Geschicht Aarbechterkonsum

An der neier Hémecht (2022/2) geet et ënner anerem ëm d'Bedeitung vum Konsum vun der Lëtzebuerger Aarbechterklass am Ufank vum 20. Joerhonnert. Weider Themen: déi militäresch Organisatioun vun der Stad Lëtzebuerg am spéide Mëttelalter an déi rezent Entdeckung vun enger wichteger, vum Keeser Karel IV. gepräägter Goldmënz.

Michel Delage

Hémecht.jpg

Scho virum Éischte Weltkrich waren d'Membere vun der Aarbechterklass zu Lëtzebuerg als wichteg Konsumente wouer geholl ginn, schreift d'Historikerin Julia Harnoncourt an hirem Bäitrag. Een Zeechen dofir war d'Angscht vun de Geschäftsleit, fir dës Clientèle un d'Konkurrenz ze verléieren.

Wuere konnten eventuell méi bëlleg am noen Ausland akaaft ginn. Des weideren hat d'Patronat aus der Stolindustrie sougenannten Economaten an d'Liewe geruff, souzesoen d'Virfare vum Supermarché. Deen éischte gouf ëm 1900 zu Diddeleng ageweit. D'Patronat wollt sengen Aarbechterinnen an Aarbechter iwwer dee Wee méi präiswäert a qualitativ besser Wueren ubidden.

Iwwer d'Reproduktioun vun der Aarbechtskraaft eraus

D'Stolbarounen haten en Interessi drun, d'Iwwerliewe vun der Aarbechtskraaft an hir Reproduktioun ze sécheren, an dobäi d'Léin niddreg ze halen. Awer och fir en Drock- an Disziplinéierungsmëttel ze hunn, sou de Virworf vu politesche Vertrieder a Press vun der Aarbechterklass. Dofir hat déi eege Konsumveräiner op d'Bee gestallt, déi mat ausgewielte Geschäfter Exklusivverträg ausgehandelt hat. D'Geschäftswelt hat hirersäits mat Akaafskooperativen a Rabattspuerveräiner reagéiert.

D'Julia Harnoncourt analyséiert d'Argumenter vun deenen engen an deenen aneren, sou wéi se an de respektive Presseorganer ze liese waren. D'Historikerin weist, wéi je no Interessië mol méi fräien Handel, mol méi staatlech Regulatioun gefuerdert goufen.

Vun nationaler Solidaritéit bis zur individueller Verantwortung

Eréischt nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich an der Liewensmëttelpenurie ass de Staat, dee bis dohin éischter marginal agegraff hat, als den Haaptacteur an der Verdeelung vu Liewensmëttel opgetrueden. Et waren d'Ufäng vum Sozialstaat.

An der Krichsjore war och de Konsumenteschutz an d'Liewe geruff ginn. Individuellt Konsumverhalen, dat géint déi national Solidaritéit verstouss hat, gouf allgemeng un de Pranger gestallt. Grad ewéi Geschäftsleit, déi versicht haten, vun der Situatioun ze profitéieren. Et goung drëms, fir déi materiell schlecht gestallten Aarbechterklass, dat heescht, déi strategesch wichteg Stolproduktioun, z'ënnerstëtzen.

Deen Discours hat sech nom Krich awer lues a lues verännert. Den Aarbechterinnen an Aarbechter goung et net onbedéngt besser, dofir gouf méi un hir Eegeverantwortung appelléiert. Besonnesch d'Frae goufe via déi kathoulesch Press a speziellen, net onbedéngt reliéis gepräägte Schoulen ausgebilt, wéi een e Stot spuersam an effikass ze féieren hätt, erënnert d'Historikerin Julia Harnoncourt.

Militärorganisatioun vun der Stad Lëtzebuerg

An engem weideren Artikel an der Hémecht beschäftegt sech de Michel Pauly mam Militärdéngscht, deen d'Bierger vun der Stad Lëtzebuerg am spéide Mëttelalter ze leeschten haten. Zënter dem Fräiheetsbréif, deen d'Gräfin Ermesinde 1244 der Stad accordéiert hat, war all Bierger verflicht, sech aacht Deeg laang an op eege Käschten, um Päerd oder ze Fouss, un de Feldzich vum Landshär ze bedeelegen.

Fir iwwerhaapt Bierger ze ginn hat ee missten eng Arbalète an d'Waffenarsenal bäisteieren. D'Arbalètë goufen am Gemengenhaus op Kreep gehaangen. Verschidde Bierger, ënnert anerem aus dem Grond, hu missten e Wueschtdéngscht un der Festungsmauer leeschten, zum Entretien vun der Mauer bäidroen, déi iwwer eng Tax um Wäinhandel finanzéiert gi war, asw.

Wärend ee wéineg iwwer dat individuellt militärescht Equipement weess, kritt ee via d'Kontebicher vun der Stad Lëtzebuerg detailléiert Informatiounen iwwer dat kollektiivt Verdeedegungsmaterial, erkläert de Michel Pauly. Dorënner déi verschidden Typpe vu Kanounen, déi d'Stad spéitstens zënter 1388 selwer produzéiert hat. D'Kanoune selwer ware relativ gënschteg ze fabrizéieren, am Géigesaz zum Schwarzpolver, fir dat Salpéiter a Schwiefel hate missten ugeschaaft ginn. Fir mat Kanounen ze schéisse ware grouss Quantitéite Schéisspolver néideg. Den Numm vum Stater Quartier Polvermillen erënnert un déi Vergaangenheet.

Dem Keeser Karel seng Goldmënz

Anere Sujet an der neier Hémecht-Nummer. D'Existenz vun enger an der Mëtt vum 14. Joerhonnert vum Lëtzebuerger Keeser Karel IV gepräägter Goldmënz war ënner Historiker laang ëmstridden. De 17. November 1356 hat de Keeser zu Metz d'Kurfürsten aus sengem Hellege Réimesche Räich zesummegeruff. Fir deem wichtegen Evenement säi Stempel opzedroen a seng Muecht ënner Beweis ze stellen, hat de Karel IV also vu sengem Privileeg gebrauch gemaach an eng Mënz mat senger Devise a mat Adlermotiv schloe gelooss.

Sou stoung et jiddefalls an enger annerhalleft Joerhonnert méi spéit geschriwwener Chronik ze liesen. Nach vill méi spéit dann, rezent am Joer 2019, sinn zwee Historiker tatsächlech op e sougenannte "florin impérial messin de Charles IV" gestouss. Et sief, d'Analys vun der Zesummesetzung vun der Goldmënz, déi nach ze maache bleift, géif op eng Fälschung schléissen, schreift d'Hanna Schäfer, déi den historesche Kontext ëm dës numismatesch Entdeckung beliicht.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Hémecht Juli 2021
Geschicht

D'Covid-Noutmesurë vum Fréijoer d'lescht Joer verroden eng onbewosst Erënnerung un d'Peschterfarung hei am Land, schreift de Michel Pauly an engem Artikel vun der aktueller Nummer vun "Hémecht".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen