Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Loyle Carner - Nobody Knows (Ladas Road) [Clean Edit]

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Leit spille gäre mam System, fir zu hirem ze kommen"

Cineast

"D'Leit spille gäre mam System, fir zu hirem ze kommen"

Mat "The Line" huet de Peter Bebjak een impressionante Thriller gedréint iwwert de Schmuggel op der slowakesch-ukrainescher Grenz. Interview mam slowakesche Realisateur, deen am Kader vum CinEast-Festival zu Lëtzebuerg war.

auto_stories

7 min

Eng kleng slowakesch Uertschaft op der Grenz mat der Ukrain am Joer 2007, kuerz virum Bäitrëtt vun der Slowakei an de Schengen-Raum. Den Adam ass de Chef vun enger slowakescher Gangsterband, déi haaptsächlech Zigaretten an och Mënschen iwwert d'Grenz an d'EU schmuggelt - praktesch ee Familljebetrib, dee seng Mamm viru Joren an d'Liewe geruff hat. Den ukrainesche Boss, deen de ganze Reseau kontrolléiert, setzt den Adam ënner Drock fir och Drogen duerchgoen ze loossen. Aus moralesche Grënn refuséiert hien dat awer. Wéi laang geet dat nach gutt? Virun allem: Kann den Adam op d'Loyalitéit vu sengen enkste Mataarbechter setzen?

Interview Peter Bebjakplay_arrow

Michel Delage: Äre viregte Film "The Cleaner" (Čistič) war, Peter Bebjak, ee méi intimistesche Film mat wéinege Personnagen. An deem neie Film "The Line" (Čiara) ass et grad de Géigendeel: et ass een ambitiéise Film mat ville Personnagen. War et ee bewosste Choix fir ze wiesselen?

Peter Bebjak: "The Cleaner" war deen intime Film, well d'Dréibuch dat esou verlaangt huet. D'Dréibuch vun "The Line", déi Geschicht op der slowakesch-ukrainescher Grenz, huet ebe mat ganz ville Personnagë missten erzielt ginn. Wat mech vun engem Film op deen aneren interesséiert, ass, all Kéiers d'Approche, de Genre z'änneren.

Hutt Dir elo also ee Gangsterfilm gedréint nom Beispill vun engem Martin Scorsese oder vläicht och Jacques Audiard?

Wat sech aus der "Fräiheet" vun där Regioun an den 90er Joren erginn huet war, datt Krimineller sech d'Codë vu Filmer wéi deene vum Scorsese oder Coppola ugëeegent hunn. Dat ass vun dohannen, vun iwwert dem grousse Pull eriwwer komm.

Den Adam (Tomas Mastalir) a seng Equipe

Et ass och e Film iwwer Famill, am breede Sënn vum Wuert, mat all den Ofhängegkeeten, déi et an enger Famill gëtt.

Ee Familljefilm ass eppes aneschters. Mä et muss ee bedenken, datt d'Famill am slowakeschen, kathoulesche Kontext, immens wichteg ass. Et geet ëmmer drëms, fir hir Sécherheet ze suergen, datt et där gutt geet. Dem Haaptpersonnage geet et haaptsächlech dorëms, wann néideg och baussent alle legale Standarden.

Ech hunn och elo d'Famill gemengt am Sënn vu Mafia-Famill, Leit, ëm déi ee sech muss bekëmmeren, déi fir ee schaffen.

Jo, natierlech sinn d'Familljeverhältnisser do. Uewe steet deen, deen d'Hand iwwert allem hält an den Ernierer ass vun där Famill. Gläichzäiteg hëlleft een deem aneren, well ee weess, datt nëmmen dat richteg fonctionnéiert.

Ech huelen un, datt Dir fir "The Line" hutt misste recherchéieren. Wéi hutt Dir Iech ugeluecht, fir Iech iwwert de Schmuggel op der slowakesch-ukrainescher Grenz virum Antrëtt vun der Slowakei an de Schengen-Raum 2007 z'informéieren?

Engersäits huet een d'Perspektive vun der Police a vun de Leit, déi op der Grenz schaffen. Mir hunn einfach d'Geschichte gesammelt, wéi si dat aus hirer Siicht wouer geholl haten. Anerersäits huet een natierlech déi Leit, déi sech mam Schmuggele vu Gidder oder Mënschen e Geschäftsmodell opgebaut hunn. Bossegerweis hunn déi Leit ganz gären hir Geschichten erzielt. Well fir verfollegt ze ginn, missten si fir d'éischt festgeholl ginn...

Aus Ärem Film geet ervir, datt Dir Iech am Fong keng Illusioune maacht, datt d'Grenzen zënter dem Antrëtt an de Schengen-Raum méi streng kontrolléiert géife ginn. Do gëtt et aner Kräften, déi dofir suergen, datt d'Grenz porös bleift ...

D'Leit spille gäre mam System, fir en esou ze dréinen an ze béien an eventuell och ze briechen, fir datt et an hir eegen Hänn spillt. An deem Sënn loossen d'Leit sech zimlech vill afalen. Am Fong ass et komplett egal, op do elo Beweegungssensoren, Kameraen oder soss sophistiquéiert Iwwerwaachungsapparater stinn. Déi Leit fannen ëmmer e Wee.

D'Grenz an "The Line" ass net nëmmen eng geografesch, mä och eng, déi sech op mënschlech Relatioune bezitt. Do setzt ee sech moralesch Limitten: den Haaptpersonnage Adam refuséiert Drogen ze schmuggelen ...

