D'Jeanne, eng jonk Studentin, liest am TGV fir op Lëtzebuerg, datt an Indien en onerklärlechen Incident eng Rei Doudeger gefuerdert huet. Si ass awer elo mol mat hire Wallissena, der Kaz an dem laangen Heemwee beschäftegt. Vun der Stater Gare mam Bus erop an den Norden an da vun der Bushaltestell ze Fouss bis an d'Duerf, wou d'Eltere wunnen.
E bëssen holpereg fänkt dem Maxime Weber säi Roman "Das Gangrän" un an ech hu mech gefrot, ob dat elo déi nei Moud ass, d'Protagonist:innen ewell all an d'Éislek pilgeren ze loossen. Mir léieren d'Jeanne, hir Famill, hire Frëndeskrees an hiert Duerf besser kennen, de Maxime Weber schéngt ganz séier e flotte Rhythmus a Stil fonnt ze hunn, ier de Roman dann och immens spannend a matrappend gëtt.
Eng spekulativ Fiktioun, dat heescht, wéi d'Margaret Atwood seet, eng Science Fiction ouni Marsmännercher a Kampf am Weltall, mee eng Geschicht, déi sech um Planéit Äerd ofspillt, sech eis bekannte Mëttele bedéngt an u sech kéint eng Realitéit ginn.
Matzen an dëser Éisleker Duerfidyll, tëschent wotlechem Familljeliewen, opgewiermt Kandheetserënnerungen an harmlose Projeten, kënnt d'Noriicht, datt déi Doudeg an Indien Affer vum Gangrän gi sinn, engem onbekannten Naturphenomen, dee mat enormer Vitesse alles zerstéiert. D'Natur, Haiser, de Mënsch, an och Lëtzebuerg ass am Begrëff vernicht ze ginn.
Esou fänkt dann och de Kampf ëm d'Iwwerliewen am fiktiven Duerf Pardeng un a spéitstens vun deem Moment u kann een de Roman net méi aus der Hand leeën.
Een talentéierte Schrëftsteller
De Maxime Weber, Joergang 1993 huet schonn 2010 eng Kuerzgeschicht an enger Anthologie bei Editions Saint-Paul publizéiert, 2016 krut hien den éischte Präis beim Jugend-Literaturconcours Prix Laurence an 2018 ass hie mam Prix René Oppenheimer fir säi politesch-engagéierte Blog ausgezeechent ginn.
Spéitstens mat dësem Roman elo weist de Maxime Weber, datt hie vill Talenter a sech dréit an datt ee sech keng Suerge brauch ze maachen ëm déi literaresch Zukunft vu Lëtzebuerg.
An dësem Wierk vereent hien alles, wat gutt Literatur ausmécht. Wäit ewech vun iergendengem Nombrilismus beschreift hien déi global an déi Lëtzebuerger Gesellschaft. Keen aktuelle Sujet gëtt vernoléissegt, vun der Klimakatastroph iwwer Flüchtling sinn, Gewalt, Kapitalismus, Globaliséierung, Rassismus, Gläichberechtegung, Fanatismus, Auslänner, sougenannten Integratioun, Homosexualitéit, Krankheet, Zesummeliewe vu verschidde Generatiounen, Muechtmëssbrauch, Solidaritéit, et j'en passe.
Alles ass an dësem Roman thematiséiert. Awer op esou eng agreabel, intelligent an zeréckhalend Manéier, datt et engem u sech eréischt zum Schluss bewosst gëtt. Näischt ass opgesat, forcéiert, am Géigendeel, alles passt, füügt sech an, souguer der Jeanne hier lucide Dreem spillen eng eminent Roll.
Een essentiellt Stéck Lëtzebuerger Literatur
An dann, nieft oder grad wéinst all deem Schrecklechen, wat geschitt, bilt sech eng nei Gesellschaftsform am klengen Duerf, Solidaritéit a gelieften Demokratie gewanne géint Egoismus an diktatoresch Bestriewungen. Eng Zort Utopia matzen am Weltënnergang weist sech als eng méiglech Alternativ.
Dem Maxime Weber seng Figure si ganz divers, plastesch beschriwwen, et kann ee sech all eenzele Personnage gutt virstellen, fillen, all Handlung ass absolut an hirer Logik nozevollzéien. All Charakterzuch, all Passioun, all Stäerkt an Onzoulänglechkeet ass mënschlech an déi zwou Heldinne Jeanne a Caroline, esou ënnerschiddlech se och sinn, sinn absolut "Sympathieträgerinnen".
Duerchduecht Reflexiounen, charmant Uspillungen u bedeitend Science-Fiction-Auteuren, en ausgeräifte Plot, prägnant Charakteren an e fléissenden, räiche Schreifstil sinn hei d'Ingredienten aus deenen dësen iwwerzeegende Roman zesummegesat ginn ass. A grad elo an dësen Zäite wou den Egoismus, d'Spaltung vun der Gesellschaft, d'Angscht virun der Zukunft an d'Onsécherheet eisen Alldag beherrschen en essentiellt Stéck Lëtzebuerger Literatur.