Radioen

On air

Tockcity  |  Arab Strap - Bliss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Clubsterben zu Berlin

Nuetsliewen

Clubsterben zu Berlin

Zu Berlin zirkuléiert zanter e puer Wochen nees de Begrëff Clubsterben, an et gëtt virun engem kulturellen Ausverkaf gewarnt. Grond ass d'Fermeture vun der Griessmühle, engem bekannte Berliner Club a Kulturzenter. D'Clubsterben ass awer nëmmen een Deel vun enger méi grousser Entwécklung an der Stad, déi all Bewunner betrëfft.

auto_stories

5 min

Eng leschten Kéier gouf dëse Weekend op der Sonnenallee 221 gefeiert. Zanter 2011 huet de Club Griessmühle hei all Weekend seng Diere fir d'Partyvollek opgemaach an ass iwwer d'Joren zu enger absolutter Institutioun vum Bezirk Neukölln an der Stadt Berlin gewuess. Hei, um Terrain an am Gebai vun enger eemoleger Nuddelsfabrick, ass e kulturellen Biotop entstanen, an deem Konscht an Nuetsliewen esou ausgelieft goufen, wéi de Public et wollt: fräi vun alle Konventiounen.

Net deen éischte Club

Filmowenter, Concerten a genderqueer Technosoiréeën, alles an engem post-industriellen Fräiheetsrefugium. Elo ass awer Schluss. De Besëtzer vum Gebai huet de Kontrakt mam Club net verlängert. A scho kurséiert nees de Begrëff Clubsterben, well d'Griessmühle reit sech an eng laang Lëscht vu Berliner Clubben an, déi an de leschten Joren hir Dieren hu missen zoumaachen. De Georg Kössler, Politiker vun de Gréngen am Berliner Abgeordnetenhaus, gesäit allerdéngs eng aner Entwécklung:

"Wir haben in Berlin in den letzten zehn Jahren fast 100 Clubs verloren, es sind aber auch fast 80 neue Clubs entstanden. Insofern ja, die Clubszene ist unter Druck, wir haben es aber vielmehr mit einer Verdrängung der Clubs and die Ränder der Stadt zu tun, die eine wirkliche Herausforderung für uns ist."

Och d'Griessmühle ass an dësem Fall, well de Club weiderhi Partye wëllt organiséieren, ebe just op eng oder zwou anere Plazen an der Stad. De Proprietär vum ale Grondstéck huet awer e Stéck Hoffnung gelooss, datt et an Zukunft nees kéint e Club um Terrain ginn. E wichtegt Signal, fënnt den Georg Kössler:

"Dieses Signal, dass Clubkultur für uns Kultur ist und erhalten werden muss und natürlich auch wertsteigernd ist für die Stadt, dieses Signal sollte vom Beschluss des Abgeordnetenhauses und von unserer Arbeit ausgehen und das Beispiel Griessmühle zeigt, dass es es bei manchen Investoren ankommt. Der Investor hat verstanden: Clubkultur gehört zu Berlin und er wird nun prüfen, inwieweit er sein Grundstück dort entwickeln kann, dort bauen kann, und trotzdem Clubkultur dort vor Ort erhalten kann."

Rettung fir d'Griessmühle?

Bis op d'AfD an d'FDP gouf et am Berliner Abgeordnetenhaus en iwwerparteilechen Konsens, datt d'Griessmühle soll erhale bléiwen. E wichtegt Zeechen un d'Clubkultur seet den Lutz Leichsenring vun der Clubcommission, dem Verband vun de Berliner Clubben:

"Es ist auf jeden Fall nicht so oft vorgekommen, dass es so eine breite Unterstützung gegeben hat von allen Ebenen der Politik, von der Lokalpolitik im Bezirk Neukölln bis hin zum Abgeordnetenhaus, das zum ersten Mal zu diesem Thema eine Abstimmung durchfegührt hat."

