Véier Kaartespiller - en Hannerzëmmer an engem Bouneweger Bistro, e Wiert, deen alles weess, eng Patronne, déi näischt wësse wëllt an eng ganz Rëtsch mol méi lëschteg, mol méi traureg , op alle Fall zimmlech skurril Personnagen, déi an dësem Café an an aus ginn - dat ass de Stoff, aus deem de Jos Kayser seng kuerz a komplex Geschicht gestréckt huet. A méi wëll ech hei net iwwer den Inhalt verroden.
En niichtere Stil voller Wuertwitz
Op knapp 35 Säite geléngt et dem Auteur net just e wierklech spannende Plot ze entwéckelen, mee virun allem ass et hei seng Erzielweis, déi een an eng kleng Ënnerwelt mathëlt a bis zum Schluss net erausléisst. Gezielt gëtt d'Geschicht vum Sam, dem Mann hanner dem Comptoir - an engem knappen, niichtere Stil, voller Wuertwitz a pechschwaarzen Humor.
Eng Geschicht, déi ganz banal ufänkt a sech op ëmmer méi an d'Absurd steigert, ouni d'Logik ze verléieren oder onglafwierdeg ze ginn. Mee nieft der batter-béiser Geschicht weist de Jos Kayser hei wat hie gutt kann: eenzel Charakteren - an der sinn der hei eng sëlleg - ganz prezis mat just e puer Pinselstrécher ze zeechnen, ouni sech an onnéideg Detailer ze verléieren an awer e kloert Bild opzeginn.
Eng Geschicht fir anzedauchen
Eng ongekënschtelt, kloer a sécher Sprooch féieren d'Lieser an e Milieu, deen un amerikanesch Krimien aus de 20er an 30er Joren erënnert. Hei ass keen onschëlleg, souguer net deen, dee sech am Fong geholl aus allem eraushält.
Datt d'Geschicht haut an zu Bouneweg spillt, huet natierlech e besonnesche Charme, grad wéi d'Personnagen, déi kloer dem Lieser friem sinn, duerch hier Hannergrënn engem awer keng Onbekannte sinn, wat dann d'Story nach méi witzeg mécht an och dofir suergt, datt een als Lieser Sympathie fir den een oder anere Verbriecher entwéckelt.
Wäit ewech vu moraliséierende Statements, eng richteg frech erfrëschend a sprëtzeg Geschicht, déi ech jiddwerengem un d'Häerz leeë kann.