Zu Kiew hu "Rome" wuel méi Fans wéi doheem, a si hunn sech trotz Ausgangsspär an der Méiglechkeet vu russesche Rakéitenugrëff an d'Nuetsliewe vu Kiew getraut.
Et ass net déi éischte Kéier, datt Leit bei de Lidder vu "Rome" matsangen, mee seele war de Kontext fir de Jérôme Reuter a säi Projet "Rome" wuel esou perfekt wéi op dësem Samschden Owend an der ukrainescher Haaptstad Kiew.
D'Leit sinn dankbar fir d'Solidaritéit
Et kennt een net als Tourist op Kiew, seet de Jérôme Reuter, kuerz nodeems hien eng Paus krut vum Placke signéieren a vun der Schlaang vu Leit déi mat him wëlle schwätzen. D'Leit wëllen him Merci soen a mat him Fotoen huelen.
Et ass een dankbar fir d'Solidaritéit, an iwwerhaapt fir de Fait, datt eng Band sech traut a Krichszäiten de wäite Wee op Kiew ze maachen.
No engem éischte Concert mat "Rome" op ukraineschem Buedem zu Lviv war et well deen zweeten Optrëtt fir si an der Ukrain zanter dem Ufank vum Krich. Dem Jérôme Reuter seng Frëndin ass vun Donezk am Osten an huet missen 2014 no der Invasioun vu pro-russeschen Truppe flüchten. Si lieft elo zu Kiew. Et ass eng relativ nei Bezéiung, mee déi schonn e groussen Afloss op d'Musek vu "Rome" huet. Am Summer hu "Rome" eng reng digital EP erausbruecht mat Stécker iwwer d'Ukrain.
"Slava Ukraini"
De Refrain "Slava Ukraini", dat heescht "Vive d'Ukrain", a gëtt um Concert natierlech matgesongen.
De Stil beschreift de Jérôme Reuter selwer als dark folk oder neofolk. Hien ass de Sänger an Auteur vun de Stécker. No 18 Albe bis elo kennt elo eng Plack, déi ganz der Ukrain dediéiert ass. Si kennt um Onofhängegkeetsdag vun der Ukrain eraus. Dee Concert e Samschden, dee war genee ee Joer nom leschten Optrëtt vu "Rome" zu Kiew, also ganz kuerz virun der russescher Invasioun.
Dräi Lëtzebuerger sinn zesummen an d'Ukrain gereest a schénge keng Angscht ze hunn nach eng Kéier zeréck ze kommen. De Yann Dalscheid ass de Perkussionist, an den Thierry Hamnes ass den Tountechniker.
Zanter 2015 kennt "Rome" an d'Ukrain. De Promoteur ass nom Ufank vun der Invasioun op Lviv geflücht an huet do e Flüchtlingsheem opgebaut. Wärend dem Livestream vun de Concerte kann een him Spende schécken. A mat am Gepäck ass eng Spendekëscht.
Op der leschter Europatournée hu "Rome" Sue gesammelt fir d'humanitär Hëllef. De Jérôme Reuter selwer spent gär Suen un d'Leit, och d'Zaldoten, déi op der Front sinn, seet hien. E Krich dee fir hien ebe perséinlech ass.
Eng Stee fir de gudden Zweck
Nom Concert, d'Luuchte sinn un, d'Bar ass nach op, d'Leit maache sech op de Wee fir heem. Et ass kuerz no néng Auer. Ganz séier gëtt een aus der Atmosphär vum ausverkaafte Concert gejot an zeréck an de ganz speziellen an heiansdo surrealen Alldag vu Kiew a Krichszäite placéiert.
Op der Bün kennt et nom Concert zu enger Stee. Den extravagante Mann op der Bün huet zwee Artikele fir lasszeginn, un déi puer Dose Fraen an haaptsächlech Männer déi nach am Sall sinn.
Eng schosssécher West an een Helm ginn et ze ergatteren. Den Dmytro, 26 Joer al, huet am Meeschte Suen ausginn. Alles fir de gudden Zweck a Krichszäiten.
"D'Leit hei konnte Saache vun doudege Russe kafen, an ech krut eng ganz schappeg West fir eng Zomm, déi se sécher net, oder villäicht dach wäert ass. Mee dat ass mir egal. Esou laang dës Suen un d'Zaldote ginn, déi dës Suen nach ëmmer brauchen. Well de Krich geet weider, an natierlech spieren ech als Zivilist d'Responsabilitéit vis-à-vis vun eiser Arméi fir esou vill Donen ze maachen ewei méiglech."
9.000 Hryvnaen, 220 Euro, huet déi russesch schosssécher West hie kascht. Vill fir en Duerchschnëtts-Ukrainer, sou wéi hie selwer. Egal. D'Sue vun der Stee ginn direkt un d'Arméi.
Normaalt Liewen trotz Ausgangsspär
Kiew probéiert iergendwéi e normal Liewen ze presentéieren. Restauranten a Caféë sinn op, mee um 23 Auer, do muss jiddereen doheem sinn: Ausgangsspär.
D'Darya Lorraine, 16 Joer al, traut sech och nees an d'Nuetsliewe vu Kiew. Hat huet den ukrainesche Fändel am Grapp. Seng Elteren si besonnesch grouss Fans vu "Rome".
"Um Ufank war et haart. Et huet ee Paranoia well et muss een um 23 Auer doheem sinn. Elo si mir et gewinnt. Mir hunn e nei Rhythmus, et ass méi liicht ginn."
D'Band muss och virun 23 Auer doheem sinn. De Minibus kënnt um fënnef vir eelef virum Hotel un. D'Stroosse si schonn eidel. Déi lescht Leit maachen sech séier op de Wee fir heem. Den Alldag zu Kiew. De nächste Moie geet et zeréck. Zwee Deeg nom Heemspill an der Ukrain geet et zréck Heem op Lëtzebuerg.