Mëttlerweil hätt jiddwereen an der Stad verstanen, wéi wichteg d'Clublandschaft fir Berlin ass, seet den Leichsenring. Bal een Drëttel vun allen Touristen, déi an d'Stad reesen, géife wéinst dem Nuetsliewen kommen. Dacks wéinst Clubbe wéi der Griessmühle. Dës gesäit de Bezirksbürgermeister vun Neukölln, de Martin Hikel, awer a Gefor:

"Was Berlin schon lange nicht mehr hat, ist das Phänomen, dass Clubs illegal sind, dass einem Nachrichten geschickt werden, dass dort und dort eine Party in der und der Ruine stattfindet. Das ist weitesgehend vorbei, weil es gibt die leerstehenden Häuser einfach nicht mehr. Damit muss man sich abfinden und das wird bei einigen dazu führen, dass sie sagen: Berlin hat nicht mehr die Clubstruktur von früher, weil diese anarchischen Partys so nicht mehr stattfinden, wie sie vielleicht noch vor 10 Jahren stattfinden konnten. Da geht etwas verloren, das wird auch nicht wiederkommen, da machen wir uns auch keine Illusionen. Ich glaube aber, dass eine Chance darin besteht, die aktuellen Clubs in ordentliche Strukturen und damit auch Sicherheit zu überführen.

Mat méi Sécherheet an Uerdnung geet e Stéck Authentizitéit verluer, déi d'Berliner Clubzeen vun anere bis elo ënnerscheet huet, weess och den Martin Hikel:

"Also wenn das alles cleane Clubs wären, dann wird dieser Charme verloren gehen. Dann wird die Clubstruktur in Berlin sich nicht mehr großartig von der in London, New York oder Paris unterscheiden."

Fir datt et net esouwäit kënnt, soll d'Politik klengen an eenzegaartegen Clubbe wéi der Griessmühle hëllefen an Terrain zur Verfügung stellen, fuerdert den Georg Kössler.

"Der Raum wird einfach so knapp, dass wir darüber nachdenken müssen, landeseigene Flächen der Clubkultur zur Verfügung zu stellen, auch wenn es dann nicht mehr ganz so wild zugeht wie in den 90ern."

De Martin Hikel gesäit dat änlech, mee och net onproblematesch:

"Ich halte es für sinnvoll, wenn man in der Stadt mit den Clubbetreibern Orte identifiziert, wo Clubkultur stattfinden kann - durchaus. Wieso sollte man das nicht tun? Die Frage ist nur - und die muss ich auch einfach offensiv stellen - wir sind mittlerweile so verdichtet, dass ich nicht weiß, ob die Stadt dieses Versprechen auch einlösen kann, weil es diese großen Brachflächen - ich kann zumindest für Neukölln sprechen - gar nicht mehr gibt."

Immobiliemaart a Kapitalismus

Fir den Georg Kössler ass et e Kampf tëschent David a Goliath. De Berliner Immobiliemaart fir d'kommerziell Notzung wier de rengste Wëlle West Kapitalismus, seet hien a fuerdert e bundeswäite Mechanismus a Form vun engem besseren Gewerbemieterschutz. Wei schwéier den Dialog mat Investoren dacks ass, weess och den Martin Hikel.

"Viel Problematischer und schwieriger ist es mit Investoren ins Gespräch zu kommen, die mit der Stadt überhaupt nicht verbunden sind, sondern die die Immobilien und Grundstücke, die sie hier in der Stadt besitzen als reine Renditeobjekte sehen und zwar unabhängig davon, was in der Stadt passiert oder wer in den Immobilien wohnt. Das sind die viel problematischeren und ich kann sagen, mit denen ist es so gut wie unmöglich zu verhandeln."

Op der Sonnenalle 221 gëtt also bis op Weideres net méi gedanzt. Vläicht ass et awer grad d'Onbestännegkeet, déi d'Berliner Nuetsliewen charakteriséiert. Och virun iwwer zéng Joer schonn ass den Begrëff Clubsterben duerch d'Stad gegeeschtert. Fir e Kierfecht ass et awer nach zimmlech lieweg an haart dobaussen.