Dat war eng vun den Erausfuerderunge bei der Aarbecht um Dréibuch, datt déi Linn gesat gëtt, souwuel fir d'Personnagë wéi och am geographesche Sënn. Wann een déi Linn iwwerspréngt, kann een net méi zréck.

Dee Sprong bréngt de Film dann och zum Kippen, an och dee ganze System, deen de Gangsterboss Adam opgebaut huet ...

Am Fall vum Adam trëllen déi ganz Muechtverhältnisser a sech zesumme wéi eng Sandbuerg. Um Enn geet et nëmmen nach ëm dat plakegt Iwwerliewen.

Den Adam (Tomas Mastalir) a seng Mamm (Emília Vásáryová)

Wat de Film och weist: sou staark een och ass, et huet een ëmmer een nach méi Staarken iwwert sech.

Ech hoffen, datt dat och esou wouer geholl gëtt. Datt et nach an d'Luucht geet an do ganz vill Dynamiken openeentreffen.

An d'Fräiheet fir deen Eenzele geet verluer. Den Adam ass praktesch gezwongen, an deem System matzemaachen. Vum groussen ukrainesche Boss kritt hie gesot: "Wann s du keng Droge schmuggels, kriss de iwwerhaapt näischt méi ze transportéieren".

Dee méi staarken Hond hëlt déi méi kleng erbäi. Déi Muechtverhältnisser iwwerdroe sech an eng komesch männlech Ego-Nummer. Op der slowakescher Säit ass et den Adam. Wann een natierlech op déi aner Säit geet, ass et een nach méi décken.

Elo d'Aart a Weis wéi Dir filmt, Är Biller opbaut a kadréiert. Dat ass alles ganz präzis, ganz duerchduecht. Dir maacht Plan séquencen (= eng méi oder manner laang onënnerbrachen Opnam), am Kader gëtt et verschidden Niveauen.

Ee wichtegen Afloss sinn d'Plazen, wou gedréint gouf. Mir hunn opgepasst, wéi d'Leit ugedoe sinn, wat déi sozial Statusse sinn an deene Géigenden. Dat huet d'Faarf vum Film, déi allgemeng Atmosphär festgeluecht. Dat am Hannerkapp huet deementspriechend virginn, wat an der Regie-Aarbecht, an der Mise en scène vir am éischte Plang passéiert, mat Hëllef natierlech vun de Schauspiller. Wat dann am zweeten an drëtte Plang hannendrun ofleeft, déi Mise en scène muss net onbedéngt vu schauspillerescher Prestatioun ënnerstrach ginn. Mä - wéi gesot - och vun der Atmosphär, déi vun Ufank u ginn ass.

Humor spillt an Ärem Film eng grouss Roll, dat Tragescht a Brutaalt gëtt domat ausgeglach. An enger Zeen, beispillsweis, freet e jonke Kärel den Adam ëm d'Hand vun deem sengem Meedchen während am Hannergrond grad een zesummegeschloe gëtt ...

D'Liewen ass natierlech zesummegesat aus engem décke Kontrast, woubäi dat eent dat anert niert, an ëmgedréint. Natierlech ass et eng Tragedie. Mä, grad wéi am Liewen och, gëtt et kleng Momenter - sief et nëmme kleng Drëpsen - déi dat grousst Bild quasi ëmgeheien, deem Ganzen eng Säftegkeet ginn. Quitt, wéi gesot, datt et an de groussen Zich alles anescht wéi witzeg ass.

Am Film ginn och d'Flüchtlingen thematiséiert, hire Wee fir an Europa. Et ass och eng Wuer, déi geschmuggelt gëtt iwwert d'Grenz. D'Slowakei ass ee vun deenen EU-Memberstaaten, mat Ungarn oder och Polen, déi Flüchtlinge bei sech refuséieren. Ass de Film och elo eng Kritik un Ärer Regierung?

De Film spillt jo 2007, iert d'Slowakei dem Schengen-Raum bäigetrueden ass. Also nach virun der "grousser Flüchtlingswell", sou wéi mir se haut kennen. Gréisstendeels sinn d'Slowaken éischter dogéint, datt déi Leit bei si esou erakommen. Deemools kruten 20.000 Asyl-Demandeuren hir Pabeieren. Nom Schengen-Bäitrëtt gouf et Widderstand, wéi et geheescht hat, datt 1.200 Leit sollten iwwert d'Grenz gelooss ginn a Pabeiere kréien. Dat obwuel gläichzäiteg bei wäitem méi Leit ouni Pabeieren iwwert d'Grenz geboxt goufen, ouni datt driwwer geschwat gi wier.

Mä "The Line" hutt Dir elo gedréint, de Film gëtt elo gewisen, dat heescht, et ass e Kommentar op dat, wat an der Lescht geschitt ass.

Mäi Brudder ass 1988, nach während dem kommunistesche Regimm, iwwer Ëmweeër an de Kanada verschwonnen. 1968 waren déi sowjetesch Truppen an d'Tschechoslowakei agefall: deemools waren dausenden an dausende vun Tschechen a Slowake fort gaangen. Ech verstinn et also ganz gutt, wat et heescht, vun doheem fortzelafen, sief et aus Angscht virum Militär oder wat och ëmmer. Ech verstinn dee Wonsch, säi Liewe wëllen anzwousch anescht ze maachen.


"The Line" leeft nach eng Kéier dëse Mëttwoch 18. Oktober um 19:00 am Utopia, am Kader vum CinEast-Festival.