert.

Mat 134 Minutten ass dat Ganzt e bësse laang geroden, an déi vill Relancë mat ultra-bekannten Hits aus de 60er a 70er Jore sinn och vläicht ze vill däers Gudden. Dat dierft déi meeschte Spectateuren awer net dovunner ofhalen, sech gutt ze ameséieren, woubäi ''Cruella'' net onbedéngt als Kannerfilm unzegesinn ass.