Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ E populären Held

Buchkritik: Marc Angel "Här a Meeschter"

E populären Held

Mat “Här a Meeschter” (9K/Op der Lay), sengem Optakt-Album vun der neier Serie “De Rescht vun der Geschicht”, plädéiert den Zeechner Marc Angel fir den einsamen, mee couragéierte Kampf géint de politesche Matleefertum. A brécht gläichzäiteg mat engem nationale Mythos.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow

“D’Wëllef sinn zeréck a suerge rëm fir Uerdnung am Bësch.” Mat dësem Saz fänkt d’Geschicht vun “Här a Meeschter” un. E beschreift natierlech an éischter Linn déi éischt Zeechnung vum Album: e Ruddel Wëllef, déi effektiv amgaang sinn e Réi ze räissen. Gläichzäiteg verweisen dee Saz an d’Bild drënner op dat politescht Klima, an deem sech d’Handlung ofspillt. 

De Marc Angel, dee wuel bekanntsten aktive Lëtzebuerger Comic-Zeechner, placéiert seng Handlungen dacks an d’Vergaangenheet, queesch duerch d’Geschicht. Den historesche Kontext hei sinn d’Nowéie vum Klëppelkrich vu 1798, dat heescht den Opstand am deemolegen “Département des forêts” vun den Eislécker Baueren an doriwwer eraus géint déi franséisch Revolutiounstruppen, eng Rebellioun, déi séier vun de Besatzer niddergeschloe gi war. 

Déi onkamoud Geschicht hannert dem nationale Mythos

De Marc Angel beschäftegt sech awer net mat deem Bauerenopstand u sech, e Martyrium, dee laang zur éischter markanter Manifestatioun vum Lëtzebuerger Nationalgefill héichstiliséiert gi war. Hie brécht mat deem Mythos andeems hien d’Handlung vun “Här a Meeschter” dräi Joer méi spéit usetzt an eng onkamoud Realitéit an de Vierdergrond stellt – souzesoen “De Rescht vun der Geschicht”, sou wéi d’Serie, an där sech des BD als d’Nummer eent areit, och treffend heescht. 

Den Angel weist, wéi d’Solidaritéit tëschent de fréiere Waffebridder ausernee gebrach ass. D’Duerstellung vun der Natioun als monolithesche Block gëtt doduerch onméiglech. D’Front, déi d’Lëtzebuerger spléckt, suggeréiert den Auteur am Laf vun der BD mat engem ambivalente clair-obscur. Déi Front verleeft tëschent deenen, déi sech mam franséische Besatzer arrangéiert hunn an dofir gewësse Privileegie genéissen: dat ass hei de Buergermeeschter Karel mat sengen Handlaanger. Dëse Kollaborateure stinn dann eng Handvoll Individue géigeniwwer, déi de Widderstand trotz allem net opginn hunn an deen Engagement mat engem prekäre Liewen am Ënnergrond musse bezuelen. Sou wéi de Gaspar, en einsame Wollef, deen an der wëller Natur een aussiichtslose Kampf schéngt ze féieren. 

D'Flam vum Widderstand

Och wann hien eigentlech keng Gefor fir déi herrschend Uerdnung dierft duerstellen, verkierpert de Gaspar ëmmerhin d’Flam, déi d’Iddi vum Widderstand ënnert dem klenge Vollek um Liewen hält. Gläichzäiteg steet hie fir dem Buergermeeschter Karel säi schlecht Gewëssen: dowéinst kann deen seng marginal Existenz net toleréieren ...

Aleng déi grafesch Duerstellung vun den zwee Kontrahente weist zimmlech kloer, wiem dem Auteur seng Sympathië gëllen. Wärend de Buergermeeschter éischter wéi e klenge sinisteren Nosferatu ausgesäit, deen hanner zouenen Dieren am Schied vun der politescher Muecht komplottéiert a léiwer anerer virschéckt, erschéngt de Gaspar dogéint als couragéierte Koloss, als ultimative Rebell, dee keng Angscht huet fir sech an der oppener Natur der direkter Ausernanersetzung ze stellen. Seng physesch Iwwerleeënheet kompenséiert seng politesch Schwächt.

Nei Mythologie

Hie verkierpert de stueren an houfrege Bauer, deen seng Prinzippien ni wäert opginn, eng Zort populären (fir net ze soe folkloristeschen) Held, en David am Kampf géint en iwwermächtege Goliath. De Gaspar ass, wann een esou wëll, eng Zort iwwerspëtzte Pendant vum Jean Schortgen, den éischten Aarbechter an der Chamber, deem säi Liewen de Marc Angel an de Charel Meder an enger rezenter Graphic novel nogezeechent hunn. 

“Här a Meeschter” wierkt ewéi eng stiliséiert Versioun vu “Schortgen”, eng Zort Western. Also e klassesche Genre, deem seng Effikassitéit ënnert anerem un enger kloerer Rolleverdeelung läit. De Marc Angel brécht mat engem nationale Mythos, fir en dann duerch seng eege Mythologie ze ersetzen.   

Vläicht ass de Bauerenheld Gaspar och just d’Projektiounsfläch vun all deenen, déi jo gäre Widderstand géife leeschten - wa se dofir net ze feig wieren. Eng ënnerdréckten Idealvirstellung also vun all de Buergermeeschtere Karel ...

Lauschterenplay_arrow