Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anja Di Bartolomeo - Wundholz

Buchkritik

Anja Di Bartolomeo - Wundholz

En turbulenten Ufank, skurril Figuren, verwonne Séilen: "Wundholz" ass eng léif, mat Momenter immens beréierend Geschicht, aus där méi hätt kéinte ginn, mengt d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Wann een d'Beschreiwung vun der Geschicht an den Ufank vu "Wundholz" liest, da mécht ee sech op eng Zort Slapstick-Roman gefaasst. An déi éischt Säite maachen net wierklech Loscht weider ze liesen.

Den éischten Drëttel iwwerzeegt net

Et fënnt ee sech hei an engem bayreschen Duerf erëm, et ass Summer 2007 an d'Anja Di Bartolomeo verpasst hei keng Zeil sech den triviaalste Klischeeën ze zerwéiere fir d'Duerfliewen ze beschreiwen.

De Buergermeeschter ass e klenge Faschist, de Paschtouer no bausse méi helleg wéi de Poopst, Jesus a Maria, Béier a Schnaps, Schwarzwaldklinik, Grüß Gott a Sauerkraut sinn d'Ingredienten, déi fir Amusement suerge sollen, an dann nach eng verréckte Boma, déi hire Blumme Rosamund Pilcher virliest a Yoga mécht.

Praktesch de ganzen éischten Drëttel vum Roman ass esou iwwerluede vu Personnagen, Evenementer, déi total absurd sinn, awer néierens hi féieren, sech openee stabelen, de Lieser iwwerrennen an midd maachen. Déi kuerz Sätz, déi schonn e Markenzeechen vun der Anja Di Bartolomeo hirem Schreiwe sinn, déi soss duerch hir Knappheet eng gewëss Atmosphär gezaubert hunn, droen hei just zu nach méi Hektik bäi.

D'Personnagë ginn awer ausgebaut

Da kënnt et awer zu engem Broch. D'Autorin léisst sech op eenzel Personnagen an, erzielt hir Geschichten, hir verstoppten Dreem an Ängschten, hire Frust an zerstéiert Liewen.

Wann et dorëms geet, e psychologescht Bild ze zeechnen, do weist d'Anja Di Bartolomeo immens vill Empathie, do geléngt et hir a kuerzen, knappen an einfache Sätz e Leiden, eng Isolatioun, ze beschreiwen, d'Bannen- a Baussebild vun de Protagoniste ganz glafwierdeg duerzestellen an de Lieser an de Bann ze zéien.

D'Sujete sinn net originell

Mee och do ass et erëm schued, datt d'Autorin mat esou wéineg originelle Sujeten schafft. Muss Bigotterie a Spiissegkeet dann ëmmer unhand vu selwechten Ophänkerte gewise ginn? Eng ongewollt Schwangerschaft? E Verstoppe vun der Homosexualitéit? Schéi Fraen an aflossräich Männer géint déck a frustréiert Hausfraen a versoffen-aggressiv Baueren?

Wann een esou déifgrënneg an awer liicht d'Gefiller a Gedanke vu Mënsche beschreiwe kann, da misst och de Kader méi originell duerchduecht ginn.

Et wier méi dra gewiescht

Et huet een den Androck, d'Autorin hätt sech bei der Sich vun de Protagonisten net vill Méi gemaach an do passt dann och, datt si hire Plot a Bayern gesat huet. Well et wëllt sech engem net richteg erschléissen, wisou dës Geschicht grad an Däitschland a sech grad an dësem Bundesland ofspillt. Vläicht well et do am einfachsten ass mat Klischeeën ze schaffen? Well engem d'Stereotyppen do virgi sinn, an een net méi wäit muss siche goen?

Et ass schued, well et einfach eng immens Diskrepanz gëtt tëschent dem Talent an dem Resultat.

"Wundholz" ass eng léif, mat Momenter immens beréierend Geschicht, déi weist, datt villes anescht ass, wéi ee mengt, datt d'Liewe méi Dimensiounen huet, wéi just dat, wat een no bausse gesäit. Mee dat ass et da schonn.

Et liest een awer och, datt hätt kënne vill méi doraus entstoen.