Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Three Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee nei Tracéeë fir den Tram

LuxTram

Zwee nei Tracéeë fir den Tram

A gutt 5 Joer sollen zwou Extensioune vum Tram fäerdeg sinn. Eng um Kierchbierg an eng Richtung Hollerech. Dat gouf haut virun der Press vu LuxTram ugekënnegt. Iwwert de Kierchbierg soll eng nei Linn de neie Quartier Laangfur ufueren. Vun der Gare aus soll dann eng Linn iwwer Hollerech fueren.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance Harald Tittel dpa

Lauschterenplay_arrow


135 Milliounen Euro sollen déi zwee nei Tracéeë kaschten, huet et virun der Presse geheescht. Dës Käschte wäerten ënnert den zwee Haaptacteuren opgedeelt ginn. Den André Van der Marck den Direkter vu LuxTram erkläert, datt de Staat dovun 90 Milliounen Euro iwwerhëlt an d'Stad Lëtzebuerg 45 Milliounen Euro.

Well bis 2035 ëmmer méi Leit an der Stad wunnen a schaffe wäerten, gëtt geschaat, datt bis dohin d'Zuel vun allen Deplacementer wäert ëm 40 Prozent erop goen. Den Tram wier, zesumme mat aneren ëffentlechen Transportmëttel, wichteg fir dësem Wuesstem gerecht ze ginn.

Extensioun um Kierchbierg

Den neien Tracé soll um Kierchbierg bis Enn 2027 gebaut ginn. Den André Van Der Marck erkläert, datt dës nei Linn sech um Boulevard Konrad Adenauer situéiere wäert.

"Le terminus se situera sur le futur Quartier de Laangfur et cette ligne introduira finalement encore un prolongement pour aller jusqu'au Quartier Kueberbierg"

De Bau vun dëser Extensioun wäert 106 Milliounen Euro kaschten. D'Bauaarbechte sollen Ufank 2025 ufänken.

An dräi Joer sollen d'Bauaarbechte fir den Tracé vun der Gare an de neie Quartier Nei-Hollerech ufänken. D'Käschte vun dësem Tracé wäerten op 29 Milliounen Euro belafen.