Radioen

On air

Jazz Club  |  Aaron Parks Little Big live at Jazz Dock Prague

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Paddington Bear: De brittesche Kannerheld kënnt nees an de Kino zeréck

Kino

Paddington Bear: De brittesche Kannerheld kënnt nees an de Kino zeréck

De Paddington Bear ass mat engem neie Film zeréck. “Paddington in Peru” ass deen drëtte Film an der Trilogie ëm de brittesche Bier, deen zeréck bei seng Origine reest. D’Claire Barthelemy huet sech d’Geschicht vum beléifte Bier ugekuckt.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© Claire Barthelemy play_arrow
(Foto: Claire Barthelemy)

Hien huet e bloe Mantel an ee rouden Hutt hunn. Hien ass ëmmer ganz frëndlech an optimistesch, mee och immens tollpatscheg. Am léifsten ësst hie Gebeesseschmieren. Dat ass de Paddington Bear, ee vun de bekanntste brittesche Kannerhelden, deen zënter ronn 10 Joer weltwäit a ganz beléiften animéierte Filmer ze gesinn ass. Mee a Groussbritannie begeeschter dëse Personnage d’Kanner scho bal 70 Joer laang.

“Këmmert Iech w.e.g. ëm dëse Bier”

Hien ass fir d’éischt 1958 am Buch “A Bear named Paddington” vum Michael Bond opgetaucht. Den Auteur sot hien hätt ee Petzi an engem Buttek gesinn, dee ganz aleng um Regal souz. Well deen him leed gedoen hat, hätt hien e senger Fra als Kaddo kaaft. 

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

An du koumt him d’Iddi fir ee Buch iwwer een eleng-geloossene Bier ze schreiwen. Dëse Bier huet am Peru mat senger Tata Lucy gelieft. Wei d’Tatta dunn awer an een Heem fir pensionéiert Biere komm ass, huet si sech entscheet, dee Klengen an England ze schécken. Si huet him d’Sprooch bäibruecht an arrangéiert, datt hien als blanne Passagéier mat engem Schëff op déi brittesch Insel kënnt.

Et war d’Famill Brown, déi hien dunn zoufälleg op der Paddington Station getraff huet.

“Këmmert Iech w.e.g. ëm dëse Bier” stoung op engem Ziedel, deen hien ëm den Hals hänken hat. Genau dat huet d’Famill Brown dunn och gemaach, a si huet hien, genau wei d’Zuchstatioun, wou e fonnt ginn ass, Paddington genannt. 

De Bier, deen ee Flüchtling ass

Den tollpatschege Bier huet fir Chaos an och fir vill Aventurë gesuergt, mee mat sengem groussen Häerz huet hien d’Famill méi no zesumme bruecht.

De Michael Bond sot an Interviewen, datt hie sech um 'Kindertransport' inspiréiert huet, wou wärend dem Zweete Weltkrich europäesch Kanner a Groussbritannie geschéckt goufen, fir dem Krich ze entkommen. Och goufe Kanner aus dem Süde vun England rop an den Norde geschéckt, ewech vun de Bomme vun den Nazien. Genau wei dem Paddington Bear gouf och ville Kanner ee Schëld mat hirer Adress ëm den Hals gehaang. 

De Paddington Bear ass omnipresent zu London. | © Jo Diseviscourt
De Paddington Bear ass omnipresent zu London. (Foto: Jo Diseviscourt)

“De Paddington war also, an engem gewëssene Sënn, ee Flüchtling. An ech fannen et gëtt näischt mei Traureges, wei Flüchtlingen,” sou sot de Michael Bond an engem Interview mam Guardian.

An enger Zäit wou et an England Protester a souguer och Ausschreidunge géint Migrante gëtt, erënnert de Paddington Bear erëm un d’Toleranz an d’Wëllkommskultur vum Land. 

Zesumme mat der Queen eng Schmier iessen

De Bier ass an der brittescher Kultur sou verankert, datt d’Queen hie fir hire 70. Troun-Jubiläum op den Afternoon Tea agelueden huet. Well den tollpatschege Bier do awer de ganze Service op d’Kopp gehait huet, huet hien der Queen säi Liblingsiessen ugebueden, an zwar eng Schmier mat Gebeess, déi hien aus dem Hutt gezunn huet. An do huet d’Queen d’Posch rëm zougemaach. De Video war immens beléift bei de Leit, a fir vill war et déi leschte Kéier, datt si d’Queen sou laache gesinn hunn. Si ass e puer Méint drop gestuerwen. 

An hirer Trauer hunn d’Leit du Paddington Bear Petzien a souguer Gebeesseschmiere virun de Buckingham Palace geluecht. Et waren der souguer souvill, datt d’Royal Parks soten, et soll ee keng mei dohi bréngen.

An elo muss de Paddington Bear no senger eegener Famill kucken. Am leschte Film aus der Trilogie krit de Bier ee Bréif aus dem Peru.

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Et steet also eng nei Aventure u fir de Bier an seng brittesch Famill. Wien de Paddington Bear selwer, oder besser gesot, eng Statue vun him gesi well, dee kann dat zu London op der Paddington Station maachen. Do sëtzt nämlech genau wéi am Film op der Plattform 1 ee klenge Bier ze waarden. Lo sinn ëmmer Leit bei him, déi Fotoe maachen, oder sech bei hie setzen. Eleng ass hie lo also net mei.

Lauschterenplay_arrow