Radioen

On air

Tockcity  |  MJ Lenderman - Bury The Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Sträit mat "Jewish Call for Peace": Kulturminister stellt sech hanner neimënster

Centre culturel neimënster

Sträit mat "Jewish Call for Peace": Kulturminister stellt sech hanner neimënster

De Kulturminister stellt sech hanner de Kulturzenter neimënster am Sträit mat der Associatioun Jewish Call for Peace. D'Abtei Neimënster hat eng Konferenz, déi d'Associatioun do wollt organiséieren, zum Theema "Den Holocaust an d'Verzerrung vum Antisemitismus", annuléiert. 

auto_stories

1 min

© Eric Thill
(Foto: Eric Thill)

Déi genee Grënn huet neimënster net matgedeelt. D‘LSAP-Deputéiert Franz Fayot an Yves Cruchten wollten dozou Detailer an enger parlamentarescher Fro. De Minister Eric Thill äntwert, datt hien och net déi genee Grënn wéisst, hie weist op d‘Autonomie vun de kulturellen Etablissementer hin.

Dës Decisioun géif awer net géint d‘Meenungsfräiheet verstoussen. Dem Centre culturel neimënster seng Decisioun wier a Kohärenz mat hire kulturelle Responsabilitéiten a Missiounen.