Radioen

On air

Notturno  |  Gregory Groover Jr. - May All Your Storms Be Weathered

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Liewen am Film

Festival de Cannes

Ee Liewen am Film

Een Dram hunn déi dräi jonk Lëtzebuerger Talenter, déi op Cannes komm sinn, gemeinsam: vum a fir de Kino liewen. De Schauspiller Tommy Schlesser, d'Realisatrice Diana Nilles an d'Schauspillerin an Theater Zeenaristin Aude-Laurence Biver kruten dëst Joer eng Bourse vum Filmfong an eng Invitatioun, fir mat op Cannes op de Filmfestival ze kommen.

auto_stories

4 min

Tommy Schlesser: Nei Kontakter knäppen an aler fleegen

Et ass déi siwente Kéier, datt den Tommy Schlesser op d'Croisette gereest ass. Mee et ass déi éischte Kéier, datt hie vum Filmfong invitéiert gouf an dobäi och nach eng Bourse krut. Keng Selbstverständlechkeet fir deen 28 Joer alen Acteur. Hie géif déi Chance och net als Selbstverständlechkeet ugesinn. Fir hie wier et wichteg, fir all Joer op Cannes ze kommen, fir al Kontakter ze fleegen an neier ze knäppen.

"Véier Filmplakater hänken am Lëtzebuerger Pavillon. A véier mol spillt den Tommy Schlesser mat", seet de Félix Kochs. De Schauspiller krut Rollen a "Superjhemp retörns", "Murner" vum Christian Frosch, dem Alexandre Espigares säi "Wollefszant" an dem Clara von Gool säi "The Beast in the Jungle".

Dee jonke Schauspiller ass eigentlech schonn en alen Hues an der Lëtzebuerger Filmwelt. Et kennt een hien als Jacques aus der Lëtzebuerger Serie "Comeback" oder och als Gaascht bei der däitscher Serie "GZSZ". Och fir d'Zukunft ass de jonke Schauspiller zouversiichtlech. Seng nächst grouss Roll spillt hien an der Lëtzebuerger Serie "Zëmmer ze verlounen", déi am Hierscht wäert ulafen.

Diana Nilles: D'Chancë sti gutt, datt ech éischter an Däitschland wäert schaffen"

D'Diana Nilles ass fir hir Aarbecht als Realisatrice op Cannes invitéiert ginn. Si huet zu London Filmrealisatioun studéiert. Zu Cannes erhofft sech déi 29 Joer al Fra, sou vill Filmer wéi méiglech kënnen ze kucken, fir Inspiratioun ze fannen.

Den nächste Projet ass eng "RoutWaissGro"-Dokumentarepisod, duerno steet ee Kuerzfilm an e Long métrage um Programm, iwwer deen d'Realisatrice awer nach keng Detailer wëllt verroden. Den Tommy Schlesser an d'Diana Nilles si sech Allenzwee awer nach net sécher, ob si hir ganz Carrière zu Lëtzebuerg wëlle maachen. "Meng Agence ass zu Berlin, dat heescht d'Chancë sti gutt, datt ech éischter an Däitschland wäert schaffen."

Fir a franséische Produktioune matzespillen, wier hiert Franséisch net gutt genuch. Si schléisst awer och net aus, fir mol op anere Plaze Filmer ze maachen. Den nächste Court métrage ass net op Lëtzebuergesch, et ass scho méi en internationaalt Thema.

Aude-Laurence Biver: "Paräis ass e regelrechten Dschungel"

Anescht denkt do d'Aude-Laurence Biver. D'Schauspillerin an Theater Zeenaristin, déi och eng Bourse vum Filmfong krut, ass hirersäits virun annerhallwem Joer vu Paräis op Lëtzebuerg geplënnert. Dat klengt Land géif Kënschtler vill Méiglechkeeten a manner Stress bidden.

"Paräis ass e regelrechten Dschungel. Ech hu keng Loscht de ganzen Zäit ze kämpfen, fir Aarbecht ze fannen." Si wéilt de Kontakt net verléieren, mee zu Lëtzebuerg hätt si vill Aarbecht, déi hir gefält a vill Méiglechkeeten. Och fir hir Theaterstécker gesäit d'Aude-Laurence Biver zu Lëtzebuerg méi Perspektiven.

D'Croisette ass och där 31 Joer aler Schauspillerin net onbekannt. Schonn hire Papp, de Robert Biver, war 2003 mat sengem Film "SDF, go Home" zu Cannes. D'Aude Laurence Biver, déi och e Faible fir Ëmweltthemen huet, erhofft sech zu Cannes vill Leit kennenzeléieren an hire Reseau doduerch ze vergréisseren. Net ëmmer eng einfach Aufgab op deem gréisste Filmfestival vun der Welt.

"Wann een net schonn e puer Leit kennt, kann ee sech séier hei verléieren", seet d'Aude-Laurence. Et misst ee strategesch virgoen a sech e Plang maachen, fir déi richteg Persoune kennenzeléieren.

Den nächste grousse Projet ass d'Produktioun vun engem Theaterstéck, dat d'Aude Laurence Biver grad fäerdeg geschriwwen huet. An och do geet et ëm wichteg Themen, déi d'Welt beréieren. Déi dräi jonk Lëtzebuerger Talenter hunn op jidde Fall eppes gemeinsam. Si wëllen hiert Liewen an der Filmwelt verbréngen.