De Klau vun de Formatiounsdokumenter vu PwC wier manner schlëmm wéi de Klau vun de Steierrulingen, sot de Procureur géneral adjoint John Petry. Des Weidere wier et weder bei der Plainte vu PwC, nach bei de Poursuitë vun der Justiz ëm d'Formatiounsdokumenter gaangen.
De Parquet huet dofir eng einfach Geldstrof vu manner wéi 1.500 Euro gefuerdert. Am Uerteel vum éischten Appellsprozess waren et nach eng Prisongsstrof vu sechs Méint mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro.
De symboleschen Euro
Den Affekot vu PwC, Me Hervé Hansen huet sengersäits op eng Condamnatioun zum symboleschen Euro um ziville Plang bestanen, an zwar wéinst dem moraleschen a materielle Schued, deen d'Auditgesellschaft erlidden hätt. Vu Formatiounsdokumenter ze schwätze wier een Euphemismus: Et hätt sech heibäi ëm de Knowhow vun der Firma gehandelt.
Datt PwC de symboleschen Euro fuerdert wier skandaléis, sot de Me William Bourdon, ee vun den Affekote vum Antoine Deltour. De Schued, deen d'Auditgesellschaft wëllt erlidden hunn, wier imaginär.
Statut Whistleblower
Dem Deltour seng Verteideger hunn eng "Suspension du prononcé de la condamnation" gefuerdert: an deem Fall géif d'Geriicht vun enger Strof ofgesinn, den Antoine Deltour dierft sech awer während engem gewëssenen Delai keng méi erlaben.
D'Kassatiounsgeriicht hat den 11. Januar d'Uerteel géint den zweete fréiere PwC-Mataarbechter Raphael Halet confirméiert. Him war de Statut vum Whistleblower net unerkannt ginn. Fir den Halet ass déi nächst Etapp d'Stroossbuerger Mënscherechtsgeriicht. D'Uerteel am zweeten Appellsprozess géint den Antoine Deltour gëtt de 15. Mee gesprach.