Radioen

On air

Notturno  |  Allegra Krieger - Lingering

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweet Woch op der Welt-Klimakonferenz

Cop26

Zweet Woch op der Welt-Klimakonferenz

D'Welt-Klimakonferenz zu Glasgow geet an déi zweet Woch. Bis e Freide soll et en Akkord ginn, wa méiglech een dee weist wéi d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ka limitéiert ginn. Negociateuren op der Plaz weisen sech optimistesch, datt an dëser Woch d'Meenungsverschiddenheeten tëscht de verschiddene Länner kënne gekläert ginn.

auto_stories

2 min

Eng Woch laang schonn hunn d'Negociateuren aus knapp 200 Länner d'Dagesliicht bal net gesinn. Déi zweet Woch ginn d'Gespréicher och wuel bis spéit an d'Nuecht. Et geet drëms en Text ze fannen, deen den eenzele Ministere ka gewise ginn, an hiren Akkord ka kréien.

Eng Deklaratioun soll op den Dësch

Éischtens geet et drëms eng Deklaratioun op den Dësch ze leeën, deen nach eng Kéier d'Verspriechen anhale soll, d'Äerderwiermung op 1,5 Grad a maximal 2 Grad ze limitéieren. Detailer sollen dra stoen, wéi eenzel Länner assistéiere wëlle fir dat Zil ze erreechen.

Déi grouss Akkorde vun der éischter Woch wäerten drastoen, och wann déi net vun all Land ënnerschriwwe goufen: esou de Plang fir d'Zerstéierung vun de Bëscher virum Joer 2030 ze stoppen an d'Verspriechen Emissioune vu Methan ëm 30 Prozent ze kierzen. Et gëtt nach gehofft, datt aner Länner och nach dës Akkorden ënnerschreiwen. Esou kann d'Temperaturerhéijung op d'mannst theoretesch weider erofgeschrauft ginn.

Et ass een zwar optimistesch, datt e kompletten Text do stoe wäert, mee zu enger grousser Feier zum Schluss wéi zu Paräis 2015 kënnt et kaum. Et huet een nach eng Kéier gesinn, wéi verschidde Länner d'Negociatioune kënne ferm bremsen, Länner wéi China oder Saudi-Arabien zum Beispill.

E Reegelwierk soll och endlech komplettéiert gi fir déi vill Verspriechen anzehalen. Dat ass déi ganz Aarbecht, wou et schéngt endlos iwwer Transparenz, Finanzéierung fir aarm Länner, an aner nach méi komplex Themaen diskutéiert gëtt.

Ee Beispill: am Moment muss all Land seng eegen Ziler fir wa méiglech klimaneutral ze ginn all fënnef Joer presentéieren. Besonnesch d'Länner, déi am meeschten Zäregaser produzéieren, sollen dat all 1 oder 2 Joer maachen. Mee hiren Akkord dofir ze kréien, datt gëtt eréischt des Woch an den Negociatiouns-Raim entscheet.