Et ass vill, wat de Yorick Schmit op 35 Säiten vun dëser klengformatescher Editioun zesummebréngt. A senger kuerzer Erzielung "Weeër a Spueren" begleet een de Ben a säi Papp duerch e Bësch, deen am Besëtz vun der Famill ass, an an deem vill Beem eng Geschicht aus der Vergaangenheet ze erzielen hunn.
""Mäi Stammbam stécht voller Beem", hunn ech geduecht iwwerdeems de Ben eng Eechel an de mëlle Buedem gedréckt huet. A senge a Kannerhänn huet se wéi e bossegen Apel gewierkt. Net ze déif, hunn ech gesot, soss ka sech d'Keng net méi bis an d'Sonn erop struewelen - dann ass et eriwwer mat der Eech."
De klenge Ben ass enttäuscht, datt hien nach Jore waarde muss, bis datt den Eechebam gewuess ass, déi zwee setzen hire Wee duerch de Bësch fort a wärend d'Eechel elo hire laangwierege Prozess vun der Fruucht zum Bam ugoe kann, trëppelen déi zwee weider duerch de Bësch an de Papp erënnert sech u Geschichten aus laang vergaangenen Zäiten.
Ee klenge Roman
Un d'Grousi Leni, déi engem Bam hier Léift a Bestietnes ze verdanken huet, en e jonken dätschen Deserteur, deen an dësem Bësch iwwerliewe konnt, un den Ururgrousspapp, deen an dësem Bësch gestuerwen ass, an déi eegen Kandheetserënnerungen.
De Yorick Schmit erzielt hei awer net just Faiten op, all eenzelt Erliefnes vun de Virfaren ass an eng eege Geschicht agepaakt, déi fir sech steet, an déi mat ganz vill Sensibilitéit an Authentizitéit verfaasst ass. An esou huet een zum Schluss net den Androck eng Kuerzgeschicht, mee e klenge Roman gelies ze hunn, deen net just räich u Geschichten, mee och räich u Symbolik a Wëssen ass.
Den Auteur kann iwwerzeegen
Eng Eech, en Äppelbam - Beem, déi fir Kontinuitéit a Liewe stinn, Beem, déi schonn an der Bibel hier Plaz a Bedeitung haten a vun der Antik bis haut e besonnesche Stellewäert hunn, stinn dann och beim Yorick Schmit fir Bestännegkeet a Fortsetzung awer och als Verbindung tëschent der Vergaangenheet an der Zukunft, als Kéng vum Liewen an der Verbonnenheet tëscht Mënsch an Natur.
"Et gi keng Weeër duerch eise Bësch... obwuel, dat ass net ganz richteg. Et gi Weeër, et gesäit ee se just net..."
De Protagonist erkläert, datt hien Trëppelpied a sengem Kapp awer gesäit an déi sech, "aus sëllegen Erënnerungen a Geschichten zesummesetzen. Si sinn ëmmer do, wéi eng Landkaart vun der Vergaangenheet."
Net just mat senger villschichteger Geschicht, mee och mat senger Sprooch, sengem Stil kann de Yorick Schmit iwwerzeegen. Seng Wierder sinn präzis ausgewielt, auserliesen, kee Wuert ze vill, keen ze mann, agepaakt an e fléissende Stil. E bësse manner akademesch, an e bësse méi Nonchalance géifen gutt doen, op alle Fall e villverspriechende jonken Auteur, deen um gudde Wee ass!