Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kulturprogramm gouf virgestallt

Esch2022

De Kulturprogramm gouf virgestallt

Véier Méint virum offizielle Lancement vun der Kulturhaaptstad Esch2022 ass haut an der Rockhal de Kulturprogramm virgestallt ginn. Den Organisateuren no sinn déi 130 lokal Projeten an "dréchnen Dicher". Vun den ugestriefte Sponsoregelder ass een nach e Stéck ewech.

auto_stories

3 min

Zënter September leeft schonn de Remix Festival, dee progressiv op déi grouss Kulturhaaptstad-Ouverture vum 26. Februar soll astëmmen. Enn Januar, also ee Mount virum "Remix Opening", leeft am Escher Theater mam Stéck "Idiomatic" deen éischten Esch2022-Projet. Käerjeng lancéiert sech als éischt Gemeng mat engem "Festival du feu" an dem öko-gastronomeschen Evenement "Au Goût du terroir".

En Echantillon vun e puer Dose Manifestatioune gouf an der Rockhal kuerz virgestallt. Um Internetsite esch2022.lu soll de Programm vum ganzen nächste Joer no an no komplettéiert ginn. Fir méi Iwwersiicht ze schafen, verdeelt sech déi Mass un Evenementer thematesch op véier Pilieren: Identitéit an Diversitéit; Nohaltegkeet; d'Dekonstruktioun vu Clichéen a Bezuch op Europa; an zäitgenëssesch Konscht un der Schnëttstell tëschent Technologie a Wëssenschaft.

"130 Projeten hunn de Label Esch2022 kritt, dovunner 80 zu Esch", sot de President vun der ASBL Esch2022 an Escher Buergermeeschter Georges Mischo. "Dat ass fir eng Stad ewéi Esch extreem flott an extreem erausfuerderend, mee all de Servicer an Equippe wäerte mer dat sécherlech packen."

"An dréchnen Dicher"

Virun engem hallwe Joer war eréischt e Brochdeel vun de Konventioune mat deene lokale Projetsdréier ënnerschriwwen. Vill waren net mat der Ausleeung vum Vertrag, dee se un d'Organisatioun vun Esch2022 sollt bannen, averstanen. Dee Volet schéngt elo gereegelt ze sinn. Dozou d'Programmdirektesch Françoise Poos:

"D'Froen, déi am Ufank nach waren, sinn elo alleguerte geléist. Wat de Moment ass, ass administrativ: dat muss jo alles ënnerschriwwe gi vum Conseil. De Georges Mischo huet gesot, hie géif stonnelaang Konventiounen ënnerschreiwen. Do komme ganz Päck beieneen. Déi lescht, eng sechs-aacht Stéck, wäerten elo an deenen nächste Wochen ënnerschriwwe ginn, déi wéi gesot alleguerten an dréchnen Dicher sinn. (...) Et si verschidde Gemengen, verschidden eenzel Projetspartneren, wou ganz einfach iwwer de Summer verschidden Administratiounen e bësse méi lues waren."

D'ASBL Esch2022 organiséiert selwer eng 30 zousätzlech Projeten, déi gréisstendeels den Industriesite vun Esch-Belval solle valoriséieren, sou d'Françoise Poos:

"D'Mëllerei, hei niewendrun, déi nach am Gaangen ass, prett gemaach ze ginn - a jo, si gëtt fäerdeg! - steet dobäi am Mëttelpunkt. Mat groussen Ausstellungen, déi a Kollaboratioun z.B. mam ZKM Karlsruhe, mam Haus der elektronischen Künste vu Basel an Ars electronica vu Linz organiséiert ginn."

Déi am ganzen 160 Projeten deklinéiere sech an 2.000 Evenementer, dovun déi eng Hallschent eleng zu Esch, an déi aner Hallschent an den 18 Lëtzebuerger a franséische Gemengen, déi d'Kulturhaaptstad wäerten animéieren.

Nach net genuch Sponsoren

Anescht ewéi de programmateschen Deel ass dee finanziellen nach net grad an "dréchnen Dicher". Dräi Milliounen Euro wollt een iwwer privat Sponsoren zesumme kréien, bis elo ass ee bei 1,4 Milliounen, also manner ewéi d'Hallschent, sot eis op Nofro d'Anne-Catherine Richard, Responsabel fir de Volet Sponsoring. Virun allem feelt et un Haaptsponsoren:

"Mir hunn elo zwee Haaptsponsoren, BMW an ArcelorMittal. De ganze Sponsoring-Package pro Sponsor ass 600.000€."

Der Generaldirektesch vun Esch2022 Nancy Braun no wier een nach an Diskussiounen:

"Mir schaffen natierlech weider u Partenariater, et ass nach net alles prett gewiescht fir haut. Mir hätte ganz gäre gehat, et wier deen een oder anere Partner haut schonn dobäi. Mir sinn am Gaang ze negociéieren. Dat ass och an dësen Zäiten net esou ganz einfach. Ech mengen, jiddereen huet seng Prioritéiten."

Déi kulturell Evenementer wieren awer net a Fro gestallt, sou d'Anne-Catherine Richard. Sollt et finanziell knapp ginn, da misst ee sech intern ëmorganiséieren.