Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - Masques, L 105 - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee weider Cluster an Alters- a Fleegeheemer

Corona-Pandemie

Zwee weider Cluster an Alters- a Fleegeheemer

Et ginn nei Clusteren an zwee verschidden Alters- a Fleegeheemer. Dat deelt d'Familljeministerin Corinne Cahen op Nofro hi mat. Zu Rodange an der Senioreresidenz gëtt e Cluster mat 16 Leit, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, zu Boufer "Am Park" goufen 20 Leit positiv getest.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Eng vun dësen 20 Bewunner "am Park" wier elo mam oder um Coronavirus gestuerwen, esou de gréissten Heembedreiwer Servior. Déi aner Leit, déi positiv getest goufen, an hir Kontaktpersoune wieren isoléiert ginn a missten elo mat hirer zweeter Impfung waarden, bis si nees negativ sinn, esou d'Corinne Cahen.

"Haut ginn all déi mat der zweeter Dosis geimpft, déi net positiv sinn. All déi aner, déi positiv waren oder d'Kontaktpersounen, do muss den Dokter ofschätzen sur place, fir ze kucken, ob d'Leit haut kënne geimpft ginn oder net."

Impfe wa positiv?

De Conseil superieur des maladies infectieuse (CSMI) schreift a senger Recommandatioun zum Pfizer-Vaccin, datt eng Impfung bei positive Leit warscheinlech keen negativen Impakt op de Covid-19-Krankheetsverlaaf huet. De Vaccin kéint deemno proposéiert ginn, wann de klineschen Zoustand vun der Persoun et zouléisst. Am Fall vun engem Zweiwel sollt d'Impfung e puer Woche verréckelt ginn.

Eng Fro, déi sech och beim Cluster zu Nidderkuer "um Lauterbann" gestallt gouf, wou am Ganzen 21 Leit an de leschten zwou Wochen um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn. Hei war de 17. Februar déi éischt Persoun positiv op der Coronavirus getest ginn, erklärt Servior. Si wier den Dag drop och net geimpft ginn, déi aner Awunner allerdéngs schonn, ouni datt si virdrun nach eemol op de Coronavirus getest goufen.

Onkloer wier nach, wou deen éischte Fall hierkoum, esou d'Corinne Cahen, dat wier awer immens schwéier erauszefannen. En Dënschdeg soll Servior an d'Santésdirektioun der zoustänneger Chamberkommissioun Explikatiounen zu de Fäll zu Nidderkuer ginn. Den CSV-Deputéierten Michel Wolter hat eng extern Analys vum Nidderkuerer Corona-Cluster am Altersheem gefuerdert.

Keng Virusvariant zu Nidderkuer

D'Santé hätt mëttlerweil awer matgedeelt, datt et keng Virusvariant zu Nidderkuer gi wier, esou d'Ministerin.

Bal d'Hallschent vun all de Covid-Stierffäll zu Lëtzebuerg an de leschten 12 Méint waren Awunner aus Heemer (317 vu 705). Dëst Joer war deen Undeel trotz Clustere méi niddereg: 43 vun 179 Stierffäll, gerechent zanter dem 5. Januar.